Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Floumaarts Meeting (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=382)


Geschrieben von Neckel am 13.09.2006 um 13:59:

  Floumaarts Meeting

Majo ech haat lo puer Fotoen vun engem Floumaart ropgelueden, an dun huet d'Jade mech gefroot ob et keng gutt Idi wär eng Keier een Floumaarts Treff ze man, also fir Fotoen an eventuell och Amusement (also wullen an handlen) ...

Et ass also just eng Idi bislo ...

- D' Jade huet vum Areler Floumaart geschwaat, den ass vum März bis November all eischten Sonnden am Mount ...

Lo giff ech awer soen dass et lo bessen ze speit ass, well d'Wieder an den kommenden Meint wahrscheinlech bessen mei schlecht gett ...
Dofir wär dat dann vleicht eng Idi fir am Freijoer repektiv Summer.

-Et gin och hei am Land heisndo Floumärt, leider sin dei net sou grouss ... mee kann een jo mol kucken ...


Majo et war lo just su eng Idi, well et wirklech Spass mecht op sou engem Event ze fotographeiren.
Leit dei lo intresseiert sin, oder dei vun engem Floumaart wessen, kennen jo heihin schreiwen ...

Mee wei gesoot huet dat Zeit ... Greiss Neckel



Geschrieben von JADE am 13.09.2006 um 18:27:

 

Daat mat dem .... "wullen an handelen" ..... daat kënnt nët vun mir ... smile ... mee ët stëmmt .... ët ass wierklech interessant ... großes Grinsen

Ët kann een effektiv ganz flott Fotoen op esou Plaazen schéissen ... an dann ass den Kader vum "vieux Arlon" och ganz schéin .... donc avis aux amateurs ...

Ween eng kéier luussen goen wëll kann daat jo schon am Oktober machen, dann ass d'Wierder (meeschtens) nach gutt ...

Den Aareler Floumaart ass vun +/- 7h00-17h00 op .... d'Vendeuren installéieren sech awer schon géint 5h00 moies ... an um déi Zäit, wann d'Sonn kuerz duerno opgeet kann een och eng ganz schéin Beliichtung, vun Objeten an Mënschen, kréien ... Augenzwinkern



Geschrieben von Maggele am 13.09.2006 um 19:55:

 

't iddi fannen ech ganz intressant

't fro as just:

-komme geenuch leit zesummen, fir kënne genuch ze wullen an ze handelen (großes Grinsen )
-gett dat kee gestreits???

ech woar nach net op sou all photogen-meeting, mee ech fannen et super, wéi mer amfong alleguer madeneen eenz gin! dat as richteg süss, mee wullen an handelen as jo schon eng kriddelech sach déi een fläit net ennerschätze sollt! wann et klapt as dat natiirlech flott!

mee méng propose as am moment mol nach folgend: wullt nach e bessi bei de photogen-annoncen, a wann der do näischt fannt kann een nachengkéier driwwer schwetzen großes Grinsen



Geschrieben von Hackel am 13.09.2006 um 20:21:

 

-Also ech fannen dat och eng gudd idee

-ech fir dabeiAugenzwinkern

-zu homburg wou ech mam neckel war ass et wirklech flott den ass all eichten samechten am mount an dass en relativ groussen floumaart mee et dass awer mei weit ze fuhren wei fir op arel. Dat kannen jo nach kuken



Geschrieben von Neckel am 13.09.2006 um 21:25:

 

Ehm Marc du hues do eps falsch verstaanen ...

D' Haaptsaach war net d'Wullen an Handlen, mee et soll een Meeting sin fir Fotoen
ze man ... Augenzwinkern

- Street-life
- Aal Fotoen
- Portraiten
- asw.

Mee ass wei een well ... Zunge raus



Geschrieben von annemie am 13.09.2006 um 21:37:

 

also klengt interessant smile
hehe...Marc: mengs de mer gengen eis all geigensaiteg eng op d'bomm gin wa mol eng Kéier 2 daat selwescht welen oder wei? (an op weiengem floumaart get et anstännecht fotomaterial wei hei an den annoncen? ;D)
mee ech geng et haapsächlech intressant fannen einfach dei atmosphär bildlech festzehaalen.... also amfong mei doweinst wei weinst den "Fléih" selwer ;-))
zumools wann mer na gengen eng intressant staad huelen...hmm...*träum* ^^ lol



Geschrieben von JADE am 13.09.2006 um 23:39:

 

mat "wullen an handelen " war, denken ech, nët speziell op Fotosmaterial bezun .... op jidferfalls nët vun menger Säit aus ... cool ....


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH