Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Nodeeler Flickr? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1551)


Geschrieben von n0kle am 10.05.2010 um 13:24:

  Nodeeler Flickr?

Wollt mol froen ob Flickr iergent welch nodeeler huet, dei een vleit wessen sollt. Do mengen ech su saachen wei zB bei Facebook, dass wann ech bei Facebook eng Foto erop lueden, ech hinnen d'Rechter un der foto schenken.

An och nach, muss een onbedingt en pro-account hun? oder geet daat anert amfong och duer?



Geschrieben von gloda am 10.05.2010 um 13:51:

 

Ouni Pro-Account gi just déng läscht 200 Fotoe gewisen, an du hues Limiten dorop wéivill "Sets" dass de kanns maachen.



Geschrieben von Gaga am 10.05.2010 um 14:13:

 

waat nenns du sets gloda ?
verwirrt



Geschrieben von Shantideva am 10.05.2010 um 15:39:

  RE: Nodeeler Flickr?

Zitat:
Original von n0kle
Wollt mol froen ob Flickr iergent welch nodeeler huet, dei een vleit wessen sollt. Do mengen ech su saachen wei zB bei Facebook, dass wann ech bei Facebook eng Foto erop lueden, ech hinnen d'Rechter un der foto schenken.

An och nach, muss een onbedingt en pro-account hun? oder geet daat anert amfong och duer?


Déi Nodeeler déis du vis-à-vis vum Facebook zitéierts gellen net fir den Flickr. Den Flickr ass eng weltweit Fotogemeinschaft déi een gratis kann notzen. Den Pro Account ass net deier an domat huet een e puer virdeeler déi den Gloda schon ernimmt (unzuel un Fotoen, Sets (Dossieren), unzuel un Gruppen bei denen een d'Fotoen kann weisen). Un sech huet fir mech perséinlech den Flickr deen virdeel dass ech doriwer ganz vill Leit perséinlech Europaweit kennengeléiert an och perséinlech getraff hun. D'Qualitéit vun den Kommentarer ass awer net déi selwescht wéi hei op PG well et do net unbedingt em d'Qualitéit vun der Foto geht. Awer daat ass jo och sou ähnlech bei der FC. Awer bei Flickr muss een net, am Géigensaatz zur FC, iwerall Kommentarer lossen fir och Kommentarer ze kréien. Dat bekannten FC (Fotocommunity) verhaalen waat d'Kommentéieren ugeht (so-du-mir-so-ich-dir) gellt hei weitgehend net. Ech hoffen dir heimat e bessi gehollef ze hun.



Geschrieben von n0kle am 10.05.2010 um 17:45:

 

daat berouegt mech mol smile

well haat lo keen bock mech o na duerch AGB vun flickr ze kämpfen smile an um internet hun ech nix wierklech fonnt Zunge raus

Facebook sin ma jo well sou weit, dass en sech dErlaabnis hellt, ze kucken, weieng seiten ech soss na sou besichen, wärend deems ech bei facebook ageloggt sin, an dei meescht leit wärten ob hierem private pc doheem dauerhaft ageloggt sin -.- (sou hun ech et mol verstaan, an daat ganzt as natierlech just, am interesse fier facebook an fier soss keen Zunge raus )



Geschrieben von Shantideva am 11.05.2010 um 00:43:

 

Dofir sin ech net um Facebook... Augenzwinkern Ech schaffen an der Secherheet vun der Infrormatik, an do huet een neischt op Facebook verluer.... smile



Geschrieben von n0kle am 11.05.2010 um 02:24:

 

tjo großes Grinsen dofier huet facebook bei mir lo exrtra ee browser installeiert kritt Zunge raus ... webrung as zwar lo nemei konstrukitv, mais daat as ma egal^^... an wann et namei krass sollt gin, dann as deen hei sein facebook acc. rem lass Zunge raus



Geschrieben von Shantideva am 11.05.2010 um 08:04:

 

Nada, deen kanns du net méi läschen. Ech hun mat engem Fakeaccount probéiert. Du kanns en just inaktiv machen...



Geschrieben von n0kle am 11.05.2010 um 12:11:

 

stemmt och nees unglücklich



Geschrieben von svenia am 11.05.2010 um 12:37:

 

Dach dach, FB-account ganz läschen geht! Ech hun et gemaach matt Hëllef vun engem Video op Youtube. Fannen en just grad nemmi rëm :/ mee et sen der méi do, einfach nosichen! As opjiddfall méiglech smile just fir ze soen....

EDIT: hun de Link awer nach grad fonnt -->
http://www.youtube.com/watch?v=ch8mcHTLU50&feature=related



Geschrieben von Shantideva am 11.05.2010 um 13:06:

 

Super! Merci... Daat ass dann awer nei dass een bei Facebook den Account läschen kann. Hei ass d'Äntwert déi ech kritt hun. Mein Fakenumm war Pema:

"
Hi Pema,

We have received a request to permanently delete your account. Your account has been deactivated from the site and will be permanently deleted within 14 days.

If you did not request to permanently delete your account, follow this link to cancel this request:

http://www.facebook.com/account_delete.php


Thanks,
The Facebook Team
"

Dann muss ech elo just nach 14 Deeg oofwarden an kucken ob et geklappt huet... Augenzwinkern



Geschrieben von svenia am 11.05.2010 um 13:21:

 

Jo ech kruut déi nämlecht Äntwert deemools an daat as lo schon gudd 2-3 Méint hier. Mäin account as opjiddefall nët méi do Augenzwinkern



Geschrieben von n0kle am 11.05.2010 um 13:31:

 

jo, mais wann ech mech net ierren haalen se awer alles -.-



Geschrieben von Charly am 11.05.2010 um 22:59:

 

Probéier emol daat hei: Setzt eng Photo op Facebook and schéck engem Frënd en Link drop. Dann läsch den account an fro däin Frënd no e puer Wochen op de Link nach geet ... do kinnts de emol staunen!



Geschrieben von Shantideva am 11.05.2010 um 23:39:

 

...si haalen jo alles... Merci fir d'Info. Daat hun ech nach net probéiert. Ech hat mech an enger Initiative vun Cases (http://www.cases.public.lu/fr/actualites/actualites/2009/01/25_orange/index.html) mat engagéiert fir d'Leit iwert den Facebook ze sensibiliséieren. Do sin schon immens vill erschreckend Detailer eraus komm. Ech sin aus enger Generatioun wou mir emmer fir eis Freiheet militéiert hun. Haut get et eng Generatioun déi hier Freiheet einfach un Groussunternehmer verschenken. Elo fänken ech sou lues un d'Generatiounskonflikter ze verstoen déi och schon zu aaneren Zeiten zweschend mir an mengen Elteren existéiert hun. An si haten recht well meng Generatioun den Wahnsinn deen sech "Facebook" nennt erschaaf huet... an d'Facebook-Generatioun seet irgendwann och daat selwescht wéi ech elo soen wann si bis "transparent" sin an feststellen dass deen Spass vill méi weit geht wéi deen vun den eegenen Interessen. Mais bon... an der Zeit ass gekifft gin an vun Revolutioun geschwaat gin, an keen huet eppes gemeet. Haut brauch emol keen méi ze kiffen fir apathesch géigeniwer vun enger Evolutioun ze sin déi den Aldus Huxley schon an sengem Buch "Brave new world" 1932 beschriwen huet.



Geschrieben von mmphotos am 17.05.2010 um 09:52:

 

Daat heiten hun ech grad ob engem Blog fonnt, et geheiert lo net zum Habt Thema, et keint awer Leit interesseieren.

http://www.webwork-magazin.net/facebook-account-loschen/2432



Geschrieben von Shantideva am 17.05.2010 um 10:21:

 

Mat desem Link geht et och direkt:

http://www.facebook.com/help/contact.php?show_form=delete_account


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH