Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- "Makrolensen"? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1844)
Geschrieben von pho-taux am 24.11.2011 um 19:28:
"Makrolensen"?
Hey,
ech iwwerleen mer, e puer Makrolensen ze kaafen, fir d'Méiglechkeet ze hun, Makrofotoen ze maan. Ech sin Asteiger an d'Makrofotografie an hun am Moment keng grouss Loscht, an en Makroobjektiv ze investéieren. Hun um Internet gelies datt sou Makrolensen eng Alternative zum Makroobjektiv wieren, och wann se definitiv net de nämlechten Effekt an di nämlecht Qualitéit bidden.
Kann een mer soen ob et awa dawert ass, fir d'éischt mol domat ze probéieren? Ass d'Qualitéit vun sou Fotoen awa zumindest befridegend?
Merci fir är Meenung!
pho-taux
Geschrieben von gloda am 24.11.2011 um 20:29:
Schwätz du vun Makrofilter wou ee vir op d'Objektiv schrauft oder vun eppes anescht?
Geschrieben von pho-taux am 24.11.2011 um 22:26:
Jo, dovunner schwätzen ech
Geschrieben von gogo am 25.11.2011 um 06:36:
also, méi belleg a suguer besser Qualitéit kriss de andeems de en umkehrring keefs fier dein/deng objektiver.
Ech hun do fier ca. 10€ fier all meng Objektiver umkehrringe fier all meng objektiver kaaf.
Et ass zwar eng piddlerei, mais fir wann een nemmen kuerz well do an der makrowelt testen, an keen greisseren invest well maachen einfach tiptop.
waat daat ass?
sou een umkehrring gett d'objektiv drugeschrauft (wei e filter) un dem umkehrring ass e bajonettverschluss, an däin objektiv gett dann de falsche wee op de boitier installeiert.
am beschte klappt et do bei mier mam 50mm. an oppassen de wäitwenkel mescht emgedreint och alles emgedreihnt, also e vergreissert immens, IMMENS ! :-)
waat och nach geet ass z.b. de 50mm de verkeierte wee op en teledropschrauwen.
oder waat och nach relativ gudd klappt ass sou eng extension tube, daat gett tescht boitier an objektiv installéiert.
vill spass
Geschrieben von marischen am 25.11.2011 um 15:03:
Hello,
ech hunn mer virun puer Joer och eng Makrolens kaaft well d'Makroobjektiver jo awer zimlech deier sinn. Ech hat mengen ech 25 € bezuelt.
Wat ech bei der Makrolens flott fannen ass, dass een se (matt engem zousätzlechen Adapter oder wéi nennt een dat) ob all Objektiv schrauwe kann, an eben och ob e Wäitwenkel.
Hei mol e puer Links vun Fotoen déi ech matt verschiddene Brennwäiten matt enger Makrolens gemaach hunn:
Link,
Link,
Link,
Link
Fannen et eng ganz gutt Alternativ wann een wierklech just well Makrofotoe maachen, also net och nach Portrait'en oder sou.
Marie-Claire
Geschrieben von pho-taux am 25.11.2011 um 16:49:
Merci fir är Äntwerten!
@ Marie-Claire: merci fir d'Links fir deng Fotoen! Déi sin wierklech gudd gin! Daerf ech froen, wous du di Makrolens deemols kaaft hues? Also wanns du dech nach drun erenners
An ass se vun der originaler Marque vum Objektiv/Fotoapparat oder net?
@ gogo: jo also iwwert di Zwischenringe haat ech och schon um Internet gelies, an et soll wuel net sou optimal sin, well di verschidden Astellungen vun der Kamera nemi sou gudd op d'Objektiv weidergeleet gin. D'Umkehrringe schengen eng mi intressant Alternativ ze sin.
Soen mer mol sou, de Virdeel vun den Makrolensen ass, datt een d'Objektiv net muss rofhuelen an rem dropmaan, och wann dat natierlech keng grouss Saach ass.
Merci jiddefalls fir däin Comment!
Geschrieben von marischen am 25.11.2011 um 17:34:
Du daerfs
Ech hunn se zu Rëmeleng am Photo-Cine Schaeffer kaaft. D'Lens ass vun B+W an den Zwescherank vun hama. Ech hunn eng Nikon-Kamera, ech denken awer dass dat ob all Spiggelreflex misst passen. Souwisou geet een zu Remeleng net ereaus ouni gutt beroden ginn ze sinn
(Wann et nach sou ass wéi viru puer Joer)
Marie-Claire
Geschrieben von gogo am 27.11.2011 um 01:13:
@Marischen
Deng Foto mat der Pusteblumm, herrlech!
Ech mengen ech gi mer lo och mol sou een Déel kaafen! Waat Resultater, do sin ech hin a weg wann ech daat gesin!
Geschrieben von crici am 27.11.2011 um 12:58:
@ Marischen:
Weieng lens hues du dann? d lens schengt jo mol ganz gudd resultater ze brengen
Geschrieben von marischen am 27.11.2011 um 15:31:
Zitat: |
Original von marischen
D'Lens ass vun B+W an den Zwescherank vun hama |
Geschrieben von pho-taux am 27.11.2011 um 16:31:
Merci fir den weideren Tipp suraki!
Mee sin déi fir all Marque geduecht?
Geschrieben von suraki am 27.11.2011 um 18:15:
d'Raynoxen hun eng Klemmfassung wat mer gefà llt a passen bis (mengen) 72mm.
d'150er (ech hunn eng) ass fir méi gebrauch gutt, d'250er get schonn extrem dann hänks de op e puer cm virum Sujet. Mà ewéi d'Marischen schonns geschriwwen huet sinn d'B+W och net schlecht.
Soll d'Qualitéit e bësse besser sinn, kuck fir en Apochromat ze kréien
Geschrieben von pho-taux am 29.11.2011 um 19:49:
Merci suraki!
ech mengen, ech gin mech fir den Ufank mol mat Raynox oder B+W zefridden, en Apochromat muss lo nach net sin
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH