Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Hëllef um Portal oder am Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=20)
--- Viirdeel oder keen Viirdeel ? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1822)


Geschrieben von Johny am 06.10.2011 um 14:07:

 

A wann ech dir wéilt äntweren op deng Provokatiounen, bräichs du méi Nerven Zunge raus (an wir net méi optimal fir et ëffentlech ze schreiwen)

Jo mir sinn eis do eens, mä dat ass halt d' Weiderentwécklung vun der Zäit, an dësem Fall bezunn op d'Leit déi involvéiert sinn.

Näischt ass fir d'Eiwechkeet Zunge raus



Geschrieben von Nagarjuna am 06.10.2011 um 15:00:

 

Pfff.... elo hat ech mol erëm een risegen Kommentar geschriwwen an hunn en geläscht. Et huet dach keen Wäert. Wéi den Johny schon seet.... Et ass den Zäitgeescht den dozou gefouert huet wou d'Fotografie elo ass. Et kann een net alles an een Dëppen geheien, awer et fehlt just nach den "Like"-Button an alles ass perfekt. Fir vill Leit ass d'Fotografie just nach eng Fro vun Ego an net méi vun Konscht.



Geschrieben von Nicon07 am 06.10.2011 um 18:43:

 

Ouni lo op d'Quinteszenz vun desem Threat zréckzekommen, déi ass distilléiert an dowéisnt ausdiskutéiert. Mais dem Nagarjuna séng Remarque, déi ech ënnerschreiwen, huet a ménge Gedanken ee Querverweis ausgeléist: Ass net d'Fotografie do, wou mir se haut gesin a fannen mat deenen Egoen asw... net di logesch Konsequenz vun der digitaler Fotografie mat all hire Méigléchkeeten, déi et eis alleguerten erlaabt, 1. onendléch vill ze knipsen (farwéch 01 Bitfolge si bëllech a séier op eng Kaard geschriwen); 2. dat Geknips och nach ze manipuléieren (EBV, HDR, DRI, PSE a wéi déi magesch Helferlein nach all heeschen) an dowéinst eis dann (virwat net och vun Zäit zu Zäit zu recht mat Houfer) allegeruten zu Künstler mutéiere léisst, déi mir sou net wieren, wa mir nach missten 36-Biller-Filmer beliichten a fir deier Suen op Pabeier maache loossen an engem Minilab (oder fir déi, déi et kënnen selwer an enger Dunkelkammer beliichten)


Bis dann, Nico



Geschrieben von xaph32 am 06.10.2011 um 19:42:

 

dach ech denken schon, déi meeschten saachen gin jo och nët méi op pabeier gemeet, dorunner stoussen ech mëch och, well et ass einfach nëmmen genial eng schéin foto op pabeier ze kucken, an sou sin och d'workflowen. ech denken den digitalen fotograf den print steet dem analogen an naischt no, well se béid mussen soignéiert schaffen, ech maan iwregens ëmmer méi matt film an mierken dass prinzipiell meng ganz approche sëch ännert och am digitalen beraich. ech ënnerschreiwen 100% wat's de hei sees.

eppes aaneschters ass mer opgefall, dass vill leit matt den digicams drop lass balleren wéi am wilden westen an sëch soen, eng ass schon dobai, me leider ass meeschtens trotzdem keng dobai. et hëlleft alles naischt, et muss een sëch konzentréiren an dan ass et meeschtens matt 3 biller gedoen. me soit, jiddereen muss d'erfahrung selwer maan soss bleift et theorie



Geschrieben von Nicon07 am 06.10.2011 um 19:58:

 

Genau sou! Iwwregens printen ech och vil vu ménge Fotoen heiheem mat méngem Epson 3800 op deiere Pabeier, do iwwerleeën ech och laang, wéi ech de Workflow ugin a wéi ee Resultat ech fir den Outprint wëll hun. Dat drop lass balleren ass mir och schon opgefall, mais net nëmmen dat... Och Telezoomer a Kombinatioun mat héichopléisende Sensoren a Rauschënnerdréckung verleede munech Leit derzou, aus der Distanz "Noopnaamen" ze maachen. Et ass dach sou einfach, aus enger Foto, déi bal 4000 Pixel breed ass, een Ausschnët zu 800 px als ee Schoss vu matzendran ze verkaafen...

Sou, mais dat huet awer elo näischt mi mam eigentléche Sujet hei ze din, an dofir haalen ech och mat dëse Gedanken hei op.

Bis dann, Nico



Geschrieben von xaph32 am 06.10.2011 um 20:07:

 

na ja, mir sin nach no um sujet, freet mëch awer ze wëssen dass ech nët den eenzegen sin den sou maniac ass ;-)

vive d'festbrennwaiten etc



Geschrieben von _MiAmI_ am 06.10.2011 um 20:31:

 

interessant ze liesen Aer Zeilen....
Wann ech na eppes zou fuegen derf, sin och keen Frend vun drop lass "balleren". Der Biller fannen ech perseinlech, gesin ech da gench alldaag hei.
Mee bon....



Geschrieben von crici am 10.10.2011 um 19:40:

 

Also ech eierlech gesoot kuken net op den Auteur bei der Wochenfoto, ech huelen wirklech dei dei mir am beschten gefällt, och wann et heiansdo schweier ass sech techt 2-3 ze entscheeden, mee dann iwwerleenen ech einfach soulaang bis ech mech fir eng entscheeden...

sou maachen ech daat Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH