Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=31)
--- Wanterbotz (Editing) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1857)


Geschrieben von gloda am 29.12.2011 um 13:10:

Lampe Wanterbotz (Editing)

Ech sinn der Meenung dass eng vun de wichtegste Kompetenzen déi e Fotograf léiere kann den Editing ass. Et muss ee kënnen decidéiere wéi eng Foto gewise gëtt a wéi eng 99 an den Dreckseemer fléien.
An deem Sënn wäert ech demnächst eemol duerch meng Galerie botze goen. Déi Fotoe wou am mannste Reaktioune krute fléien. Wann der wëllt kënnt der jo nach eemol viru Silvester derduerch stöbere goen.



Geschrieben von Gibbes am 30.12.2011 um 11:03:

  RE: Wanterbotz (Editing)

Waat sin dann dei Haaptkriterien oder Regelen op dei een muss oppassen. Ass et dann richteg dei Fotoen ze läschen dei dei mannsten Reaktiounen kruuten, et kann jo awer sin dass eng Foto dei mir guer net gefällt dir awwer super gefällt-



Geschrieben von gogo am 30.12.2011 um 12:40:

 

Merci fir d'Warnung,

hu mer deng komplett Gallerie nach eng Kéier rangezunn, ech hoffen du botz net zevill Augenzwinkern



Geschrieben von VeloBen am 30.12.2011 um 23:22:

 

Fannen daat awer keng gudd Idee ze sortéieren wou déi meescht/mannsten Public sech (net emmer objektif an wertvoll expriméiert).

Daat ass wéi wann een Arbiter am Foussballl just nom Gebirels vum Public no enger Actioun géiff entscheeden. Den Public huet lang net emmer Recht.

Ech war deng Biller nach virun Deeg (zoufälleg) kucken.

Loss d'Biller dran wéi se sin. Et ass och eng interessant Chronik wéiss du dech iwer Joeren weiderentweckelt hues. I like it !



Geschrieben von gloda am 31.12.2011 um 10:38:

 

Déi Biller déi mir gutt gefale bleiwen drann. Et sinn éischter déi un deene mer net (méi) vill läit an déi net vill Reaktioune kruten déi fort kommen.
D'Botzen ass awer néideg, dat kënnt der e bëssen vergläiche mam Effekt wann een eppes wéi en Dia Owend mécht an d'Leit mat 200 Fotoen aschléifert.



Geschrieben von Johny am 31.12.2011 um 10:58:

 

Vu dass PG alleng dofir geduecht ass fir iwwert d'Fotoen ze diskutéieren an bäi ze léieren, an net fir e Portfolio ze weisen, gesinn ech net an wisou dat sollt néideg sinn smile Trotzdem raumen ech och heiansdo, awer dann éischter dat war mir perséinlech net méi gefällt, ech ginn do net no de Reaktioune vun de Leit.



Geschrieben von VeloBen am 31.12.2011 um 13:03:

 

Et ass deng Entscheedung.

Ech fannen et just schued.

Wann bei enger Foto 10 Lait schreiwen : "Ohh wéi schéin..blabla.."an bei enger anerer Foto just een eenzegen eng "deftig" awer detailléiert Kritik schreift. Wéi entscheeds de dann ?



Geschrieben von gloda am 31.12.2011 um 17:52:

 

Hei sinn déi wou fort kommen.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=2955 Langweileg.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=12087 Kitscheg.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=20967 Banal.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=23568 Langweileg.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=25872 Oninteressant.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=32637 Déi wou se wollte gesinn hunn se gesinn.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=33637 Meh.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=34339 Fuerchtbar Foto.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=34386 Gefält mer net.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=34619 Belanglos.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=35224 Huet keen interesséiert.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=35962 Bof.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=36950 Gefält mer net méi.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=37828 Banal.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=38202 Schlecht.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=38234 Huet keen interesséiert.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=38320 Banal.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=38719 Schlecht.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=40454 Langweileg.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=40477 Bof.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=43072 Banal.
http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=44430 Touristefoto.

Also manner wéi 10% vun deem wat ech drop hunn. Ech mengen déi do wärt kee vermëssen.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH