Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- mei laang beliichten (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1868)


Geschrieben von Michelp88 am 02.02.2012 um 20:16:

  mei laang beliichten

salut

ech wollt froen op ech mat menger canon 350d och iergentwei meilaang kan belichten wei dei 30 sekonnen dei ech sou als maximal auswielen kann.
falls et eng meiglechkeet get geef ech mech driwer freen

michel



Geschrieben von Johny am 02.02.2012 um 20:41:

 

Jo, all DSLR misst och den "bulb" hunn, dee kënnt nach no den 30s als Optioun, do beliicht heen esou laang wéi s du den Ausléiser drécks. Vu dass dat awer eng kriddlech saach ass, ass et hei ëmmer unzeroden eng Fernsteierung oder Kabelausléiser ze benotzen, fir dass een d'Foto net verwackelt duerch d'Drécken smile



Geschrieben von backrom am 02.02.2012 um 21:37:

  RE: mei laang beliichten

google mol no chdk vun Canon . Dat ass eng Art add-on zur firmeware an bid der vill weider Meigelechkeeten. Mee pass op, dei 30 Sekonen sinn oft als Limit agestallt fir en Iwerhetzen vum Sensor (an e meigelechen Schued) ze vermeiden



Geschrieben von spako am 05.02.2012 um 20:23:

  RE: mei laang beliichten

wann ech mech ricghteg erenneren muss de bei der 350D beim BULB den Fanger soulaang um AUsleisser losse weis de knippse wells wat jo dann zu verwackelte Fotoe feiert.. ech hat mer deemols eng fernsteierung kaaf wou een den Ausleieser dann drun konnt blockeieren an dann mat enger Stopauer Zait konnt iwwerwaachen... huet gudd geklappt fir mech



Geschrieben von Michelp88 am 05.02.2012 um 21:33:

 

ok, merci hun et lo mol fonnt an waert dan bessen ausprobeieren.
jo hun eng fernbedingung wou ech dan mus drecken fir ze starten an nach eemol fir opzehaalen, domat misst et dan goen.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH