Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- apprentissage adulte (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2000)


Geschrieben von Gael am 17.04.2014 um 16:35:

  apprentissage adulte

Bonjour smile

Ech schreiwen op dësem Wee well ech net genee weess wei ech dat soss soll ugoen.

Ech sinn 31 Joer al, an sinn passionéierten Fotographe (amateur) säit etlechen Joeren. Ech wéilt mech gär als Fotograph hei am Land niddersetzen, mee et ass en geschützten Beruff (wat ech och gutt verstoen kann) an ech weess net wouhin mat mengem Latäin. Ech weess dat ech en Apprentissage adulte machen kann mee ech breischt e puer Rotschlei vun engem Professionellen. Wees iergendeen heibannen weieng Photographen hei am Land sou Formatiounen unbidden ? Wou keint ech dei Leier iwwer 3 Joër ungoen ?

Merci am viraus.

GL



Geschrieben von MarcGerard am 18.04.2014 um 13:31:

 

salut
ech hun och een apprentissage gemach, an ech hat chance dass ech bei deem éischte fotograf wou ech gefrot hat gehol gouw. am normale fall as dat vill méi ustrengend. ech giff mech emol bei der fédération des photographes mellen. kann näischt schueden Misst dat do sin...
a bei der ADEM muss de dech umellen. dat muss de herno souwisou, an et kënnt gudd, wanns de dat scho gemach hues. (ADEM: verpass keen eenzege RV, se sin nawell relativ sec gin.

an da muss de ebe sichen. mach der ee gäile portfolio, deen ee gudd presentéiere kann. du muss an dénger bewerbung an am interview beweisen dass de aarbecht gesäis, dass de flexibel mat déngem stil bas, an natiirlech dass de dat kann wats de denks dass dee fotograf am meeschte braucht. bei ville fotografe muss de och e minimum u Vente kënnen. a virun allem bereed sin et ze man. et kënnt op de beräich vum fotograf un, mee meng net dass de déi meescht zäit fotoe schéiss.

elo sichs de der en telefonsbuch, sichs der sämtlech fotografen am land eraus, a lass!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH