Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- fleissend (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2023)
Geschrieben von marischen am 14.09.2014 um 17:29:
Salut,
Dass d'Waasser ausgesäit wéi Damp kennt doduech datt méi laang beliicht ginn ass z.b. während 10 Sekonnen. Fir dat am Daag ze maachen brauchs de e Grofilter fir vir op d'Objektiv ze schrauwen, soss wier d'Foto herno iwerbeliicht. Well ech keen Expert dora sinn an dat ganzt och net gutt erklären kann hunn ech der e Site rausgesicht wou dat ganzt relativ detailléiert beschriwen ass:
Link
Wann ee sech virdrun nach guer net matt Beliichtungszäiten an Filteren beschäftegt huet muss ee sech bessi raliesen fir dat ganzt ze verstoen. Vläicht ass hei um Site jo och nach iergendeen deen dat gutt erkläre kann :-)
LG
Marie
Geschrieben von sloopy am 14.09.2014 um 20:08:
groofilter
Ok ech soen merci an liesen mer dat dann duech
kann dat sin dass sou en groofilter em 15 € kascht?
LG, Jessi
Geschrieben von marischen am 14.09.2014 um 21:03:
RE: groofilter
Wat ech fir mäi bezuelt hat weess ech net méi, mee 15 € kéint hikommen :-)
Geschrieben von Gaga am 15.09.2014 um 11:42:
RE: groofilter
Wei emmer kritt een wat een bezillt, leider.
15€ kriss de vlt een, mais ech geif der roden bei dei Bekannten Marken ze goen wous de vlt eichter 50-80€ bezills, je no stärkt.
Huel och direkt een relatif starken, alles wei zb Waasser am Daag, muss wierklech schon extrem ofgedonkelt gin fier dats de op Zeiten iwer 10sec oä kënns, en ND3.0 as also net falsch.
Geschrieben von Johny am 15.09.2014 um 11:48:
Hat réischt viru kuerzem och iwwert d'Filtere selwer eppes geschriwwen, hei:
https://photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2019
An et ass besser bëssen méi auszeginn, wéi de Gaga sot, soss hues de herno een deen d'Qualitéit vun der Foto zimlech verschlechtert.
Geschrieben von Paul-H am 23.09.2014 um 00:22:
fleissend
Also ech hun der zwee vun Hama, en 52er an en 58er, déi waren sou em déi 40.-€ mengen ech, daat sin variabeler, d.h. Du dréis drun an kanns selwer bestemmen wéi hell oder donkel et soll sin. Wéi mat allem: Üben, üben, üben. Du schaffs mat egaal wé engem Grofilter selten mat Autofokus well et fir deen ze däischter ass fir schaarf ze stellen, Du muss also selwer schaarf stellen. Daat ass bei den variablen en Nodeel, well wanns de un den Grofilter dréien gees dann verstells de gären d'Schärft och, daat war am Ufank mäin gréissten Problem. Do brauch een Fangerspetzengefill :-)
Geschrieben von sloopy am 23.09.2014 um 12:01:
fleissend
ok merci alleguer
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH