Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Photoshop Projet VI (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1917)


Geschrieben von alex am 21.10.2012 um 10:40:

 

den fichier ass bei mir...



Geschrieben von chrisykris am 21.10.2012 um 11:40:

  En attendant...

Während ech gespaant sinn wéi eng Wäschlénkt op d'Resultat, wollt ech éichtens emol soen, dass et mir immens vill Spaass gemaach huet an ech d'Iddee wierklech genial fannen an mer kéint virstellen méi oft un sou eppes ze fréckelen.
Zweetens, wollt ech nofroen, ob et e speziellen Sënn huet, dass mer eng psd-datei weiderreechen?
Ech hu mech nämlech gefroot, ob et net méi einfach wier, an och méi dem Geescht vun dem Ganzen entspriechend, wann mer eng jpg-Datei all Kéiers weider géingen reechen. Well et soll jo u sech net drëm goen, un déi eenzel Layer vum Virgänger spillen ze goen, mee eppes ganz neies mat eran ze bréngen!? Dat géing an engems d'Weiderreechen u sech och méi einfach maachen, well d'Gréisst vun der Datei em sou munches méi kleng wier.



Geschrieben von Paul-W am 21.10.2012 um 12:22:

smile RE: En attendant...

Hallo Chisykris,

Gespaant op d'Resultat sinn ech och (wei éen Prëbeli)

D'Saach mat der JPG hued menger Meenung no Virdeeler awer och Nodeeler !

Ech mengen d'Qualiteit vum Konschtwierk geiw durch dat dauernd lueden an fresch komprimeiren leiden an Verschiddenees wier mei komplizeiert ze réaliseiren.
Mee egal wei, och mat enger .JPG datei geiw ech nach émol matmaachen smile



Geschrieben von Metalbambi am 21.10.2012 um 14:54:

 

Wéi schonn gesot géif d'Qualitéit béis ënner dem permanenten Kompriméieren bei der Speicherung leiden. Ofgesinn dovunner hues de mat engem jpg net méi déi Méiglechkeeten vir ze verschaffen. U sech ginn do all ähnlech Pixel an engem Beräich norméiert an dann einfach sou gespeichert. D.h. an engem hellen Deel gëtt einfach alles als wäiss gespeichert an déi läscht Textur wou do awer nach vläicht dran war ass weg. Wanns de awer lo wëlls dat ganzt Bild méi däischter maachen bleift do en groen Fleck, amplaz dat déi ursprünglech Textur nees raus kënnt. Am jpg verléiers de och Hellëgkeetsinfo wells de net am 16bit schaffen kanns. Dann kriss de vill méi séier z.B. sou komesch Ränner an en Hellegkeetsgradient wéi en bloen Himmel.

An dann hues de eben nach en Virdeel dats de vill méi propper schaffen kanns, wanns de nach all déi Layeren dran hues. Wann ech lo z.B. en Objet an d'Bild setzen an virdrun schonn eng Textur dran war, kann ech mäin Objet propper hannert d'Textur setzen an dat ganzt gesäit propper aus.



Geschrieben von chrisykris am 21.10.2012 um 21:40:

  ok...

...dat sinn natierlech Argumenter déi d'Saach ganz kloer maachen. Ech hat dat alles net mat a Betruecht geholl. Et léiert een all Dag bäi!
Merci dir 2!



Geschrieben von MarcGerard am 22.10.2012 um 08:00:

 

dat as flott, wann de projet spass mecht!
mär widderhuelen dee jo onregelméisseg Augenzwinkern



Geschrieben von MarcGerard am 23.10.2012 um 13:32:

 

sou alex, wéi as dat? smile



Geschrieben von alex am 08.11.2012 um 14:48:

 

hun dem Schluck den fichier gin...



Geschrieben von gogo am 08.11.2012 um 21:28:

 

di naechste Kéier well ech och matmachen! großes Grinsen



Geschrieben von alex am 09.11.2012 um 10:29:

 

Gogo, den Projet ass jo nach nët oofgeschloss, an den Schluck huet en lo just vun mir kritt, well ech schlussendlech keng Zeit kréien drun ze schaffen, fro mol den MarcGerard ob's du fir mech kanns "asprangen" ;-)



Geschrieben von Gaga am 09.11.2012 um 13:26:

 

Ob allefall get et dei nàchsten Keier eng Deathline fier all Mensch ! smile



Geschrieben von MarcGerard am 09.11.2012 um 14:55:

 

jo, gogo, schreiw einfach dem schluck dass en d'bild un dech weiderschécke soll. mär as et egal, ech well nemmen dass dee leschte weess dass en dee leschten as. fir dass et "fäerdech" ausgesäit an net "ech hat gemengt do giff nach een drukommen"....
gell? smile



Geschrieben von Gaga am 13.11.2012 um 22:04:

 

Ech well jo net nerwen, mais wou sin mer drun ???
großes Grinsen



Geschrieben von Paul-W am 13.11.2012 um 22:40:

 

Majaa - sinn och fuerwëtzeg !



Geschrieben von MarcGerard am 14.11.2012 um 08:22:

 

theoretesch si mer beim schluck. dee krut se vum alex



Geschrieben von suraki am 14.11.2012 um 23:10:

 

dat schléeeeeeeft jo richteg hei Augenzwinkern



Geschrieben von MarcGerard am 15.11.2012 um 08:41:

 

jo, ech mengen ech huelen de schluck mol bei der nues... oder bei sénger mähne smile



Geschrieben von MarcGerard am 15.11.2012 um 13:59:

 

de schluck léisst sech nach e bessen entschëllegen. wann heen den owend net dozou kënnt, da get en de projet u mech weider, da man ech mol engkéier de schluss! Zunge raus



Geschrieben von gogo am 15.11.2012 um 14:27:

 

Salut,
hu lo grad de fichier vum Schluck kruut.



Geschrieben von MarcGerard am 15.11.2012 um 16:10:

 

hei tiens. maja, da geff gas! smile an dann as schluss. schéck se zum schluss u mech wanns de wells


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH