Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- Photoshop (CS6) Cours'en (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2005)


Geschrieben von dateacha am 24.05.2014 um 16:14:

  Photoshop (CS6) Cours'en

Dee message hei riicht sech un déi responsabel vum Photogen oder leit déi an der Positioun sin fiir cours'en kennen unzebidden. (déi och elo net grad 2000€ kaschten fiir 2 Deeg wéi daat vun villen entreprisen fiir entreprisen ugebueden get).
Also ech gin am Lightroom ziemlech gudd eenz, awwer Photoshop bleiwt fiir mech och mat tutorials an vill Gespills nach emmer en Buch mat 7 Sigelen, den Funktionsemfang ass einfach ze grouss, zumols d'Arbecht mat layers an masks, waat déi Software jo eigentlech eréischt interessant mescht ass ze komplex.

Wéi stin d'chance dass demnächst eng Kéier en Photoshop cours organiséiert get (mengen elo CS6, net den Elements), denken do wieren awwer bestëmmt vill user drun intresséiert. :-)

Whatsayyou?

Léiw Gréiss, Marc



Geschrieben von Metalbambi am 27.05.2014 um 11:08:

 

Ass an der Maach... Augenzwinkern



Geschrieben von dateacha am 27.05.2014 um 13:04:

 

Ma, daat ass jo tip top. Eng Iddi vleit weini daat ongefeier géng starten
an wou daat oofgehaalen géng gin oder ass et dofiir
nach ze fréih? Augenzwinkern



Geschrieben von Metalbambi am 27.05.2014 um 15:37:

 

Wéini steet nach net fest, sinn am Moment nach amgaang eng aner Aktivitéit ze plangen. Mee den WS ass dat nächst op menger To-Do-Lëscht. smile Dat ganzt wäert awer wéi bal all eis Aktivitéiten am Studio/Clubsall zu Jonglënster oflafen.



Geschrieben von Loki am 27.05.2014 um 16:25:

 

Super! Ech free mech schon! großes Grinsen



Geschrieben von dateacha am 27.05.2014 um 20:40:

 

Excellent, keep us posted then pls! M


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH