Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Privatsphär vun Persounnen ob Biller (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1285)


Geschrieben von JohnJ am 26.05.2009 um 17:24:

  Privatsphär vun Persounnen ob Biller

Sou elo machen ech mech mol onbeleift hei.
Ech muss daat awer elo mol lass gin, ech fannen dass et zevill Fotoen vun Leit hei gett dei bestemmt keng Erlabniss gin hun fir dass eng Foto vun hinnen gemach gouf geschweigen dann dass se hei op Photogen ass.
ech fannen et misst een daat mol erem eng Keier un User weider gin..

das een do wierklech kann Probleemer kreien wann een esou eppes mecht

Also fir awer nach Kloer ze stellen ech well hei kengem Virschreften machen
oder eenzel Leit perseinlech ungreiffen.. mä ech gesinn daat aus mengem Standpunkt, ech wier och net frou wann een eng Foto vun mir ongewollt geif machen ann dei dann hei geif erop lueden ..



Geschrieben von gloda am 26.05.2009 um 17:42:

  RE: Privatsphär vun Persounnen ob Biller

Mémorial A n° 86 de 1982 (12.10.1982)
Gesetz vum 11. August 1982, Artikel 2, zweeten Punkt:
Zitat:
Est puni [Prisong etc]: 2° en observant ou en faisant observer, au moyen d´un appareil quelconque, une personne se trouvant dans un lieu non accessible au public, sans le consentemen t de celle-ci, en fixant ou en faisant fixer, en transmettant ou en faisant transmettre dans les mêmes conditions l´image de cette personne. Lorsque les actes énoncés au présent article ont été accomplis au cours d´une réunion au vu et au su de ses participants, le consentement de ceux-ci est présumé;


Also bezitt dat do sech emol op lieux 'non accessible[s] au public' an dann effektiv 'sans le consentement'.
Hei nach en klengen Extrait vun engem Circulaire vun der Ville de Luxembourg nodeems Leit sech beschwéiert hun dass Fotoen vun hieren Kanner déi während Aktivitéiten, déi vun der Gemeng organiséiert goufen, gemaach goufen online waren:
Zitat:
Lorsque la personne se trouve dans un lieu public, il est généralement admis qu'elle est présumée avior donné son autorisation implicite d'être photographiée, sans pour autant que ceci équivaut à un consentement relatif à la publication de cette photo.

Dat driwwer as kee Gesetz, just Interpretatioun. D'Gesetz vum 11. August '82 seet net dass et bei Fotoen an lieux publics iergendwéi verbueden wier. Wann lo een d'Gesetz kennt wou den Contraire seet, also dass et verbueden as, post w.e.g. den relevanten Extrait mam Link.

An ech mengen et huet net vill wärt Posts ze schreiwen déi Ufänken mat 'Ech hun héieren...' oder 'An Däitschland...'

[Edit fir dat mat den Gemengenaktivitéiten ze präziséieren.]



Geschrieben von mi-ma-maika am 26.05.2009 um 17:57:

 

Allgemeng get just a puer Fäll assuméiert dass d'Erlaabnis vun der oofgebildter Persoun net zwéngend noutwendeg as: wann se um Bild net identifiabel as zum engen a wann se net d'Haaptmotiv vun der Foto as.
Bei bekannte Perséinlechkeeten vum öffentleche Liewen (Politiker...) gelt am öffentleche Raum dass se en Exercice de fonction sin, an dofir däerfen oofgeliicht gin, am private Beräich brauch een awer rem d'Erlaabnis vun der betraffener Persoun.
Fir all gellt: wann d'Persoun an der Strooss mierkt dass een eng Foto vun hier mecht, an näischt géigendeeleges seet oder mecht, get daat als Accord tacite ugesinn.



Geschrieben von gloda am 26.05.2009 um 18:11:

 

Puer gesetzlech Referenzen wieren hëllefräich.



Geschrieben von mi-ma-maika am 26.05.2009 um 18:14:

 

kann ech nosichen wann ech doheem sin. sou hu mir et op allefall am droit civil's cours am éischte semester gesinn.

Edit: Ech hu grad d'fiche vun der Cases zum thema um Legilux fonnt.
http://www.cases.public.lu/fr/actualites/actualites/2008/05/26_fiche/index.html



Geschrieben von gloda am 26.05.2009 um 18:28:

 

Cool merci, da bliederen ech mol do derduerch.



Geschrieben von JohnJ am 26.05.2009 um 18:39:

 

meric fir dei recherche... ass ganz hellefreich mengen ech



Geschrieben von gloda am 26.05.2009 um 19:22:

 

Also sot mer mol op dat wat ech aus deenen Dokumenter schléissen richteg as.
Fotoen vu Leit an Lieux non-publics: weeder maachen nach veröffentlechen ouni Autorisatioun.
Fotoen vun Leit an Lieux publics: maachen kee Problem, veröffentlechen just mat Autorisatioun oder wann d'Persoun Auteur vun engem "événement d'actualité" as oder wann d'Persoun un engem Événement deelhëllt an d'Foto am Kontext vun deem Événement gebraucht get.
Bei onerkennbaren Persounen as alles paletti.

Ech setzen emol puer Beispiller hei dran an dir sot mer dann ob der dat och sou gesidd:
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=33811 as ok well am Kontext vun engem Événement.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=32757 as ok well d'Persoun net erkennbar as.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=32032 as ok well ech den Accord vum Gardien hun an d'Kand nach net den 'age de raison' huet.
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=29221 as ok well et am Kontext vun engem Événement as. Dass Kanner drop sin mecht keen Ënnerscheed dat as just speziell wann een den Accord brauch.

Huele mer mol nach eng aner Foto an stellen eis fir ech hätt se vun engem Frieme gemaach dee mer sou op der Stroos begéint as (wéi dat zwar gang wier sief dohigestallt). http://photogen.lu/?page=view_photo&id=23960. D'Meedchen huet zwar extra poséiert mee ech hu keen Accord gefrot. Also dierf ech déi net verëffentlechen? (An dësem Fall war et deel vun engem GTG, also en Événement.)



Geschrieben von gloda am 26.05.2009 um 19:31:

 

Zitat:
Original von mi-ma-maika
Fir all gellt: wann d'Persoun an der Strooss mierkt dass een eng Foto vun hier mecht, an näischt géigendeeleges seet oder mecht, get daat als Accord tacite ugesinn.

Ech mengen dat do as dee Punkt wou lo sou nach am interessantesten wier an wou een nach méi Info driwwer bräicht, den Cases seet souwäit ech gesin näischt doriwwer.



Geschrieben von JohnJ am 26.05.2009 um 22:17:

 

Hun deen Text och elo puer mol gelies,
1. Kanner an Mannerjähregen schengt et mer relatif Kloer ze sin..
2. Personne public och...
3. Evenementer ass schon komplizeiert sie mussen als solches ze erkennen sin geif ech mengen
4. Privat Persounen verstinn ech esou... aus dem cases
Il découle de ces textes que toute personne a le droit de
s’opposer à la prise ou la publication de son image. also muss heen jo mol fir d'eischt wessen das eng Foto vun him gemeet gin ass
zu den Fotoen
1t Foto.. keen Problem, well net eng bestemmten Persoun gewisen gett.. (nämlechten Fall Grousgaas mat 100 Leit)
2t keen Problem well Persoun net ze erkennen ass
3t mam Kand (supper Foto) muss een eng Erlabniss hun vun den Elteren an d'Kand nach net den 'age de raison' huet.
4t sin ech mer net esou secher... ob een daat esou ausleehen kann, well den evenement un solches net ze erkennen ass.. ann Kanner net auteur sin vun evenement public (net wei bei der eischter z.b) esou weis du hei geschriwwen hues "oder wann d'Persoun Auteur vun engem "événement d'actualité" ass "

deen aaneren Link geet leider net.

ass relatif komplizeiert dei Saach hei..



Geschrieben von Baba am 26.05.2009 um 23:29:

 

Zitat:
Original von gloda
Huele mer mol nach eng aner Foto an stellen eis fir ech hätt se vun engem Frieme gemaach dee mer sou op der Stroos begéint as (wéi dat zwar gang wier sief dohigestallt). http://photogen.lu/?page=view_photo&id=23960 D'Meedchen huet zwar extra poséiert mee ech hu keen Accord gefrot. Also dierf ech déi net verëffentlechen? (An dësem Fall war et deel vun engem GTG, also en Événement.)


Wann déi Persoun wierklech poséiert huet, dann huet déi Persoun jo gemierkt dats du eng Foto gemeet hues an déi Persoun huet dann duerno net gesot dat Sie net willt dats du déi Foto hues , dann ass dat och OK dats du déi Foto publizéiers. Also e Fall vun Accord Tacite!



Geschrieben von BlackPanther am 27.05.2009 um 00:26:

 

boah waat een gesetzlecht Scharmützel hai!großes Grinsen as awa super rechercheiert an sou mecht den Thema Spaas!!
kann net fill derzou soen mee wärt awa drubleiwen mam liesen...
gudd Saach+super Illustreiert!! großes Grinsen



Geschrieben von Neckel am 27.05.2009 um 08:06:

 

Ula Zunge raus

Gutt ze wessen dat doten, well hun mer well oft Gedanken doriwwer gemach ... Mee secher war ech mer nie ob ech d'Foto lo soll publizeiren oder net


Merci smile



Geschrieben von patrickr am 27.05.2009 um 08:46:

 

Merci fier d'Recherche an d'Interpretatiounsversich.

Ech maache mer iwwert all dat keng Gedanken. Einfach keng Fotoen vu frieme Leit maachen, respektiv publizéieren a faerdeg.



Geschrieben von gloda am 27.05.2009 um 12:17:

 

Dat mat deem Accord Tacite as mer nach net sou ganz geheier, wann do nach een eppes méi driwwer rausfënnt w.e.g. bescheed soen.



Geschrieben von rom am 27.05.2009 um 14:27:

 

Daat schéngt mir och nach e bësse flou ze sin, wier gutt wann do een eppes schwarz op wäiss hätt fir hei ze posten.
Interesséiert mech nämlech och.

De Räscht vun de Informatiounen as wirklech schson ganz nëtzlech. Merci



Geschrieben von rom am 27.05.2009 um 14:45:

 

Zitat:
Original von Baba
Zitat:
Original von gloda
Huele mer mol nach eng aner Foto an stellen eis fir ech hätt se vun engem Frieme gemaach dee mer sou op der Stroos begéint as (wéi dat zwar gang wier sief dohigestallt). http://photogen.lu/?page=view_photo&id=23960 D'Meedchen huet zwar extra poséiert mee ech hu keen Accord gefrot. Also dierf ech déi net verëffentlechen? (An dësem Fall war et deel vun engem GTG, also en Événement.)


Wann déi Persoun wierklech poséiert huet, dann huet déi Persoun jo gemierkt dats du eng Foto gemeet hues an déi Persoun huet dann duerno net gesot dat Sie net willt dats du déi Foto hues , dann ass dat och OK dats du déi Foto publizéiers. Also e Fall vun Accord Tacite!


Daat hun ech eben nët sou verstaan: Fotograféieren an deem Fall ok, publizéieren nët (laut circulaire vun der Ville de Lux.)
Oder leien ech falsch verwirrt



Geschrieben von JohnJ am 29.05.2009 um 23:50:

 

ech kreien desen WE mei genau Infos dodriwwer vun engem Afekot.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH