Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Fisheye vun Sigma... Mee weieent? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1065)


Geschrieben von Polinger am 13.07.2008 um 11:37:

  Fisheye vun Sigma... Mee weieent?

Hallöö mol fier d' eischt,

Ech hätt folgenden probleem. Vu que, dass ech mei deif an den Skate-Milieu hei an Letzebuerg antauchen well, hun ech mer geduecht breicht ech en RISCHTEGT Fisheye-Objektiv (am moment hun ech just en adapter: preiswert mee schlecht quali um rand) ... Ech sin also mol E-Bay duerchforsten gaang an op en Premium-Sigma-Reseller getraff, deen och vertrauenswürdeg ass. Den Link: http://search.ebay.de/search/search.dll?sofocus=bs&sbrftog=1&dfsp=32&satitle=fisheye&sacat=-1%26catref%3DC6&bs=Finden&sadis=200&fpos=54668&sabfmts=1&saobfmts=insif&ga10244=10425&ftrt=1&ftrv=1&saprclo=&saprchi=&seller=1&sass=limal-foto&fsop=32%26fsoo%3D2&coaction=compare&copagenum=1&coentrypage=search&fgtp=

Sou an lo wees ech net: Ass en 8 mm wirklech sou en krack besser wei en 10 mm? Am pRäis nämlech schon -.- ... Merci schon am viräus fier d' hellef

großes Grinsen



Geschrieben von yoshi am 13.07.2008 um 18:43:

  RE: Fisheye vun Sigma... Mee weieent?

ech kann der do net weider hellefen, mee bei deem link wous de ugin hues, do steet +- 640 euro fir 10mm an +- 680 euro fir den 8mm, daat ass jo awer keen markanten ennerscheed?



Geschrieben von Polinger am 13.07.2008 um 22:24:

  RE: Fisheye vun Sigma... Mee weieent?

xD... shit, dann hun ech mech geiirt aan wahrscheinlech en aanert objektiv aus de lescht kritt ... xP merci awer ;P



Geschrieben von Nicon07 am 15.07.2008 um 16:29:

  RE: Fisheye vun Sigma... Mee weieent?

Hallo, den !ennerscheed as ganz einfach: den 10mm fëllt dir däi Bildfeld ganz aus OUNI Vignettage, an den 8 mm mécht dir een Zirkulart Bild op d'Bildfeld, also ee bal Krees rond Bild an der Mëtt vum Bildfeld. Wanns du gär och am DSLR ee ganzt kreerond 360° Bild häss, da muss du de 4,5 mm huelen.
http://www.sigmaphoto.com/lenses/lenses_all_details.asp?id=3337&navigator=6
http://www.sigmaphoto.com/lenses/lenses_all_details.asp?id=3319&navigator=4
http://www.popphoto.com/lensreview/sigma-4.5mm_f2.8_ex_dc_circular_fisheye_hsm.html

Vill Spaass!

Nico

Géi mol ob méng photogen-Fotosäit kucken, do sin e puer Fisheye Biller mam 8mm.



Geschrieben von Polinger am 15.07.2008 um 20:10:

  RE: Fisheye vun Sigma... Mee weieent?

Mercüüüü ^^



Geschrieben von fef am 29.09.2008 um 13:12:

 

Ech hunn e russeschen "Zenitar 16mm" Fish 3,2 an sin ganz zefridden. Huert mech +/- 130€ bei Ebay kascht. Deen mecht zwar net kreesronn Biller as awer tip top.
E Kollech fun mir huert e "Peleng 8mm" as och pas mal. +/- 250€. Deen mescht ronn Biller. Mee nemmen bei enger Vollbildkamera !

Dat nemmen fir ze soen dass et net emmer mussen deier Objektiwer sin fir wann en nemmen hei ans do esou eng Foto mecht.



Geschrieben von Kwitchibo am 01.10.2008 um 20:38:

 

Zenitar 16mm" Fish 3,2 as AWER MANUELL FOCUS NEE==?? WELL DEN WOU ech engkeier getest hun as net immens ...

mbG

MARC



Geschrieben von Johny am 02.10.2008 um 10:21:

 

Et sollen anscheinend Leit ginn déi si bereet méi ze bezuelen wann se dofir eng Top Qualitéit kréien smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH