Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- Pixel blénken (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1319)


Geschrieben von Dan am 25.07.2009 um 23:53:

  Pixel blénken

Gudden Owend,

Ech hunn elo grad meng Fotoen vum Snow Patrol Concert op de Mac eriwwer gelueden a wéi ech d'Fotoen wollt kucken hunn ech festgestallt dass op ganz ville Biller Pixelen sinn déi blénken!
Huet iergend een eng Ahnung u wat dat kéint leien a vill méi wichteg nach wéi ech dat nees lass ginn?

Villmols Merci

Dan



Geschrieben von MarcGerard am 26.07.2009 um 01:40:

 

dat do hun ech nach ni héieren, dass op enger fäerdecher foto pixel blénken. futtis pixel op engem bildschierm kënnen onreegelméisseg optauchen a blénken. mee op enger foto as dat onrealistesch vir mech.

waard fläit bis den alkohol aus dem bludd as XD

nee, also serieux: ech kennen dat do NET. sin awer gespant wat eis spezialisten dozou ze soen hun .....



Geschrieben von arwa am 26.07.2009 um 10:45:

 

handelt ët sëch vleicht ëm - hotpixel - ?



Geschrieben von gloda am 26.07.2009 um 21:14:

 

Woumat kucks de déng Fotoen? Wéi blénken se? Regelméisseg? Wéieng Faarw?



Geschrieben von Dan am 26.07.2009 um 22:48:

 

Ech kucken meng Fotoen am Aperture.
D'Pixelen déi blénken sin op all Foto op enger anerer Platz an se blénken eben wéi wann een eng Luucht géif un an aus maachen... vun der originaler Farw op wäiss!
Hu grad nach en Zeien dobäi geruff dee mir ka bestätegen dass ech net spannen!
Nodeems ech d'Fotoen vun RAW op JPEG exportéiert hunn fir se op mäi Site ze lueden blénkt d'JPEG Versioun net méi, mä d'RAW Versioun ëmmer nach!

Allerdéngs fällt mer grad an dass ech mäi MAC samt Ecran schon eng Woch permanent lafen hunn. Kann et vläicht dorun leien dass dat fir den Ecran ze vill war?

Ech maachen de ganze Buttek den Owend op alle Fall emol äus a kucken op et muer besser ass.
Ech hoffen op alle Fall, well witzeg ass et net! unglücklich



Geschrieben von gloda am 27.07.2009 um 00:40:

 

Also Troubleshooting. Dat heescht dass mer och déi banal Saachen duerchgin.
Hues de scho probéirt déi FIchieren an aneren Programmer opzemaachen? Mam Photoshop misst de jo nach opmannst Camera RAW nierwt dem Aperture hun.
Hues de am Aperture vläit d'Fonktioun aktivéiert wou d'Highlights déi ausgebrannt gin sonner markéiert gin fir dass se besser opfahlen? (Shift-Option-H, Handbuch via http://www.manualnguide.com/manual-get/2108/ )
Sin déi Pixel wou bénken physikalesch op der selwechter Plaatz um Bildschirm, och wann d'Foto ëm déi et geet gezoomt get?



Geschrieben von Dan am 27.07.2009 um 11:33:

 

Ech hunn de Moien de Computer ugemach nodeem's ech en wéi gesoot iwwert eng Woch net äushaat an elo schéngt et besser ze sinn!
Dat heescht bei de Fotoen wou d'Pixelen geblénkt hunn gesinn ech dee Problem lo mol net méi, ech kucken de Mëtten awer nach eng Kéier méi genau!

Da schéngt 1 Woch Dauerbetrieb dem Ecran wierklech zevill ze sinn.

Merci op alle Fall un all déi, déi mer geäntwert hunn!



Geschrieben von MarcGerard am 27.07.2009 um 11:39:

 

spannend!
wéi as dat dann mam gloda sénger fro iwwer 't pixel: se si jo bei all foto op nger anerer platz. mee emmer op der selwechter platz um SCHIERM oder op der FOTO ....



Geschrieben von Dan am 27.07.2009 um 13:16:

 

D'Pixelen déi geblénkt hunn waren souwuel an der Quantitéit wéi och op der Platz wou se geblénkt hunn ëmmer ënnerschiddlech!
Bei der Foto selwer, wann ech gezoomt hunn, waren se dann awer physikalesch op der selwechter Plaatz.
Ganz sécher hat ech d'Funktioun fir d'Highlights ze markéieren ausgeschalt, an déi gesäit och anescht aus. Do ginn d'Highlights rout markéiert an déi Markéierung ass statesch an net dynamesch!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH