Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Studio Blëtzanlag an Diesel Generator (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1598)


Geschrieben von ludiol am 04.07.2010 um 11:44:

  Studio Blëtzanlag an Diesel Generator

Salutti,

Ech hun eng Fro, vläicht ass se domm me ech froen mech et awer.

Kann een eng Studiobletzanlag un engem Diesel Generator bedreiwen, wann een keng Batterie huet ?

Wann net, wees een wou een sou eng Batterie kann ausléinen ? mat oder ouni Blëtzanlag ?



Geschrieben von gloda am 04.07.2010 um 11:57:

 

Sou wäit ech wees gët den Generator an d'Batterie gestöpselt an net direkt an d'Anlag. Batterien fir Studioanlagen sinn näischt aussergewéinleches, du muss just kucken dass se mat dénger Anlag kompatibel sin. An engem Fotogeschäft dat Studioanlagen verkeeft misst de kënnen gehollef kréien, oder schreiw mol hei wat s de fir eng Anlag hues. Ech kennen d'Modeller net gutt, mee vläicht weess jo een aneren User wat s de benotzen kanns.



Geschrieben von suraki am 04.07.2010 um 21:00:

 

schléis deng Anlag net direkt un eng Generatrice un, du mëss der deng Blëtzluchte futti.
An d' Astellluchte gin och net besser oder méi jonk dermadden .



Geschrieben von Schlimpitz am 05.07.2010 um 09:41:

 

Naja geht schon wanns de den richtegen Generatrice hues. Sie muss "properen" Stroum lieweren soss femms de deng bletzer.
Also sou 0815 billig angebote aus dem Hela, Batiself, asw kanns de normalerweis schon vergiessen smile

sich bessi am dslr forum duerno, et ginn tonnen threats iwert thema.


en noodeel ass och gewicht vun enger Generatrice, den kameidi, den gestank asw.

Als alternative kanns de en akku kaaffen sou wei deen lei
MPG Hensel
Dei denger lounen sech awer och sust wanns de se oft dobaussen brauchs well sie sinn och net grad belleg smile (ech muss och betounen dass et och mei belleger ginn wei dei vun Hensel )

an wann ech mech net ieren kriss de fir dei mpgs do nach en specielen adapter wous de dei denger kanns am auto oplueden rsp dein auto (oder iergend eppes aneschtes) als genertor messbrauchen smile )))



Geschrieben von ludiol am 05.07.2010 um 10:14:

 

Mat der Generatrice hun ech mer baal geduecht, ech selwer hun 3 kleng Hot-Shoe Bletzer, färten awer dass se fir den Shoot net duer gin an haat dofir geduecht mer vun engem Kolleg eng Bletzanlag auszeléinen. Hien huet awer selwer och keng Batterie (oder nach net). Froen mol zu Ettelbreck no ob, si och d'Bletzer mat Batterie verlounen.



Geschrieben von Schlimpitz am 05.07.2010 um 13:06:

 

wanns de keng anlag hues an mei oft wells eppes dobaussen machen get et elinchrome ranger, ass sou en set aus bletzanlag, akku asw
mee op dei denger eppes daachen kann ech der net soen



Geschrieben von pol9000 am 06.07.2010 um 16:05:

 

Also wanns de ee richteg decken Generator hues ass daat secher guer kee Problem.

Ass emmer dFro waat deng Bletzer sou vun maximaler leeschtung zeihen, also deen moment wou se just ufänken rem opzelueden. daat kann awer scho bai engem Bletz vun 300Ws schnell iwwer 1000W goen, da braichs de scho vir 3 sou Bletzer een 3kW Generator...

Alternativ get et den Tronix Explorer XT das een universal Batterie un dei een normal Studiobletzer vir un 220V uschleissen kann.
Batterieren gin anescht mat deenen maximalen Leeschtungen em, do fällt dann einfach kuerzzaiteg dSpannung, an dOplueden dauert just mei laang an een generator geif eventuell no all bletz ausgoen....


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH