Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Zombie-Film (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1955)


Geschrieben von BlackPanther am 08.03.2013 um 18:02:

Daumen hoch! Zombie-Film

Hai een Video den mir mat puer Koleegen (IndyFilmsLuxembourg ASBL) produzeiert hunn...
ech selwer war bei der Scene am Atelier un der Kamera (meng 7D mat engem 35mm 1.4 Sigma Objektiv drop)

http://vimeo.com/61248658

Giff mech freen puer Meenungen dozou ze héiren...et ass nawell een Koup Arbecht soueen Projet op dBeen ze stellen... smile



Geschrieben von gi87 am 08.03.2013 um 18:21:

  RE: Zombie-Film

Fannen de Video gelongen, gesait net amateurmeisseg aus, verabeschtung , also Schnett, Farwen & Scenenwiessel ass super! Gratoulatioun zum Resultat !



Geschrieben von JADE am 09.03.2013 um 13:59:

 

ech fannen deen richteg gutt gin!

an déi 1. 15'' tiptop an och den Schluss (ech wees net wéi een déi Partien nennt), daat kënnt ganz professionnell eriwer

den Reporter och tiptop an déi "Schrëften" déi angeblend gin och (wees och hei net wéi een daat nennt)

den enchainement (?) vun den Sequenzen och ganz gelongen

d'Idee fannen ech gutt, déi gros plans vun den Zombies och gutt (beurrrk waat deen een do hues missten am Mond hun) ... ech hätt nach méi esou gros plans gewollt fir nach besser den Effekt vum Béier op déi Zombies ze gesin

just eppes waat mech "stéiert" (wann een esou kann nennen?) d'Musék déi weiderleeft wann den Reporter schwätzt, daat passt nët fannen ech
ech verstin awer dass een cut vun der musék nët deen selweschten Effekt huet, ët kéint een den Reportage zB op enger Tele/op engem Ecran weisen (genre an enger Bar oder an engem Salon) an dann géif ët mech guer nët méi esou stéieren wann d'Musék weiderleeft


waat seet Heineken dozou?
villäicht géif daat se esouguer interesséieren an dir kritt den Budget fir ët nach eng Kéier ze machen an matt nach méi Effekter

mee TIPTOP esou, fannen och, dass en net amateurhaft eriwerkënnt smile



Geschrieben von RisingTowers am 16.04.2014 um 12:17:

  RE: Zombie-Film

Bahahaha.... geil... BUT:
rule nr. 1: CARDIO!!!
Doesn't go well with beer...
rule nr.2: DOUBLE-TAP!
xD


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH