Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Hëllef um Portal oder am Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=20)
--- Sony SLT A77 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1823)


Geschrieben von gunman am 08.10.2011 um 09:16:

  Sony SLT A77

Well ech mir déi Kamera wollt kafen (ech maachen mettlerweil méi Video wéi Photoen) hun ech e bessen am Netz gesicht an sinn hei op deen Link gestouss, wou an enger super Qualitéit d'Basisfunktiounen vun der Kamera erklärt ginn.
Och den 2ten Deel an en puer aaner Videoen iwert déi Kamera (Autofocus -Sucher) kann een do kucken.
Vielleicht interesséiert et jo och nach een aaneren User.
Wier och gespaant ze liesen waat dir dovun haalt ?
Hei ass den Link:

http://www.youtube.com/watch?v=YnnEpSikNj0&feature=mfu_in_order&list=UL



Geschrieben von Metalbambi am 08.10.2011 um 19:59:

 

Ech hoffen nach ëmmer naiv op en DSLR-Nofolger vir d'A700, oder d'A900. Mee ech fäerten ganz dat bleift eng naiv Hoffnung...

D'Spezifikatiounen sinn awer gäil, dat muss ech zou ginn. Sinn mol gespaant wéi d'Rauschverhalen (ouni déi intern Reduction) ass, an wéi sech den Sucher am Alldag mëscht. Muss mer iergendwou eng organiséieren vir ze testen.



Geschrieben von gunman am 09.10.2011 um 23:01:

 

Jo, ech sin och op der Sich fier eng ze fannen an an den Grapp ze huelen.
Wanns Du eng Plaatz wees wou eng ass, kanns Du mir et jo vielleicht och soen.
Merci emol am viraus.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH