Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Lomographie (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1234)


Geschrieben von the_zipper am 22.04.2009 um 10:39:

 

Majo ech werd mei Bescht maan smile



Geschrieben von Unicorn am 22.04.2009 um 14:21:

 

Hello, ech hun am moment e Fisheye an eng Diana F+. Hat awer nach keng Zäit Diana auszeprobéieren, gett awer geschwenn gemaach fröhlich
Wou kritt een zu Letzebuerg 120 Filmer ze kaafen? (Respektiv wann een och weess wou et der zu Bréissel gin kann e mer dat och soen Augenzwinkern )
An dann hat ech bis lo Problemer fir meng Fisheye-filmer scannen ze loossen.. Wou mat dir dat zu Letzebuerg? Wou as d'Qualitéit gudd, de Präis net ze deier?
Merci am viraus!
Julie



Geschrieben von the_zipper am 22.04.2009 um 15:57:

 

Salut,

An Lëtzebuerg kriss de bei all guddem Fotograf nach sou Filmer ze kaafen, an den BOO Concept am der City Concorde huet dei keschten vun Lomography, mee all aneren Film mescht sein dengscht och. Ech geiff mengen zu Breissel kriss de och bei all guddem Fotograf nach der Filmer. Am aneren Fall ass et och nach eng meiglechkeet iwer ebay der ze kaafen. Oft kritt een der do dei schon bessen ogelaaf sinn, mee wann et net zevill lang ass, dann ass daat och nach net sou well.

Scannen maan ech emmer selwer.



Geschrieben von Unicorn am 22.04.2009 um 16:07:

 

Majo mee ech kenne mech zu Letzebuerg wierklech net aus mat de Fotosgeschäfter. Ech gin dann eng Kéier an d'City Concorde kucken wann ech bis am Land sin.
Hueste dann e speziellen Scanner? Ech hun eng Kéier probéiert, mee mäin as bessi null >.< Oder gett et epps spezielles ze man?



Geschrieben von the_zipper am 22.04.2009 um 20:35:

 

Ech wees mol dass op der Escher Stross an der Staat (vis à vis vum der Dexia Zentral) am Fototrade een der kritt. Du muss awer oppassen dass de keng Dia'en hells daat ass net sou ganz glecklech mat der belichtung mat enger Lomo.

Ech hun en Scanner deen Negativen scannen kann. Mee wanns de beim Fotograf mat ofzich bestells dann kanns de jo och einfach deng Ofzich scannen.



Geschrieben von mmphotos am 23.04.2009 um 01:03:

 

Zitat:
Original von the_zipper
Ech wees mol dass op der Escher Stross an der Staat (vis à vis vum der Dexia Zentral) am Fototrade een der kritt. Du muss awer oppassen dass de keng Dia'en hells daat ass net sou ganz glecklech mat der belichtung mat enger Lomo.


An firwaat dann net? Ob Film oder Dia, dierft jo awer keen greisseren ennerscheed sin? Ech benotzen bei der Lomo nemmen diaen, d entweckelen vum Film as vill mei belleg. Fier 7 euro 8wann ech mech richteg erenneren) krein ech mein Film entweckelt 8an streifen net gerummt) an eng CD derbei. An dei Qualiteit war bis lo nach emmer gudd (wann een vun gudder quali bei enger Lomo schwetzen kann)

Du soos och firdrun keng oofgelaafen Filmer....grad bei enger Lomo as een oofgelaafenen Film dach flott nee?

Hei en Link ob meng Lomofotoen. Alles oofgelaafen Diafilmer.

http://gallery.me.com/mmphotos#100064/007_Index



Geschrieben von the_zipper am 23.04.2009 um 10:53:

 

Ech hun daat mol sou gelies, dass een bei Lomographie keng Dia'en huelen soll, enner anerem eben well en Dia vill mei empfindlech ass wei een Negativ.

An ech hun net gesot dass ofgelaafen Filmer net gudd wieren, hun daat ganz an der rei fonnt, ech notzen nemmen souer eigentlech, mee mat net ze lang hun ech gemengt dass se net schon sollen 15 joer ofgelaaf sinn, well een do eventuell netmei vill raus kritt.



Geschrieben von micky-maus am 25.03.2013 um 13:20:

  Lomographie

.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH