Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Kallibreierbaren Monitor (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1623)


Geschrieben von Alko am 16.08.2010 um 20:11:

  Kallibreierbaren Monitor

Vue dass et mech nervt, dass den Drock vun Fotoen enger Lotterie gläich kennt, well ech mir een neien Schierm kafen. Baim liesen vun den Testberichter gin ech awer emmer nemmen mei duergeneen. Main Budget lait sou em dei 500 euro. Elo bloufen am prinzip 2 modeller iwereg, dei mir interessant geschengt hun.
Als eicht den NEC P221W (392 euro), den eigentlesch gudd oofschneid an vum prais ganz interessant ass. Elo kruut ech awer e besschen vun NEC oofgerooden, ob daat elo begrennt ass oder net wees ech net!?
Den 2ten Monitor wier den EIZO S2243W-BK (525 Euro). Bai dësem froen ech mech op en den opprais wierklech wäert ass oder ob ech do nëmmen den Numm bezuelen?

Giff mech iwwert all Kommentar freeën, deen mir bäi der Kaafentscheedung weiderhëlleft!



Geschrieben von Johny am 16.08.2010 um 20:34:

 

Kuck der un wat fir e Panel verbaut ass, dat mécht den eigentlechen Haaptënnerscheed.

Ech hun en Eizo (24", Budget éischter ëm 850€) mee do bezillt een definitiv net just den Numm. OK se gesinn bessen schäiss aus, kréien keen Designer-award, mee ech géif mäin eizo ni hierginn an nieft mengem Cinema Display vun Apple, dee bal tselwecht vill kascht huet, do ass den Eizo nach ëm Welten besser (An 5 Joer Garantie standardméisseg ass och nawell eppes wärt)



Geschrieben von Alko am 16.08.2010 um 20:49:

 

Ma den NEC huet, sou wei den Eizo een S-PVA Panel agebaut. Kann domat net vill ufänken. Een ënnerscheet ass awer mol Opléisung, déi beim Nec 1.680x1.050 an beim Eizo 1920x1200. Mecht sech dat bemierkbar?

Dat heescht du denks dass et den opprais wäert ass?



Geschrieben von xaph32 am 16.08.2010 um 22:18:

 

ech hun een eizo s2233w fir +- 500 euro, ass all su wert...
n'empêche dass de fir d'calibratioun een spyder oder ähnlech brauchs fir den écran regelméisseg ze kalibréiren me dat funktionéiert awer gutt

den avantage ass dass en +-95% vum adobe farwraum weist, och um niveau vun den kontrasten ass sou een écran einfach besser wéi ottonormal

op all fall géif ech den eizo dem nec ëmmer firzéien



Geschrieben von Gaga am 16.08.2010 um 22:50:

 

Interessant diskusioun Jongen,
och wann et an mengem Fall ze speit as (Gottseidank net duercht dest Argument), mais wei kann een dan en iMac Schierm mat engem PC Schierm Verglaichen ...

Ech hun nämlech bei mengen Iwerleeungen iwert "Mac oder PC" folgendes gemierkt :
All Mensch mengt en Mac fier 2000€ wier deier!
Huelen ech awer en PC mat den nämlechten Leschtungen (den en+ 20% mei resourcen duerch den OS brauch), leit een locker tescht 1100-1300€!
Fier awer net den Standart 150€ Schierm aus dem Geiz ist Geil-beraich ze huelen, mais en deen och un den Mac erun kennt, muss een locker min 500€ blechen! (an dann nach laang keen 27'')
Also sin dei 2 fier mech erem um selwechten Prais! oder ?

Waat allerdengs en nodeel as, beim neien iMac as den Schierm och den PC, also as den Prozessor ze aal, muss de schierm mat fort, waat beim PC Schierm net den Fall as !

Ieren ech mech oder .... ?



Geschrieben von Johny am 16.08.2010 um 23:01:

 

Wee schwätz dann hei vun iMac?? Keen, ech mengen du hues dech enzwech verlies smile



Geschrieben von Alko am 16.08.2010 um 23:20:

 

Ma ech hun elo an engem Forum gelies, dass den eizo 2243w den adobe farfraum duerstellen kann mee den srgb net! Wei ass daat ze verstoen?



Geschrieben von Gaga am 17.08.2010 um 01:18:

 

daat wor an verbindung mam "verglaichen kennen", mat weiengem schierm muss een deen fum Mac verglaichen, resp. waat kascht dech en équivalenten Eizo oder NEC ?



Geschrieben von xaph32 am 17.08.2010 um 08:24:

 

Zitat:
Original von Alko
Ma ech hun elo an engem Forum gelies, dass den eizo 2243w den adobe farfraum duerstellen kann mee den srgb net! Wei ass daat ze verstoen?


mh, dat glewen ech nët, den srgb ass jo am adobe farwraum integréiert???



Geschrieben von Alko am 17.08.2010 um 08:45:

 

Daat seet mir meng Logik och mee hei ass Zitat aus dem Forum:
Der Eizo S2243W ist ein Wide Gamut Monitor. Deinen Spyder2 kannst also eh nicht verwenden. Grundsätzlich ist der Eizo durchaus für EBV (allerdings ausschließlich im Adobe Farbraum) geeignet. Eine Farbraumemulation auf sRGB beherrscht er nicht.

War eigentlech um Punkt fir mir den Eizo ze kafen, mee dat heiten veronséchert mech elo. Wann ech Fotoen bäi den Fotograf droen oder am Internet presentéieren sollen se jo am srgb sinn, bezeihungsweis wann ech Fotoen aus enger kompakter beaarbechten. Hëllef!



Geschrieben von Johny am 17.08.2010 um 09:46:

 

Zitat:
Original von Gaga
daat wor an verbindung mam "verglaichen kennen", mat weiengem schierm muss een deen fum Mac verglaichen, resp. waat kascht dech en équivalenten Eizo oder NEC ?

Dee Mac-Schierm den ech verglach hu mam eizo, war den cinema display d.h. just den écran alleng, nix iMac oder soss eng Zort integréiertem Computer Augenzwinkern Dofir gëllt mäin Präisargument trotzdem absolut smile



Geschrieben von ludiol am 17.08.2010 um 14:20:

 

Also ech hu mir virun 6 Wochen en Eizo SW2433 zougeluecht a well en net méi hier gin. D'Qualitéit vumDrock vu mengen Biller huet sech dramatesch verbessert, a just fir ze soen, d'Mac Schiermer kommen net un d'Qualitéit vun Eizo run, well teschent mengem MacBook Pro an dem Eizo gin et déck Ennerscheeder. Ech calibréieren mam Spyder3 Pro.

Meng Léisung ass souwisou Hackintosh :-) hehe, ech hun e PC sou konfiguréiert fir knapp 1000 EUR) deen leeft méi schnell wi en Mac Pro an huet OSX Snow Leopard 10.6.4 drop laafen am Dual Boot mat W7.

An nach eppes pour la petite histoire. Ech hun jorenlang als Student am pre-presse/photoscan fir eng lëtzebuergesch Zeitung geschafft. Déi hun alles voller Mac gehaat an awer keen een Mac Schierm, alles La Cie (fréier waren déi och mol gudd), Eizo, Quato, etc..

Den Eizo kann den sRGB interprétéieren, vu dass deen praktesch an alle Faarwen mi kleng ass wi den Adobe RGB Faarwraum



Geschrieben von Alko am 17.08.2010 um 17:30:

 

Merci, dat berouegt mech. Hunn elo vill iwwert Wide Gamut gelies an dat huet mech extremst veronséchert, well dat Problemer am windows bezeihungsweis och am internet maachen soll, vue dass vill vun deenen Schiermer (an dorënner och den Eizo 2234) Problemer sollen hunn fir den srgb richteg rëm ze ginn.

Giff mech iwwert weider Kommentarer bezeihungsweis Erfahrungen iwwert Wide Gamut freeën!



Geschrieben von n0kle am 18.08.2010 um 13:24:

 

sou, lo well ech awer mol eppes wessen:

waat brengt mir in Display mat S-PVA oder soss iergent engem tollen Panel ausser engem mei grousen Bleckwenkel?!

Samsung huet elo een LED-Display eraus bruet mat 100%s-RGB enerstetzung:
http://samsung.de/de/Privatkunden/Buero/Displays/LEDDisplays/px2370/LS23WHEKFVEN/detail.aspx


geet daat fier een Hobbyfotograf duer? oder muss et awer dier Eizo oder Co. sinn?
E grousen bleckwenkel denken as just vun fierdeel, wann ech engem aneren meng aarbescht um display misst weisen, deen dann hanert mir steet.

Edit: Ajo, an fierwaat muss e bildschirm per "Hardware" kalibreier bar sin? an et geet net einfach duer per "Software" (also een Farbshema am betriebsystem) (Software/Hardware, keng ahnung ob daat sou richteg formuleiert as doweinst " ")



Geschrieben von Laurent76 am 18.08.2010 um 14:05:

 

Klammer ob

Den iMac kann een selwer kalibreieren bis eben seng Farwen stemmen, dofir brauch een nix Programm. Fir sécher ze ginn huet een 2 Méiglechkeeten, a) eppes Faarweges knipsen an dann kalibréiern bis Original mat der Foto um Schirm iwwert eneen stemmt, an b) déi Foto duerno ob 20*30 an engem gudden Photogen Sponsorsgeschäft entwéckelen loossen an dann déi Faarwen nach eng Kéier kontrolleiren mat deenen um Schierm...., dat geet zumindest fir meng Besoinen absolut duer, och wann ech do net bei 100% leien...

Klammer zou :-)



Geschrieben von claudedh am 18.08.2010 um 15:22:

 

@Laurent76:
Wann daat fonctionnéiere géiff, da géiff et Firmen ewéi Datacolor oder X-Rite guer nët gin!



Geschrieben von Laurent76 am 18.08.2010 um 16:45:

 

ech schwetzen jo elo hei fir meng Besoinen...., daß daat am Profiberaich net duer geet liicht mir an, fir mech als Amateurknipser ass daat mengen ech awer ok...



Geschrieben von ludiol am 18.08.2010 um 16:52:

 

@Laurent76: No denger Logik brauchs du dann och keng Spiggelreflex fir Fotoen ze maachen.
Ech kann der just soen dass ech am Ufank och sou geschafft hun (zu D80 mat Kit-Objektiv Zäiten), Pi mol Daumen mam Faarwmanagement.

Mech wonnert dass een wéis du, deen Tonnen Bicher iwwer Fotografie kaaf a gelies huet, huet nach keen Buch iwwer Faarwmanagement gelies. Daat wonnert mech.

Ech hun meng Spann op alle Fall firum deieren Boîtier kaaf, den Ecran verstinn ech nach, et keeft een net all Dag en Ecran vun 800 a méi EUR, mee eng Spann kascht 100-150 EUR mat der Software.



Geschrieben von ludiol am 18.08.2010 um 16:57:

 

@nokie.

Also ech hu mech jorenlaang vun Samsung a Co blenden geloos, mat hieren soit-disant Wide Gamut Faarwechten Ecranen.

Ech ka just eppes dozou soen.

Meng Fotoen waren mam Samsung emmer ze däischter, well deen blöden TFT souguer bei 0% Brightness nach ze hell war an d'Spann mer daat och gesoot huet. Mat engem Backlight LED gess de menger Meenung no net frou well deng Fotoen herno ze däischter sin wells de um ultra hellen Ecran d'impressioun hues du misst se e bessen mi däischter maachen.

Réischt den Eizo huet mer daat richteg gemeet. A meng Spann huet net vill missen verbesseren.



Geschrieben von n0kle am 18.08.2010 um 17:32:

 

Also am moment hunn ech och ee samsung (huet awer schon puer joerbum bockel) hun e mat da spider kalibreiert an kreien haal dat selwecht eraus wei um drucker (faarwen sin nach liicht aneschters) mais mat der hellegkeet hun ech awer kee problem bis elo.

An och en led hun ech schon domadd kalibreiert an war kee problem do dass spider soot en wier ze hell :/

Doweinst huet et mech gewonnert wiso dass dleit eben mei eppes spezielles wellen, och wann et nemmen em den hobby geet :S


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH