Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- Capture NX 2 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1457)


Geschrieben von Laurent76 am 26.01.2010 um 09:02:

  Capture NX 2

Gudden Moien,

ech wollt emol kucken ob et nach Leit hei am Forum gin dei ob Capture NX 2 schaffen..., an evtl nach daat ganzt ob mac



Geschrieben von Nicon07 am 26.01.2010 um 09:17:

  RE: Capture NX 2

Ech! Wat genee wëlls du dann derzou gewuer gin? Stell mol e puer konkret Froen derzou, da probéieren ech dir och konkret Äntwerten ze gin. ;-)



Geschrieben von Laurent76 am 26.01.2010 um 10:15:

  RE: Capture NX 2

Ah, super.

Bas du och ob mac ennerwee an hues schon op den Snow Leopard gewieselt? Mat der neister NX versioun ass daat jo elo meiglech. Daat emol dei eischt Fro.

Dann awer zur NX Fro.

An enger Photo selectionneieren ech mat Lasso een Deel vum Bild, an maachen deen Deel dann z.b. s-w. Duerno fällt mer ob daß ech een Deel vergies hun, huelen nach eng Keier den Lasso, fueren durch dei eischt Selectioun mat. Dei 2 Selektiounenn gin elo eng, leider awer net fir den s-w.
Den Problem stellt sech wei gesot awer nemmen wann ech schon eppes mat der eischter Selectioun gemaat hun.
Soulaang daat net den Fall ass verbannen sech Selectiounne an den Effekt get am ganzen ausgefeiert.

An dann dei 2te Fro och zum Thema, get et eng meiglechkeet duerno nach eng Selectioun ze verreckelen. Am Ufank huet jo all Punkt een Carré wann een mam Cursor dropgeet, fir se richteg unzepassen.
Daat huet se awer net mei nodeems een eng Keier een Effekt drop geluert huet....
An daat ass heiansdo kekseg, hun awer bis elo nach keng Meiglechkeet do fond ausser delete an nei maachen



Geschrieben von Nicon07 am 26.01.2010 um 21:52:

  RE: Capture NX 2

Lo hues du méch kritt! verwirrt
D sin ech elo iwwerfrot, dat hun ech nach nie gebraucht. Ech schaffen jsut mam u-Point fir eenzel beräicher ze veränneren. Leider kann ech dir do net hëllefen. Mais steet da keng Äntwert op déng Fro am help-Tool? Ech hun irgendwou ee Buch leien iwwert de Capture NX, wann ech dat remfannen, da kucken ech mol dran, ob do näischt steet. Ech melle méch neess, awer et kann e bessi daueren.


Ah jo. Den NX2 hun ech op méngem G5 PowerMac, do leeft nach den 10.5. De Snow Leopoard geet jo net méi op där Plattform, an um MacBook Pro hun ech de Capture One5. Freude



Geschrieben von Laurent76 am 02.02.2010 um 09:00:

Fragezeichen RE: Capture NX 2

Hues du schon mat HDRen ob NX2 geschafft.

Et huet sos keen ob mein Post geäntwert, sollen mir dei 2 enzeg hei sin dei mat NX2 schaffen



Geschrieben von Nicon07 am 03.02.2010 um 13:11:

  RE: Capture NX 2

Hun ech och nach net. Mais wi gesot: Ech huelen den NX2 just, fir méng .nef an 16 bit .tiff ze verwandelen, well ech fannen, datt de Camera RAW vun Adobe déi schéi Resultater vun der D700 durch séng Virentwécklung onwiderbréngléch futti mécht, an de CaptureOne 5, dee geet net op méngem G5 IBM-Prozessor Mac doheem. An ech hun zwar de CaptureOne 5 um MacBookPro, mais do muss ech dann ëmmer een exterenen HD dru maache, fir datt ech net den internen HD a kuurzer Zäit mat Fotoe blokéiert hun.

Wat mengs du elo genee mat HDR an desem Fall: een echten, aus 3 verschidde Fotoen, oder ee PseudoHDR, wous du mam CaptureNX2 eng Beliichtungsreih aus engem RAW méchs? Villäicht kann ech dir an desem Fall awer eng Aentwert gin.



Geschrieben von Laurent76 am 03.02.2010 um 13:30:

 

Haaptsächlech emol dei echt ouni awer dei aner wellen auszeschleißen....
Mee wei sou oft, probeieren geet iwwert studeieren



Geschrieben von Nicon07 am 04.02.2010 um 06:12:

 

Salut!

Ech hun elo grad d'Buch "Capture NX2 pour les photogrphes" vum Philippe Ricordel aus dem Regal geholl an ech leen et elo ënnert de Bildschiirm vum Computer. Wann elo WE gëtt, da kucken ech mol, ob ech eppes zu dénge Froen dra fannen. OK?!


Schéinen Daag nach!



Geschrieben von Laurent76 am 08.02.2010 um 09:10:

 

Ech hun mer elo just ob AMazon een Buch bestallt.....



Geschrieben von Nicon07 am 09.02.2010 um 10:47:

 

Dat ass eng gudd Iddi. Ech hu mir mol dat Kapitel iwwert Masken a selektiv Korrekturen ugekuckt. wann ech dat elo hei misst resüméieren, dat géif de Kader sprengen. An en plus hues du däin eegent Buch ëmmer grëffbered, wann's du mol st¨nterléch eppes dorauser brauchs..


:-)

Bonne lecture,


Nico


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH