Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Fehlend EXIF donnéen beim Upload (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1737)


Geschrieben von VeloBen am 09.03.2011 um 18:34:

  Fehlend EXIF donnéen beim Upload

Bonjour,

Ech wees net ob aner Lait och deen selwechten Problem hun , mee bei mengem leschten Upload sin d'technisch donnéen vun der Foto net méi mat eroppgelueden gin. Hun dunn schéin brav alles manuell agetippt., Ass daat esou gewollt oder waat maachen ech falsch?



Geschrieben von gloda am 09.03.2011 um 20:22:

 

Hues de mat "Save for web" gespäichert? Da sinn se fort.



Geschrieben von Zersch am 09.03.2011 um 22:42:

 

Gloda , VeloBen ,

Hues de mat "Save for web" gespäichert? Da sinn se fort.

? Wann ech meng Foto'en z.b am Foto Designer als "Save for web" späicheren sin se awer net fort , well bei den Exif-Daten as emmer en Häkchen , klicken ech deen aus , dann ereicht sin se fort. Et as mer awer och schons virkomm dat se net mat gesavt goufen awer dat war dann well ech en aaneren Foto'sprogramm op hat wei z.b den Fotoworks , deen ech awer nemmen benotzen wann et schnell soll goen oder well deen mer eng mass Filteren ennen als Thumbnail uweist an ech se dann fix kann huelen fir ze experimenteiren.
Dem VeloBen seng Fro bleiwt awer soumat am Raum stoen , firwaat sin se munchmol einfach fort... geif mech och interesseiren

Zersch



Geschrieben von gloda am 09.03.2011 um 23:25:

 

Ech präziséieren: dat wat ech sot bezitt sech op den Photoshop.



Geschrieben von Quaffit am 10.03.2011 um 06:06:

 

Moien,

also ech hun do nie drop opgepasst an daat lo mol gekuckt - wann ech am CS5 en JPG mat "save for the web" ofspäicheren, bleiwen d'Exif erhalen. Ech benotzen awer oft fir Biller déi ech hei astellen den uralen Paintshop Pro 5.1 well den eng praktesch Fontioun huet fir schnell Rummen ze maachen, an do gin d'Exif beim Späichern net erhalen. Ech hun mir do awer nie Gedanken gemaat well déi Fotoen déi hei agestallt gin, eh kompriméiert mussen sin fir dass se manner wéi 700Kb hun. Dofir dréiht een jo Detailer iwert d'Beliichtung manuell an - oder "soll" een androen. JPGs kompriméieren ech nemmen fir de Gebrauch am Internet, sos nie.

Ech hun allerdéngs och emmer den aktuellsten Update vum CS5 installéiert. Vläit war an enger fréiherer Versioun jo en Bug dran?

Gast ;o)



Geschrieben von Johny am 10.03.2011 um 09:07:

 

Save for web am Photoshop hëllt Exifdaten sécher eraus, well save for web heescht eigentlech esou vill wéi: D' Dateigréisst esou vill wéi méiglech rofkréien fir dass d' Biller méi séier kënne geluede ginn. Dat ass kee Bug mee dat soll esou sinn, A wann se bei dir duerno dra sinn dann hues de entweder selwer eng Kéier eppes ëmgestalt, oder déi falsch Foto herno gecheckt no Exifdaten smile



Geschrieben von Quaffit am 10.03.2011 um 13:21:

 

Zitat:
Original von Johny
Save for web am Photoshop hëllt Exifdaten sécher eraus, well save for web heescht eigentlech esou vill wéi: D' Dateigréisst esou vill wéi méiglech rofkréien fir dass d' Biller méi séier kënne geluede ginn. Dat ass kee Bug mee dat soll esou sinn, A wann se bei dir duerno dra sinn dann hues de entweder selwer eng Kéier eppes ëmgestalt, oder déi falsch Foto herno gecheckt no Exifdaten smile


Also nach eng Kéier nogekuckt - PS helt d'Exif an den Standart-Astellungen eraus, awer net méi wann een riets am Menü auswielt waat en eraushuelen resp draloosen soll. Wann een uklickt "Alles" bleiwen och all Daten erhalen. Ech hänken en Screenshot un mat dem markéierten Menü.

Fro: Sind 'Exif wichteg fir déi Fotoen déi een bei hei astellt? Wa jo loossen ech se an Zukunft dran.

Schéinen Dag nach großes Grinsen

Gast

PS: Hun den Screenshot leider mussen emt 50% verklengeren wéinst dem Limit vun 200kb.



Geschrieben von gloda am 10.03.2011 um 13:21:

 

Zu deem wat de Johny seet kann ech bäifügen dass een effektiv d'Save for Web Presets ännere kann. Ab deem Moment ass et effektiv méiglech dass d'EXIF Daten nawell erhale bleiwen. Dat ass just net d'Astellung par défaut.



Geschrieben von gloda am 10.03.2011 um 13:23:

 

@Quaffit: Jo d'EXIF Donnéeen sinn wichteg, awer just um techneschen Niveau. Wann een freet "Virwat ass méng Foto sou an sou, wat muss ech do anescht maachen?" ass et vill méi einfach ze kommentéieren wann déi Donnéen do sinn. Ëmgedréint hunn ech vill geléiert andeems ech mer Fotoen ugekuckt hunn déi mech technesch interesséiert hunn an aus den Astellungen geléiert.



Geschrieben von Quaffit am 10.03.2011 um 15:25:

 

@gloda - jo ech sin och elo eréischt op déi Saach mat den Exif komm well ech hun emmer geduecht dass ech jo un den Detailer gesäit déi een agin soll/kann wann een eng Foto astellt, wéi se gemaat gin as. Awer leider sin vill Leit déi sech déi Méih guer net maan do eppes anzegin, dann as et natirlech nëtzlech wann een d'Exif-Daten kann gesin. Ech wärt an Zukunft drop oppassen dass och meng Exif'en erhale bleiwen.



Geschrieben von VeloBen am 10.03.2011 um 18:21:

 

Hello,

Merci fier aer Kommentarer, mee d'Situatioun ass déi daat ech seit der éischter Photo opp Photogen emmer mam Picasa exportéieren. An ech kennen eng partie Lait déi och den Picasa dofier benotzen , ouni Problem. Also nix "save for web". Bei allen uploads vun den Biller war d'Exifen emmer autmatisch mat dobei. Seit mengem leschten Bild net méi. Ech stellen fest daat bei villen Useren déi an leschter Zeit Biller eroppgelueden hun d'Exifen och fehlen oder sie se manuell saiséiert hun. Zoufall oder net? Ech testen daat mol bei der naechster Foto nach eng Kéier.

Den Facebook share button geet seit enger Zeitchen och irgrndwéi net méi. Weder iwert den ipad nach iwer den normalen Windoof PC.



Geschrieben von Johny am 11.03.2011 um 09:04:

 

Den Fb Share Button funktionéiert hei ganz normal.

Kriss du en ugewisen, mee et geschitt näischt wanns de drop klicks oder wéi? Ech brauch méi Detailer smile



Geschrieben von VeloBen am 12.03.2011 um 00:31:

 

Facebook button geet nees.

Mee haat geschter eng pic probéiert upzeloaden déi schon opp photogen.lu ass an wou d'exifen och deemols iwerholl goufen. Geschter sin dunn fier déi selwecht pic d'exifen net méi iwerholl gin. Seltsam. Kann daat um browser leien?

Ech stellen och fest daat bei enger majoritéit vun neien photoen vun verschiddenen useren keng exifen dobei sin. Sin ech deen eenzegen deem daat oppfaellt/Erfahrung gemmach huet?



Geschrieben von Schluck am 15.03.2011 um 14:40:

 

Zitat:
Ech stellen och fest daat bei enger majoritéit vun neien photoen vun verschiddenen useren keng exifen dobei sin. Sin ech deen eenzegen deem daat oppfaellt/Erfahrung gemmach huet?


Kann dat nëmmen Bestättegen ... ët ginn keng EXIF mei ungewissen obuel se an der binärer Datei (.jpg) drannstinn.



Geschrieben von Johny am 15.03.2011 um 18:54:

 

Ok ech schreiwen mer et mol op fir dat mer méi genee unzekucken, wärt awer réischt de Weekend derzou kommen.



Geschrieben von Schluck am 15.03.2011 um 19:44:

 

Also lo bei denen läschten dei ech eropgelueden hun woaren se ërem dran ... keng Ahnung wisou... d'Photoen hun ech d'selwecht aus dem LR exporteiert an duerno nach am PS mei kleng gemach an nogeschaerft wei dei vun gëschter wou se fehlen



Geschrieben von Johny am 15.03.2011 um 19:50:

 

Wanns de eng prezis weess wou se net um Site erkannt gi sinn, dann schéck mer déi per email op johny@photogen.lu



Geschrieben von VeloBen am 15.03.2011 um 20:49:

 

dito wéi den Schluck.

Elo graad getest, elo geet et och nees bei mir nees.

Merci Johny fier déi schnell Korrektur.



Geschrieben von Johny am 15.03.2011 um 21:35:

 

Ass genial wann Problemer sech léisen ouni dass een wierklech eppes ännere muss großes Grinsen



Geschrieben von VeloBen am 15.03.2011 um 22:04:

 

Du bass der Mamm hieren Beschten ! großes Grinsen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH