Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Photogen + Mac (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=804)


Geschrieben von Pelz am 13.08.2007 um 21:12:

  Photogen + Mac

Helas leiw Photogener

Ech hun mol eng Fro
Ech sin säit e puer Joer iwwerzeegten MacUser...Mais ech hun emmer Problemer mat Photogen.lu
Wann ech en Comment schreiwen oder äntwerten, bräucht den Browser entweder eng hallef Eiwegkeet, oder en brecht oof....
Munchmol kreien ech photogen.lu mol guer net opgemaach...
Ech hun eng 2MB DSL Leitung an benotzen den Safari 3.0.2
Huet een vergläichbar Problemer??? Resp. wees een, waat ech heigeint keint maachen...



Geschrieben von nikkie am 13.08.2007 um 21:20:

 

mengn kaum dass dat eppes mat mac ze din huet Augenzwinkern
bei mir ass dat na nie e problem gewiecht an bis lo och net. as dat mat alle browser e problem oder just beim safari?
mam opera as kee problem. mam ff onet. also kA Augenzwinkern



Geschrieben von Shantideva am 13.08.2007 um 21:27:

  RE: Photogen + Mac

Probéier vieleicht mol den Firefox. Ech hun domat iwerhaapt keen Problem. Um Mac leit et bestemmt net well mir sin zu méi iwerzeegten Mac-User bei Photogen, soss wier d'Problem jo bekannt. Freude



Geschrieben von Pelz am 13.08.2007 um 21:58:

 

hmm....komesch, dann probeieren ech mol en aneren browser...
merci mol

aaaahhhh hun et lo mam FireFox probéiert. Deen ass zwar däitlech mei schnell am Net, mais bei photogen huet en dei nämmlecht problemer...!!!!
Ech kreien eng Krise :-)



Geschrieben von -Laurent- am 13.08.2007 um 22:23:

 

jo seit ech mac hun hun ech dei problemer och mat photogen, firun allem mat firefox, bon den ploro huet dei problemer och seit en sein mac huet, wuel nach eng kannerkrankheet Zunge raus



Geschrieben von Pelz am 13.08.2007 um 22:47:

verrückt

schued :-(



Geschrieben von Johny am 13.08.2007 um 22:56:

 

Also dee Problem dens du beschreiws, krut ech bis elo vu ville Mac-user beschriwwen. Allerdings sinn ech selwer Mac-User smile An waat mer opgefall ass, all dei dei mer gesoot hu se hätten genee den Problem, dei hun nach en alen Mac matt IBM Prozessor. Waat daat zwar lo fir e Grond soll sinn dass et net geet, wees ech absolut net, well et huet jo guer näicht ze dinn mam Safari selwer, wei heen waat mecht an sou.

Ech hu weder mam Safari, nach mam FF esou Problemer. Allerdings mam Update ginn d'Kommentarer su wei se am Newsblog elo sinn, also och wann een ee schreiwt. An do kann dee Problem guer net méi optrieden.

PS: Firefox op Mac -> Say no Augenzwinkern
Firefox ass zimlech lues, waat de Programm selwer ugeet (net waat websäien renderen ugeet), verglach mam Safari kennt en do niemols no, keen aneren Borwser um Mac.Op jiddefall op den Intel-maschinnen.



Geschrieben von nikkie am 13.08.2007 um 22:57:

 

ech hun dee problem awer absolut net O.o
probéier opera^^



Geschrieben von Pelz am 13.08.2007 um 23:11:

 

ma dann probeieren ech deen mol :-) merci nikkie



Geschrieben von nikkie am 13.08.2007 um 23:11:

 

kp mee wann et su as wi den johny seet, dann helleft der deen och net vill :/



Geschrieben von Pelz am 13.08.2007 um 23:22:

 

IBM Mac??? Ech hun en PPC...IMac, mais gett lo iergendwann deen neien ...AWSOME

Jo, den FIrefox klappt och net sou, an vum Opera sin ech guer net iwwerzeegt. Ech wärt wuel beim Safari bleiwen.

Dann freen ech mech awer mol op den UPDATE!!!!!! :-)
Bis denne dann



Geschrieben von Johny am 13.08.2007 um 23:27:

 

PPC (powerPC) ASS IBM großes Grinsen Dei Prozessore kommen vun hinnen.

Ech wetten mam neien Intel-Mac hues de dann kéng Problemer méi.



Geschrieben von Neckel am 13.08.2007 um 23:36:

 

Hallo ^^

Mjo haat o mol puer Probs mam Saf 3.0.2 mee zenter ech en geupdate hun leeft den rem ganz nomal smile

(just eng Bemierkung um Rabnd) Zunge raus



Geschrieben von ApplEric am 13.08.2007 um 23:46:

 

Hmm, ech hu keng Problemer matt mengem iMac G4...
Weder matt Safari 2, nach matt Firefox, oder Opera oder soss engem Browser...
ech ka mer net virstellen, datt dat um Prozessor sollt leien, mer hun am Moment nach nemmen PowerPC-Macs heiheem, an deen, dee mech kennt, weess, datt mer genuch Macs hun... Zunge raus
An mir ass nach kee Problem matt PG opgefall...
Op aanere Seiten ass et dachs den Browser, mee bei PG ass et deen och net... souweit dat lo mein Mac betrefft.
Hun do keng Ahnung firwat PG op dengem Mac net richteg klappt, flait fehlt jo iergendeen Plug-in oder sou...



Geschrieben von Johny am 14.08.2007 um 00:24:

 

Nee matt Plugin huet et och nix ze dinn. Ech wees genee wou en hänke bleift, mee verstinn net wisou. Eigentlech sollt en do eng Weiderleedung maachen, an heen erkennt se eben just net richteg :/



Geschrieben von -Laurent- am 14.08.2007 um 05:41:

 

hmm also ech hun intel, jo eigentlech haenkt en sech meeschtens bei mir bei user gallerien op oder bei den perseinlechen seiten, mee bon wann ech sou eng gucken well benotzen ech allt safari Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 14.08.2007 um 14:16:

 

Daat huet guer näicht mam Problem hei ze dinn. Laurent géi du eng Kéier bei Programme, Dienstprogramme, Disk dingsi (kA wei et genee heescht op däitsch), an wiels de den Harddisk wou den OSX drop installeiert ass, an klicks ennen op Rechte reparieren.



Geschrieben von Pelz am 14.08.2007 um 14:25:

 

Zitat:
Original von Neckel
Hallo ^^

Mjo haat o mol puer Probs mam Saf 3.0.2 mee zenter ech en geupdate hun leeft den rem ganz nomal smile

(just eng Bemierkung um Rabnd) Zunge raus


mam update bleiwt en och hänken.....



Geschrieben von Johny am 14.08.2007 um 14:30:

 

Ech ka vläicht eng kléng Ieselsbreck drabauen ... oder soudass en erkennt wann en Mac matt Safari do ass, an en net weiderleed mee just e Link uweist fir zreck ze goen. Zwar net sou gutt mee besser wi hänke bleiwen Augenzwinkern



Geschrieben von -Laurent- am 14.08.2007 um 14:37:

 

mengen lo d user gallerie op photogen johny Augenzwinkern

also dadd eben dann photogen "haenken" bleift


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH