Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Dia Scannen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1740)


Geschrieben von de_ck am 18.03.2011 um 01:21:

  Dia Scannen

Ech wollt mol froen op een wees wou ech zu engem zimlech ugemossen Prais kann eng ronn 200 Dia'en ascannen lossen an op cd/kreien kann. Ech hun mech nach nik informeiert waat sou eppes kascht, ma ech giff mengen 50 euro vier 200 steck wär vier mech na ubruet wann et lo 60-70 gin vlait och nach, ma een euro d steck oder sou wär mer dann ower zevill



Geschrieben von xaph32 am 18.03.2011 um 08:55:

  RE: Dia Scannen

et géi mëch wonneren wann een der dat fir den prais mëcht...

dat eenzegt wat ech mer kann firstellen ass dass de een fënns den en uerdentlëchen scanner doheem huet matt dem's de dëch kinns arrangéiren

sinon kritt een fir 50 euro sou komësch dia-scanneren déi dat zwar kënnen me an der opléisung an och qualitativ limitéiert sin



Geschrieben von Quaffit am 18.03.2011 um 14:40:

  RE: Dia Scannen

Ech haat lo kurz bei Fototrade 17 Dia'en scanne geloos an op CD brenne geloos, waat mech saat 1 Daler pro Dia kascht huet, plus d'CD etc, dun war ech op iwer 20 - mengen no bei 25 Daler. Daat as gehierlos! Ech benotzen um iPhone nawell gären déi Hipstamatic Retro Kamera an hun mol gefrot waat dann en Print vun enger Foto am Format 10x10cm kaschte géif, also 4"x4" - dofir wellen se esouguer 3 - jo DRÄI DALER vu mengen sauerverdéngten.... Fannen daat as Wucher! Aus der App eraus bestallt kritt een an dem Format 9 Biller fir nach net mol 5 USD.

Eng Fro waat den Discanner betrefft: kann een domat och Negativer scannen? Get et esou Aparater net a gudder Qualitéit? Ech hun nach en HP Scanjet mat Negativhalter am Deckel awer ech kruut et nie gebak do och en Positiv draus ze maan. Braucht een dofir vläit speziell Software? Ech haat mir geduecht fir mol rem voll retro mat S/W-Filmer Fotoen ze maachen a wollt léieren se selwer ze entwéckelen, an dann eventuell d'Negativer awer scannen anstatt alles direkt op Pabeier ze iwerdroen.

Gast großes Grinsen



Geschrieben von BerBe am 18.03.2011 um 16:15:

  RE: Dia Scannen

Also ech hun och schon puer mol no esou engem Scanner gesicht, do kritt een der fir Negativer, Dia ( an verschidenen Greisten) an och normal Photoen, ... mee esou wei et bei den Tester ausgeseit ass et net unzeroden een ennert 100€ zekaafen !



Geschrieben von Quaffit am 18.03.2011 um 16:19:

  RE: Dia Scannen

Zitat:
Original von BerBe
Also ech hun och schon puer mol no esou engem Scanner gesicht, do kritt een der fir Negativer, Dia ( an verschidenen Greisten) an och normal Photoen, ... mee esou wei et bei den Tester ausgeseit ass et net unzeroden een ennert 100€ zekaafen !


Hmmm... a wann en der 300 kascht mecht sech daat dann awer séier bezuelt. Een Euro pro Dia, daat sin da jo nemmen 300 Dia'en. Da gin ech gären 100 Euro aus. Merci Augenzwinkern



Geschrieben von xaph32 am 18.03.2011 um 16:46:

 

en uerdentlëchen fotoscanner fir doheem kascht tëschend 300 an 500 euro, do sin dann (bei epson) de versiounen vum silverfast dobai (eng professionnel software), an déi scanneren zesummen mam soft brëngen wierklëch super-resultater

ech hun zB den epson V700, well ech meng mëttelformat-negativen ranscannen an dat an héiger résolution, do kann een naischt soen, idem fir diaen...

me gutt et ass wéi ëmmer, fir naischt gët et och naischt

ps: ech sollt eng kéier negativer scannen loossen an den mëllen wollt leng nëmmen 10 euro fir sain eidelen cd, an dofir hun ech mer e scanner kaaf ;-)



Geschrieben von de_ck am 19.03.2011 um 22:06:

 

Ech krutt vun engem kolleeg gesoot, hien hät eemol vier puer Dia'en 2 euro d Steck bezuellt an 5 vier d cd, dann wär ech herno bei iwer 400 euro ... Ech kann jo och verstoen dass dei Leit hier d Geld wellen verdengen, ma vier 400 euro get et och een gudden Scanner, deen ech vlait vier 300 duerno rem hei lassgin, dann hät daat ganzt nemmen 100 euro kascht, sou ennert dem Strech


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH