Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- ColorChecker Passport (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2029)


Geschrieben von micky-maus am 15.11.2014 um 18:47:

  ColorChecker Passport

Moien alleguer,

Hunn op Youtube een interessanten tutorial font iwwert den ColorChecker Passport

https://www.youtube.com/watch?v=KpkS0dmtUwM&list=UUPUnZJT1qzyFd-D3wlTDODA

Ween huet Erfahrungen domat, ann renteiert ett sech 80 Euro ze Investeieren, oder geht eng einfach Grokaart duer ?

Elo mol een merci fier all kleng Infoen hei op desem Wee....

M.b.G.: m-m



Geschrieben von BlackLizzard am 26.02.2015 um 17:50:

  RE: ColorChecker Passport

Moin, Moin,

Ech probéieren emol op dës Froo no méngem bescheidenen Wëssensstand zu äntferen.

Ech hun elo zënter e puer Deeg esou en ColorChecker Passport an hei sinn méng eischt Erfahrungen.

Den ColorChecker ersätzt definitiv kéng Grookaart. Wuel sin awer op verschiddenen Felder vum ColoChecker och ënnerscheedlech Wäissofgläich-Felder ze fannen.

En korrekten Wäissofgläich muss laut méngen Tester awer op allefall gemach gin.

Den Plugin fir Lightroom funktionéiert méi komfortabel wéi den Standalone Programm.

Einfach eng Foto mam Colochecker (vir un allem gutt siichtbar an grouss am Bild) ophuelen. Dann d' Export-Funktioun opmaachen an den Xrite Colorchecker uwielen. Dem Profile e Numm ginn an färdech ass et. Nom Erstellen vum Profile muss den LR nach eng kéier nei gestart gin.

D' Resultater sinn bei ménger Kamera (Nikon Df) an den Rout-Téin am beschten ze gesinn.

Ech muss awer och dobäi soen dass den Ennerscheed mech elo awer nët vum Hocker gerappt huet. Secherlech ass dësen kléngen Tool vir Studio-Fotografen nëtzlech vir nach déi leschten Prozent aus dem Bild eraus zehuelen.

Wann een sech awer vill deplacéiert, zum Beispiel an enger Staat oder an der Vakanz, dann gleewen ech nët dass ech déi Disziplin hätt vir op all Location en separaten Profil ze erstellen. Wann een awer gezielt op eng Plaatz geet vir do Fotoen ze maachen, dann gesäit dat awer erem anescht aus.

EDIT:

Et ass méiglech mat dem Stand-Alone Programm en Profil aus 2 Fotoen mat ënnercheedlechen Liichtkonditiounen ze erstellen. Dësen Universalprofil ass dann vir all normal Liichtkonditiounen valabel.

Et muss heizou eng Foto bei Sonnenliicht dobaussen an eng Foto bei normalem Halogen oder 60W Glühbier opgehol ginn. De Programm errechent dann aus den Informatiounen aus deene 2 Fotoen eng Faarwprofile waat dann ënner normalen Konditounen OK ass. Vir Opnahmen bei TL-Luuchten gëllt dat awer laut xRite Tutorial nët.

Domat brauch een dann nëmmen vir all Kamera-Objektiv Kombinatioun en Profile ze erstëllen.

En wirklechen Virdeel huet dësen kléngen Tool allerdings awer bei Laangzäitbeliichtungen mat z.Bsp. engem ND1000 Filter.
Wëll dës Filteren Tendenz hun d' Faarwen dach kräfteg ze beaflossen kann een hai ganz einfach a schnell Korrekturen automatesch virhuelen.
Daat ass fir mëch dann och dee gréissten Virdeel vum Colorchecker.

Fazit:

Dat Déngen ass echt nët geschénkt, ass allerdings schéin kléng an Handlech. Doriwer eraus ass niewent den Faarfpaletten och eng méi grouss Groo-Kaart integréiert.

Op engem den Ennerscheed an de Faarwen awer wierklech 98 Euro wärt ass daat muss wuel jideren selwer eraus fannen.

Bei Interesse kann ech dir verschidden Dateien per Email schécken.

LG

Jean-Marie



Geschrieben von micky-maus am 28.03.2015 um 01:17:

 

Merci villmols fier deen ausführlechen Bericht....

Vue joo daat ech een 90% Outdoor-Knipser sinn, wou ett meeschtens wibbelt, denken ech mier mol daat ett keen rischtegen Senn mecht sech esou een Checker unzeschaafen. Fier heinstoo eng Laangzaitbeliichtung ass ett awer bessi deier. (ausserdeem schaffen ech net mat ND-Filter mää ann der Owesluucht.)

Märsi nachenkeier fier Deng Äntwort..... :o)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH