Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Meetings an Events (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1730)


Geschrieben von gloda am 10.02.2011 um 17:23:

Text Meetings an Events

Ech proposéieren dass d'Funktioun "Neie Meeting androen" déi scho besteet op "Neie Meeting oder Event androen" ëmzebenennen an ze erweideren. D'Iddi dohannert ass dass ech heiansdo den Iwwerbléck verléieren wéini dann elo wéieng Fotografie-bezunn Ausstellungen oder Konferenze sinn.
Ech géif also folgend Saache proposéieren, wann se dono sënnvoll schéngen kann dat jo vläicht iergendwann ëmgesat ginn.
-Op der Startsäit ënner "Aktuelles" kommen an Zukunft net nëmme méi déi nächst Meetings stoen, mä och Ausstellungen, Konferenzen etc déi geschwënn ufänken oder amgaang sinn.
-D'Säit op der een en neien Meeting andréit gëtt geännert sou dass ee kann en Ufank- a Schlussdatum uginn. Ausstellungen dauere jo gewéinlech méi wéi een Dag.
-Et gëtt een an engem eenzelnen Feld opgefuerdert en Link zum Forum Thread zu der Ausstellung etc unzeginn, wann et dann esou ee gëtt.
-Déi aner Felder déi schonn existéieren bei "Meeting androen" bleiwe weider bestoen.
-Et kann een en Bild mat dem Event verbannen. Dat wier praktesch fir do direkt Affichen dobäi ze hunn.
-Eventuell kann een déi Datums-Donnéeën benotzen an op engem Kalenner ähnlech den Studio Reservatiounen uweisen.
-Wann en neien Evenement agedroen gëtt kréien d'User eng Systemnoriicht, d'selwecht wéi bei de Meetings.

Wann een vun eis eppes op agenda.lu, am Télécran der Revue oder enger Dageszeitung liest, oder selwer entzwouch matmécht dréit en et an. Wat bréngt dat? Majo mer hunn dono eng iwwersiichtlech Lëscht wou Fotografen a Fotografie-Begeeschterter aus dem ganze Land kënne kucke wat grad zum Thema Fotografie leeft, net nëmme fir Photogen User, mä fir all Mënsch.
(Dann wier ech zB leschten Samschden déi Ausstellung kucke gaang wou am CNA war amplaz doheem virun der Tëlee ze sëtzen.)



Geschrieben von Metalbambi am 10.02.2011 um 17:48:

 

Fannen dat do eng gutt Iddi. 't ass effektiv schwéier den Iwwerbléck iwwert dat ze halen wat hei am Land geschitt, well déi meeschten Events guer net grouss affichéiert ginn oder Reklamm derfir gemaach gëtt.

Kleng zousätzlech Iddi: Kéint een vläicht och Saachen derbäi setzen wou et sech lounen géif hin ze goen, well een gutt Fotoen maachen kann. (D.O.W.; Blues'n Jazz Rallye, Ballon-Trophy, Sportevents,...)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH