Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Nemmen nach Chat ? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=615)


Geschrieben von Johny am 12.03.2007 um 23:16:

 

Kwitchibo: Ganz Recht ginn ech der net ... e Kommentar wou ee freet wou daat z.B. war wou een d'Foto gemaach huet, ass keng Kritik a scho guer net konstruktiv, mee et geet trotzdem em d'Foto. Ob daat wou ech raus wëll, si Comments dei guer a glat näicht dermat ze dinn hun.



Geschrieben von Kwitchibo am 12.03.2007 um 23:19:

 

maja...daat as genau daat ...an awer wann een Leit kent dann as daat awer Konsequenz...waat mei Meetings ....
mee wann daat net iwerhand helt...

as et fir mech okay

et sin jo egal wei vill Leit wou daat hei alles liesen an dann geet et erem eng Zeit besser! smile



Geschrieben von Johny am 12.03.2007 um 23:21:

 

Jo me elo huet et eben iwwerhand geholl, an egal wei Leit sech kennen, daat därf net sinn. Ech hun nach virdrun zu engem am MSN gesoot ... Och wann ech heen an teschen zäit kennen, geif et mir niemols afalen e Kommentar zu enger Foto vun him ze schreiwen den absolut guer a glaat näicht matt der Foto selwer ze dinn hätt.



Geschrieben von Kwitchibo am 12.03.2007 um 23:23:

 

ok wei gesoot ech sin fir den GELLENEN SCHNAT Augenzwinkern



Geschrieben von Dan am 13.03.2007 um 00:22:

 

A wéi gesoot:
Ech sin fort....



Geschrieben von Knolles am 13.03.2007 um 06:50:

 

Zitat:
Original von Johny
Aaaalso:



3. Et geet bei dem Thema hei net em de Knolles, daat gëlt suwuel fir dech selwer, Armand, wei och fir dei aner. Ech wëll zu dem Thema hei näicht liesen, et gehéiert net heihin (mee eigentlech genee sou weineg bei eng Foto)


Johny, daat hun ëch och guer nët sou opgeholl, ëch wées schon, wouvun du hei schwätz.

Jhust éent nach, wann ëch (ënner aaneren ) soll Leit, wei daat jo offensichtlech hei den Fall war, mat mengen , drop klicken etc etc............. genervt hun, dann déet daat mir léed.
Anererseits, virwaat schreiwen dei engem daat dann net mol einfach dohinner,
wier jo bestëmmt kéen rosen gin doriwwer.
Häs du lo hei déen Thema chat etc . net ugeschnidden, dann................. ???

mais du hues vollkommen recht .
ët gët hei mei gechat wei soss äppes, nët bei all Foto , awer bei villen.
Jo, och ëch hun daat gemaach, ëch brauch mëch do nët ze verstoppen, vleicht nët sou vill, gin daat lo nët alles rëmsichen...........as och lo egal.

Fannen et gudd, dass du daat ugeschnidden hues an hoffen, dat ët sëch lo rëm besselchen berouegt, resp. dat dein Site, déen ëch nach ëmmer ganz gudd fannen an wei gesoot, wou ëch och schon immens vill Leit gesoot hun, - - gidd mol op PG kucken, dann woonnert dier iech nach jhust, waat jonk Leit alles (fototechnesch ) färdeg brengen !!!! --

Ech wënschen dir weiderhin déen neidegen Erfolleg !

An @ Dan, och wann ëch geschriwwen hun, ëch wier lo nët mei aktiv hei, dann hun ëch domadder un - Fotoën roplueden - geduecht............. daat wëllt awer nët héeschen, dat ëch mir hei guer neicht mei ukucken !!!



Geschrieben von Dan am 13.03.2007 um 07:57:

 

@ Knolles
Daat wees ech, an méng Bemierkung war och sécherlech nët fier dech geduecht!!!

An iwregens lueden ech eben och keng Foto méi erop!
Déi Leit déi wëssen sollen/wëllen vierwaat ech daat nët méi machen, déi wëssen et!



Geschrieben von Knolles am 13.03.2007 um 09:30:

 

[quote]Original von Dan
@ Knolles
Daat wees ech, an méng Bemierkung war och sécherlech nët fier dech geduecht!!!


ah, ok, dann hat ëch daat falsch verstannen , sorry ! Augenzwinkern



Geschrieben von mmphotos am 13.03.2007 um 15:11:

 

@ Dan: Mat dengem Komentar waers du jo relativ secher mech gemengt hun...ma ech well rem aktiv um site gin. OK ech sin fleit net Konsequent, mee wann daat waat den Johny hei ukenegt wirklech soll vun den User durchgezunn gin dann erfellt den site jo rem sein zweck nee? An dann hun ech och rem loscht eps hei ze maan. Well et war dach een moment souweit dat wann een eng foto als net gudd emfonnt huet dass een dann hei regelrecht vun deem sengen kolegen zur sau gemeet gouf...an daat schengt iegentwei net mei den fall ze sin...wann een problemer dermat huet dass ech rem eps hei well roplueden...kann en mer daat roueg soen. Accepteieren et souguer.



Geschrieben von Dan am 13.03.2007 um 17:44:

 

Marc ech gin dier an déngem Kommentar an allem zu 100% Recht!
Mee wann's du sees du wéils nees méi aktiv gin um Site dann ass et jo awer nees konsequent, wann's du Fotoen eroplueds!
An deem Sënn "Nix für ungut" an ech hoffen genau sou wéi's du dass et an Zukunft nees méi ëm d'Fotoen geet!



Geschrieben von Lydie am 13.03.2007 um 17:46:

 

Ech sin frou dass den Johny daat Thema hei lo ungeschwart huet. Ech haat schon mei laang eng keier mat him driwer geschwart well daat mer net gaangen ass.

Ech hoffen lo just dass dei Leit wou sech elo hei sollen ungesprach fillen an awer nach näicht gesoot hun daat och eegt huelen an verstin dass den Johny mega d flemm huet nach irgendepes ze maan am Moment winst hinnen.

Ech sin ganz frou driwer ze gesin weivill Leit esou denken an wenschen hinnen, dem Johny an och dem Yannick an mer selwer fir d Zukunft rem mei Motivatioun fir hei aktiv ze sin.



Geschrieben von CANON am 13.03.2007 um 19:17:

  Daat Thema

Ech hunn nach neischt gesoot, awer schon's alles geliess.....

Scheinen Owend, un die die nach Liesen....



Geschrieben von Ochiniwa am 14.03.2007 um 00:03:

 

hehe, fillen mech eigentlech net schelleg, versichen emmer Kommentarer zur Photo ofzeginn smile meng bescheeden Meenung.

Et ass definitif keen chat, dofir kann een den Forum gebrauchen. Et ass schwiereg Kommentarer zur Photoen ze kreien wann een net "dozou" geheiert an een eigentlech net chatten well smile

Also! Kommenteiert d'photo... smile ginn dem Johny recht



Geschrieben von Rabicop am 14.03.2007 um 13:58:

 

trotz alledeem, sin ech dann awer och oft traureg, wei weineg konstruktiv kritik iwwerhaapt dann hei geschriwwe gett...

et soll jo em fototechnik resp veraarbechtung goen, wei een wat besser ka man.

mee dann musse mer och kommentarer wi

"oh wat eng schein foto" etc. hei raushuelen, well se kengem wierklech eppes hellefen...
anerersaits machen sou kommentarer de site alt besse mei lieweg.

sou kennt duech eng foto di uewen gekuckt gett eng diskussioun zweschen foto user zou stanen. di et flait interessant mecht, sech mol fir deen enzelnen user z'interesseieren... wien do eventuell di selwescht meenung huet zu enger oder mei fotoen.
kloer komme mer dann rem op en chat raus, wu et no engem oder mei kommentarer einfach guer naicht mei mat engem kommentar mee just na mat enger diskussioun ze din huet. wien vun eis huet dann loscht eng PN ze man, fir deem jenegen dat ze schreiwen, an flait well en jo och nach dat aner user sech mat an di diskussioun uschleissen, sou dat et net bei engem dialog bleift.

objiddefall, gin ech dem johny 100% recht mat deem wat e schreift. schliesslech huet hien de senn an zweck vum site na emol verdaitlecht.
an awer hauchen eenzel ausschweifungen dem site awer ee gewessent liewen an, sou droen leit wi JADE oder Knolles duech charme och e gewessenen deel zum succes vum site bai, well si en sympatesch man



Geschrieben von Johny am 14.03.2007 um 14:26:

 

Bei menger Foto z.B. hun ech durno mam spako och iwwert d'Objektiv geschwaat, mee daat ass egal, et ass ausgaang vun eppes iwwert d'Foto, an net einfach iergend eppes total aaneschters.

An natirlech su Kommentar wei "oh wei schein" do soe mer vun ufank un dass kee Wärt hun. Mee een oder zwee souer dertëscht, stéieren net, net wei daat tonneweis geäntwers an gechats. Mee wann et matt denen geif iwwerhand huelen misst ee genee sou reageiren wei lo, daat ass kloer.

Zitat:
an awer hauchen eenzel ausschweifungen dem site awer ee gewessent liewen an, sou droen leit wi JADE oder Knolles duech charme och e gewessenen deel zum succes vum site bai, well si en sympatesch man

Wann ech heemkommen a gesinn dass ech en neie Comment bei enger Foto hun, a gesinn dass et rem iergend eppes ass waat näicht matt der Foto ze dinn huet, da sinn ech mei rosen wei dass et dem ganze Site iwwerhaapt eppes helleft. Dem Knolles seng Comments hun och schonn oft wei d'Fäuscht op D'Aa gepasst, huet et fäerdeg bruecht Saachen äuszedrécken esou dei en aneren net wosst wei en et sollt soen, mee et kann een net soen dass daat de Site mei lieweg mecht. An de Fotograf motiveiert et och net onbedingt, och wann ech muss zouginn dass en wuel oft Recht haat (Denken dobäi un soueng Foto vun enger Fra am Studio op engem Dësch, do soot heen "ohei e Framensch op engem Dësch" Punkt. Ma daat huet alles gesot, an zwar dass d'Foto soss oninteressant wir, mee et huet kengem wirklech gehollef)
An d'JADE daat war bei menger Foto leider och matt derbäi wou d'Comments guer näicht matt der Foto ze dinn haaten. an et ass jo absolut guer net esou dass hatt keng Fotoen keint analyséieren, ganz am Géigendeel, muench vun denen äusféierlechsten Kommentarer si vun him.
Dass een net emmer Loscht huet esou an Detailer ze goen ass GANZ verständlech, just kennt et mer fir weiwann vill Leit mengen se missten e Comment schreiwen, mee wa se grad net genuch Zäit hun oder net sou motiveiert sin fir eng gutt Kritik ze schreiwen, schreiwen se alt iergendeppes (Nee net perseinlech huelen JADE, daat zielt fir jidfereen!)



Geschrieben von -Laurent- am 14.03.2007 um 19:09:

 

sry sin och een chatter kucken ett anzedaemmen unglücklich



Geschrieben von Neckel am 14.03.2007 um 21:30:

 

Hm ... geschockt fröhlich

Ok haalen mech zreck mat chatten Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH