Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Deiw zu Remerschen um Weier (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2009)


Geschrieben von Jean-Marie am 05.06.2014 um 12:21:

  Deiw zu Remerschen um Weier

Obgepasst all dei zu Remerschen Fotoen machen gin.
Gescht ass an mein Auto agebrach gin wärend ech um Weier ennerwee war.
Absolut skrupelos Fenster ageschloen an dunn ausgeraumt.
Losst also neischt am Auto leien.
D'Idioten hun esouguer mein Brout, mein Hiem, meng Jacket etc matgoengeloss.



Geschrieben von ornitho am 05.06.2014 um 15:22:

  RE: Deiw zu Remerschen um Weier

Jo kennen da och 2 dei agebrach kruten.. och Fensteren ageschloen...
Jo ass scheud, mee irgend wou keen wonner , wann en Gesait mat wat leit eweiengem Geschirr do ronderem laafen...Do gesin Deiwen dan Dollar zeechen an den Aen..



Geschrieben von Jean-Marie am 06.06.2014 um 10:18:

  RE: Deiw zu Remerschen um Weier

Ech hun elo well mat puer Leit geschwat dei mir ähnleches erzielt hun.
Wou waren dann dei 2 Abrech deis du elo erwähnt hues.
Wat ech elo geschter erzielt kritt hun ass um Parking bei der Kirch Nummeren Schelder geklaut gin fir gratis tanken ze goen an beim Restaurant ass och eng Fenster ageschloen gin.
Dat geseit jo wirklech no System aus an et wees een net mei wou en sein Auto soll parken :-(
Mein Auto geseit wirklech net aus wei dass do eppes ze klauen get.



Geschrieben von ornitho am 06.06.2014 um 15:29:

  RE: Deiw zu Remerschen um Weier

Vun Schelderklau hun Ech zwar do nix heieren...
Um Parking, net weit wouste Dommel kannst knippsen, den lanscht da Stross.

Et geht net drem obste en Decken Auto oder net heus, mee denen Deiwen ass opgefall dass Leit do mat Extrem deieren Fotoequipment ronderem lafen, an halt chance wellen notzen sech Material ennert fangeren ze krallen..
Bei dem engen wouse agebrach haten hunse mol net de Portefeuille geholl den nach dran lung, et ass hinen just em Fotogeschirr gangen..



Geschrieben von Jean-Marie am 06.06.2014 um 18:08:

  RE: Deiw zu Remerschen um Weier

Genau ob deem Parking ass et mir och geschitt.
Hat geduecht well do sou vill Traffic ass wär dat secher dat schingt dann awer net de Fall ze sin.
Also Kollegen neischt am Auto leien lossen !!!



Geschrieben von Jean-Marie am 08.06.2014 um 20:27:

  RE: Deiw zu Remerschen um Weier

Ech hat haut een gut Gespreich mat der Police.
Sie hun anscheinend immens vill Misär mat Abrech ronderem den Weier ob sämtlechen Parkplatzen direkt ronderem den Weier an sie kreichen dat obwuel sie well mei Patroullen fueren net an den Greff.
Dei eenzeg Platz wou sie gemengt hun wou et e bessen manner Riskant wär ass am Duerf selwer ze parken , dann muss een halt e bessen mei treppelen.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH