Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Fro fir d'Moderatoren (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1776)


Geschrieben von Maimonides am 24.05.2011 um 21:42:

 

PG (net de Site) brauch sech iwwerhaapt net unzepassen. De Club, a.s.b.l., etc, huet Statuten. An un déi muss een sech halen, wann een dann kotiséiert huet.



Geschrieben von Johny am 24.05.2011 um 21:45:

 

Et gëtt keng grozon. Wiren d'statuten op de site ze bezéien, misst jo och all user member sinn ... respektiv da keinte mer soen de site ass zou fir jiddereen den net bezillt. well een den net bezillt muss sech jo dann och un keng statuten halen als member.



Geschrieben von Schluck am 24.05.2011 um 21:48:

 

Virwaat mach der net emol een Poll oder Ëmfro wat d'Leit/Useren, Memberen gudd fannen, wat nët an eventuel Verbesserungsfirschléi ... Daat wier mol eppes fir d'Kommunikatioun an dann geif der gesinn vivill Leit zefridden sinn, vivill nët, an mat wat se nët zefrridden sinn.



Geschrieben von Johny am 24.05.2011 um 21:51:

 

Jiddereen kann zu all Zäit seng Kritiken, Verbesserungsvirschléi gäeren am Forum schreiwen, mer hu jo en extraen Beräich dofir.

Mee esou Emfroen sinn dann zimlech verfälscht, well een ëmmer dat negativt erwähnt, an seelen dat positivt. An dann gesäit et herno aus wéiwann nëmmen negatives do wier, wat och net wierklech engem weiderhëlleft.

Spezifesch iwwert den Aktivéirungsystem do hu mer jo schonn an aneren Threads diskutéiert, an wéi ech jo scho geschriwwen hun bei der Foto um Site, do si mer kuerz éiert déi gewënschten Besserungen och online kommen. Et ass also net esou dass mer mat zouenen Ouren rondrem lafen smile



Geschrieben von Maimonides am 24.05.2011 um 21:54:

 

D'Statuten sinn awer net op de Site ze bezéien.



Geschrieben von Johny am 24.05.2011 um 21:59:

 

Rischtisch



Geschrieben von Mika am 25.05.2011 um 10:27:

 

@Schluck, kuck einfach mol de Rapport wéivill Léit Fotoen roplueden an dann déi, déi an de Forum meckeren kommen, mengen da kannste dir all Poll erspueren smile
Photogen ass secherlech nitt perfekt als Internetsite, mee et gesäit een awer oft kleng Verbesserungen, den Johny ass eigentlech och bereed zur Diskussioun, mee jo, wéi schon x Mol gesoot, photogen huet een Konzept, an Leit deenen daat Konzept guer nitt passt, brauchen nitt ze kommen an probéieren alles emzerappen, mee sollen sech eppes sichen, waat hinnen gefällt!
Ech verstinn de Johny zimlech gudd, wou mir deemols ugefaang hunn eis Schülerzeitung opzebauen hu mir d'Konzept elendeg laang duerchdiskutéiert. Wou dat bis stung, hu mir un den Detailer geschafft. Du sinn puer nei Leit derbäi komm, déi wollten matschréiwen. An däer éischter Versammlung hu si sech fuerchtbar de Batti gestallt, waat dee ganze Schäiss soll, waat mir ee Konzept hätten, mir missten hei mir missten daat maachen. Fir si wäer den Zuch awer dunn schon fortgefuer a si sinn no enger Stonn rem fräiwelleg gaang... ech mengen daat hei ass zimlech vergläichbar, si hätten eis deemols kéinten hellefen un den Detailer ze schaffen, mee wann d'Grondgerüst bis steet, gees du nitt dru seeen...



Geschrieben von Schluck am 25.05.2011 um 10:49:

 

Zitat:
kuck einfach mol de Rapport wéi vill Léit Fotoen roplueden an dann déi, déi an de Forum meckeren kommen, mengen da kannste dir all Poll erspueren


Verstitt mech hei nët falsch, ech fannen PG immens flott soss wier ech nët hei, ech hun mer och schon d'Alternativen ungekuckt an hun och näischt besseres fonnt.

Wat mir awer opfält ass dass sech immens fill Leit PG den Réck dréinen wann se bis eng Zaitchen hei woaren, virun allem déi gudd wëll se ëss genuch hun "ewei Blanien" behandelt ze ginn an eng Photo mat engem däämlechen Message refuseiert kreien. Ech mengen nët dass ët denen Léit ëm dei eenzel Photo geet mais ëm den Prinzip (Intransparenz vum System, een System wou dei eng mei gleich sinn ewei dei anner)

Ech sinn nët der Meenung dass sou een Poll fir näischt wier , wëll villeicht och net jiddereen sech traut seng Meenung ze soen ... an Meenung soen hëcht jo net onbedingt meckeren.



Geschrieben von Metalbambi am 25.05.2011 um 11:00:

 

Also wanns de nach regelméisseg Fotoen refuséiert kriss, dann bass de net gutt, mee du häls dech nëmmen derfir, sorry. Ausnahmen bestätegen d'Regel: Sou Leit wéi den Vito déi mol heiansdo eng Foto rop lueden wëllen déi ze vill weist vir PG-Verhältnisser ass nach eng aner Saach...

An wéi schon gesot gouf, déi meescht 'gutt' sinn fräi geschalt, an duerchlafen sou egal wéi keng Kontroll méi.



Geschrieben von Schluck am 25.05.2011 um 11:13:

 

Zitat:
Original von Metalbambi
Also wanns de nach regelméisseg Fotoen refuséiert kriss, dann bass de net gutt, mee du häls dech nëmmen derfir, sorry. Ausnahmen bestätegen d'Regel: Sou Leit wéi den Vito déi mol heiansdo eng Foto rop lueden wëllen déi ze vill weist vir PG-Verhältnisser ass nach eng aner Saach...


Hmm... wisou muss en sech fir gudd haalen wann een hei ee Bild publizeiert ... ech hun geduercht géif drëms goën fir eppes baizeléieren an fi Spass un der Photographie ze hun.


Ech hun sait dem ech hei sinn zwou Photoën refuseiert kritt mam üblechen Message, an dat den selwëchten Weekend ... déi eischt woar nët sou dat an ët woar absolut richteg ... mais dei zweet woar dei hei:



Sie huet zwee Favoriten an woar durno an der Wochenofstëmmung; ech hun se ee puer Stonnen drop nach eng keier eropgelueden mat annerem Titel awer un der Foto näischt verännert an hei do ass se ungeholl ginn. Wei kann dat dann sinn ?

Zitat:
An wéi schon gesot gouf, déi meescht 'gutt' sinn fräi geschalt, an duerchlafen sou egal wéi keng Kontroll méi.

Jo .. dat heescht jo dann dass ech nët gudd sinn an vill anner dei super Biller machen och nët. An och een den gudd ass an fräigeschalt ass kann mol ee Bild eroplueden wat net sou dat ass.

Den Johny huet mer och schon drob geäntwert, hun dat just hei nach eng keirer beigesaat fir dem Metalbambi ze weisen das ët nët ëmmer gerechtfaerdegt ass an den System gët jo souwisou gännert also woar do jo awer effektiv een Problem.

Zitat:
Wann jiddereen esou sollt denke wéi s du, verstinn ech d'Opregung vu verschiddene Leit net, elo wou mer esou kuerz virum neien System stinn deen folgendes mat sech bréngt: 1. Fest Riichtlinnen déi een direkt vun Ufank un kann liesen, an wann eng Foto net ugeholl gëtt ass et sécher eng dovun déi net zoutrëfft. zousätzlech kritt de user Virschléi wéi en et kann besser maachen. Dat ass dat wat am meeschte gewollt gouf vun de User. 2. dass net een alleng décidéiert, well do geschéien extrem séier Feeler an vill zevill subjektiv Bewärtungen. Et muss op manst en zweete vun eis mat ofstëmmen.

Fro mech net wisou ee sollt deng Foto refuséiert hunn. Mee dat ass de Problem wann een alleng kann doriwwer entscheeden: Déi eng hunn näischt fir Makrofotoen iwwreg an déi aner hunn Sportfotoen guer net gäer, anerer erëm erkennen eng Dokumentarfoto net... Dofir hu mer et jo och dann geännert.



Geschrieben von mmphotos am 25.05.2011 um 11:35:

 

@Schluck: Dei doten Foto hätt ech effektiv och aktiveiert. Mee et mecht een eeben heinsdo Fehler, wann zb 10 top Fotoen am aktiveierungs System sin, dann fällt eng Mettel direkt negativ ob. Wann nemmen schrott do as fällt dei Mettel als gudd ob...! Et as effektiv heinsdo net fair...mee ech mengen den Johny huet et jo lo oft genuch gesoot, deen neien System, mat 2 Stemmen steet an den Startläscher.

An daat dass "all dei gudd gin" as een Phenomen deen et Seit den eichten Deeg hei ob Photogen get. Laang ier dier all Heiwaart, ier et eng WochenFoto gouf, ier et Favoriten gouf an firun allem ier et deen Aktiveirungssystem gouf! An et sin der ganz ganz vill dei extrem gudd Saachen gemaach hun an nie mei hei ze gesin sin.

Ech mengen dass daat eichter un der Idee hannert PG Leit, een Site fier engem eppes beizebrengen...iegentwann huet een deen Punkt ereegt wou een mat ausnahm vun "flott Foto" net mei vill zu sengen Fotoen geschriww kritt (ausser et huet een seng kleng Clique an schreiwt sech dann do gleckwënch, an mecht een klengen chat ob) an daat as dann den Punkt wou vill Leit een aaneren Site sichen, fleit een wou mei Leit sin, wou een besser/aanecht kritiseiert get, oder einfach nemmen een Portfolio Site.

Dofier denken ech mer dass den Fakt dass vill "gudder" PG den Reckdreinen NET um Aktiveirungssystem Leit.


(an daat heecht dann och dass ech keen gudden Fotograf sin, well sin schliesslech nach emmer hei großes Grinsen )



Geschrieben von Schluck am 25.05.2011 um 11:46:

 

Zitat:
(an daat heecht dann och dass ech keen gudden Fotograf sin, well sin schliesslech nach emmer hei großes Grinsen )


Vill ass nët all ;-)

Zitat:
Ech mengen dass daat eichter un der Idee hannert PG Leit, een Site fier engem eppes beizebrengen...iegentwann huet een deen Punkt ereegt wou een mat ausnahm vun "flott Foto" net mei vill zu sengen Fotoen geschriww kritt (ausser et huet een seng kleng Clique an schreiwt sech dann do gleckwënch, an mecht een klengen chat ob) an daat as dann den Punkt wou vill Leit een aaneren Site sichen, fleit een wou mei Leit sin, wou een besser/aanecht kritiseiert get, oder einfach nemmen een Portfolio Site.


Do ginn ech der och 100% recht ... dat ass eppes wat mech och nervt ... ech hätt leiwer d'geif een mer schreiwen wat ech nach besser keint machen.



Geschrieben von Johny am 25.05.2011 um 11:53:

 

Merci Schluck fir d'Zitat vu mengem Text, da brauch ech dat net nach eng Keier ze schreiwen hei smile

Dass vill gudder de Réck dréinen läit indirekt um Aktivéirungssystem: Si fillen sech entweder perséinlech ugegraff oder wëllen et net wouer hunn mussen duerch eng Kontroll well si mengen si bräichten dat net.

Esou Poll gesinn ech dann éischter, fir en anstännegt Resultat ze hunn als eng real-life Diskussioun well soss gëtt rem wei laang geschwat wou herno just eraus kënnt dass den een vlaicht eppes falsch opgeholl huet. An ech sot jo nach um site bei der Foto, ech hätt kee Problem mech do zesummen ze sëtzen mat User, just wann do den Interessi genee esou grouss ass wéi bei der AG ... :/

Et huet kee gesot dass ee muss gutt sinn, de Metalbambi hat dat bezunn op d' fräigeschalt ginn well dat jo just gemaach gëtt wann een net nach regelméisseg eng Foto refuséiert kritt. An fir dass ee fräigeschalt gëtt, muss een awer e bestëmmten Niveau hunn, denken do kann keen widderspriechen smile

Et ass och kee System wou déi eng méi gläich sinn wéi anerer: theoretesch kéint ech mat mengen 2 Admins de Site ganz alleng managen. Ech huelen awer de ganze Comité fir dat ze maachen, fir besser Resultater ze erreechen an fir et méi fair ze maachen. De Comité ass opgebaut aus Leit déi sech fräiwëlleg mellen an am Zweiwelsfall gewielt ginn (wann den max vun Memberen erreecht soll sinn), alles demokratesch opgebaut. Just déi Leit déi dann e puer Fotoen net ugeholl kréien, déi gesinn et als esou ee System, an dat just well et net leeft wéi si perséinlech mengen dass et misst lafen, wat en egoïstesche Gedanken ass.



Geschrieben von Metalbambi am 25.05.2011 um 14:50:

 

Zitat:
Original von Schluck
Hmm... wisou muss en sech fir gudd haalen wann een hei ee Bild publizeiert ... ech hun geduercht géif drëms goën fir eppes baizeléieren an fir Spass un der Photographie ze hun.


Dat do ass keng äntwert op mäin Kommentar, huet mol näischt mat der Diskussioun ze dinn...

Du hues am Kommentar virdrun geschriwwen dat denger Meenung no vill gutt Fotografen PG den Réck dréinen, well se nach ëmmer Fotoen ouni realistesch Begrënnung refuséiert kréien. Meng Äntwert dorobber war eben dat déi Leit, wann se nach ëmmer an oft Fotoen refuséiert kréien, net gutt sinn, mee sech just vir gutt halen.
Leider sinn vill Leit eben net zu Selbstkritik fäeg, an mengen zimlech schnell wat se wieren. Wann een souer dann mat der Realitéit konfrontéiert, hei an Form vun enger refuséierter Foto, acceptéieren se dat net, mee klappen um System an op deenen rondrëm wou aktivéieren. Sou leeft et net nëmmen hei, mee iwwerall, an all Klub, an all Federatioun, an all Firma... wann ech den Examen net packen ass et net well ech hei Kommentarer geschriwwen hunn amplaz ze léieren, mee well meng Proffen mech net gutt virbereet hunn... Augenzwinkern



Geschrieben von Schluck am 25.05.2011 um 15:35:

 

Zitat:
wann se nach ëmmer an oft Fotoen refuséiert kréien, net gutt sinn, mee sech just vir gutt halen. Leider sinn vill Leit eben net zu Selbstkritik fäeg, an mengen zimlech schnell wat se wieren. Wann een souer dann mat der Realitéit konfrontéiert, hei an Form vun enger refuséierter Foto, acceptéieren se dat net, mee klappen um System an op deenen rondrëm wou aktivéieren.


Moment, mir schwaetzen hei vun Léit mat Joëren Erfahrung, internationalen Mentiounen an nët vun Unfänger ewei ech .... ech hun mein Bild just als Beispill gehol fir ze weisen wei kommech den System hei ass. Ech hun bis elo eng (well dei uewen ass jo herno accepteiert gin) refuseiert kritt an déi anner hun ech jo geschriwwen dass se nët sou dat woar an dass ët richteg woar se ze refuseieren



Geschrieben von Mika am 25.05.2011 um 15:56:

 

Di beschten Fotografen, déi ech kennen, sinn meeschtens nitt zefridden mat hieren Fotoen... Augenzwinkern Daat villäicht als klengen Denkustouss. Sécher, du kanns well vill Concours'en gewonn hunn, an der Know-How iwwert Joeren ugeléiert hunn...mee ee Künstler muss sech emmer selwer am beschten kennen kritiséieren, fir sech weiderzeentweckelen (den Dieter Bohlen schréiwt mat 3 Akkorder 50 Lidder, dei op mannst Platz 10 an den Charts kréien, awer musikalesch wertvoll, nennen ech Lidder vun Pink Floyd an nitt vun him ;-))



Geschrieben von Schluck am 25.05.2011 um 16:21:

 

Jo, an weder den Bohlen, nach Pink Floyd geif sech vun "Onbekannten" jugéieren loosen.



Geschrieben von meckerfritz am 25.05.2011 um 17:01:

 

An daat dass "all dei gudd gin" as een Phenomen deen et Seit den eichten Deeg hei ob Photogen get. Laang ier dier all Heiwaart, ier et eng WochenFoto gouf, ier et Favoriten gouf an firun allem ier et deen Aktiveirungssystem gouf! An et sin der ganz ganz vill dei extrem gudd Saachen gemaach hun an nie mei hei ze gesin sin. Ech mengen dass daat eichter un der Idee hannert PG Leit, een Site fier engem eppes beizebrengen...iegentwann huet een deen Punkt ereegt wou een mat ausnahm vun "flott Foto" net mei vill zu sengen Fotoen geschriww kritt (ausser et huet een seng kleng Clique an schreiwt sech dann do gleckwënch, an mecht een klengen chat ob) an daat as dann den Punkt wou vill Leit een aaneren Site sichen, fleit een wou mei Leit sin, wou een besser/aanecht kritiseiert get, oder einfach nemmen een Portfolio Site.

... ...

Du hues am Kommentar virdrun geschriwwen dat denger Meenung no vill gutt Fotografen PG den Réck dréinen, well se nach ëmmer Fotoen ouni realistesch Begrënnung refuséiert kréien.


Bei mier war et eng Mëschung vun deenen 2 Aussoen.



Geschrieben von DarkRoom am 25.05.2011 um 17:10:

 

mol ganz allgemeng gefroot - an w.e.g. net stengegen falls dei Fro schon iergendwou beäntwert gin ass & ech se iwwerlies hun :

wiesou gett iwwerhaapt eng "Zensur" gemeet ?
wiesou soll net jidfereen ouni Zensur seng Biller eroplueden kennen ?
wiesou soll ech net kennen eng Foto eroplueden dei absolut "schrotteg" ass ?

mier sin jo alleguerten - oder weinstens vill - och hei fier eppes bäi ze léieren, an net nemmen fier emmer erem op d'Scheller geklappt ze kreien, nom Motto : hues de erem fein gemaach !

wann meng Foto näischt daacht, dann ass et un iech/eis alleguerten ze soen wiesou meng Foto net gudd ass an waat ech drun verbesseren kann

schon am viraus eng foto ze zenséieren, an ze heieren ze kreien : denk emol driwwer no, daat helleft menger Meenung no kengem wiirklech weider deen sech an der Fotografie weider entwécklen well



Geschrieben von Johny am 25.05.2011 um 17:14:

 

DarkRoom: Well et Leit ginn déi Fotoen erop lueden just fir d' Motiver ze weisen, typescherweis sinn do Hausdéieren oft derbäi. Dofir ass Photogen awer net do, well deene Leit geet et dann och net ëm d'Konscht vun der Fotografie, deenen geet et just drëm hier léiw Kannéngchen ze weisen. Des weideren, déi Fotoen déi mer esou refuséieren do sinn der extrem vill dovun déi um Site mol kee Kommentar géife kréien, well se esou schlecht sinn dass kee sech dofir motivéiert kritt. Dann huet de User méi dovun wann mir ëm wéinstens soen wat falsch ass.

Bon an niewenbai natierlech nach d' Regelen déi mussen agehal ginn..

Sträiteg gëtt et eben just bei deenen déi op der Limit sinn, an fir dat ze besseren kënnt jo den neie System.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH