Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Fotobuch bei Apple bestellen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1486)


Geschrieben von Geko am 27.02.2010 um 09:02:

  Fotobuch bei Apple bestellen

Moien,

Ech hun säit kuurzem den Update vun Aperture 2 op 3 gemeet (nee, keng Performance-Problemer :-)) an wollt mol mat dem Programm engt Fotobuch maachen.

Lo ass Lëtzebuerg awer nët bei dene Länner, déi ee kann Auswielen fir d'Adress anzegin. Kennt vläicht een en Trick, wéi een dat awer ka maachen ? Respektiv, wann een en anert Land auswielt (z.B. Belsch oder Däitschland), kënnt dann jemols eppes hei un ?

Merci



Geschrieben von deBaemm am 27.02.2010 um 11:39:

 

Jop schreiw einfach hannert deng uertschaft (G.-D. de Luxembourg) an da wiels de d belge aus smile

bei mir huet daat reibungslos geklappt 3 deeg du war et do! smile

greetz Baemm



Geschrieben von Geko am 01.03.2010 um 07:16:

 

OK, ech probéieren dat dann mol sou.

Décke Merci !



Geschrieben von ludiol am 04.03.2010 um 07:00:

 

Daat géif mech och intereséieren.

Waat awer och geet ass, bei blurb.com en Account erstellen, do d'Moossen vun dem Buch sichen daats de wells hun an da kanns de am Aperture di Moossen ragin (en Tutorial kanns de googelen Aperture+blurb). Dann als PDF-x rausprinten an hinnen schécken.

Ech hun et selwer nach net gemaach, me e Kolleg vu mir, an d'Qualitéit ass awer ganz gudd. Et dauert e bessen mi laang well et aus den U.S. of A kennt.



Geschrieben von ploro am 07.03.2010 um 20:51:

 

Wei ass et mat der Qualitéit vun den Apple Bicher? Et liest een net nemmen guddes iwwert se am Internet, ween huet erfahrung mat den Bicher? gudder oder schlechter?



Geschrieben von gloda am 07.03.2010 um 20:58:

 

@ ludiol: Méng Blurb Bicher hun ëmmer Schwäitzer Post Etiketten drop?



Geschrieben von mmphotos am 07.03.2010 um 22:16:

 

@Ploro: Ech haat engkeier een Buch do maachen geloos an war unsech och zefridden dermat. Se kommen awer bei weitem, qualitativ net un dei run deis de am Photocenter maachen loossen kanns. Hun och bislo nach keen aaneren Service fonnt deen soueen flott Resultat haat.



Geschrieben von ploro am 07.03.2010 um 22:29:

 

Jo den service aus dem Photocenter hat ech well, ass brilliant, sen awer net sou frouh mat hierer software well dei stierzt emmer of :-/



Geschrieben von Mano am 08.03.2010 um 12:42:

 

Ech hu meng Bicher emmer bei Fotobuch.de gemaach an sin och ganz zefridden mat hierer Software an fannen Qualitéit super! smile



Geschrieben von mmphotos am 08.03.2010 um 12:55:

 

@ploro: D software as zimlech null, daat stemmt (och just fier windoof) mee ech maan den Design einfach am photoshop/indesign an lueden dann emme ganzseit Fotoen rop. (mat hg,etc)



Geschrieben von McQueen am 08.03.2010 um 12:58:

 

Zitat:
Original von Mano
Ech hu meng Bicher emmer bei Fotobuch.de gemaach an sin och ganz zefridden mat hierer Software an fannen Qualitéit super! smile


Hun ech och gemach, mais elo machen ech meng Fotobicher bei eisem PG Partner
FOTO.LU
Sin zefridden mat den Fotoen, an mam Fotobuch.
En plus ass et en gudden an frendlechen Service beim Jerome.



Geschrieben von ploro am 08.03.2010 um 17:09:

 

@marc:
stemmt sou kann een dat och machen,
duecht awer dei software ging et och fir mac gin, hat se mol engker gedownload, ass awer net ungangen :-/

bon breng mer nächste keier wann ehc dech gesin dain apple buch einfahc engker mat dann kann ech mer dat unkucken smile



Geschrieben von Geko am 09.03.2010 um 11:20:

 

Hui, hei war jo nach vill lass déi läscht Deeg! Merci fir d'Tips - vu Blurb hat ech nach ni eppes héieren, mee dat kléngt och interessant.

Ech hun bis lo just bei Fotobuch.de bestallt a war och u séch zefridden. Et ass just eben immens praktisch, d'Buch direkt am Aperture kënnen ze maachen. D'Exportéiere fällt weg, et kann een zu all Moment nach Upassunge maachen, etc.

De Week-End misst ech Zäit hun, d'Buch ze bestellen. Ech losse mech dann einfach mol iwwerraschen a melde mech nach eng Kéier, wann et do ass...



Geschrieben von Geko am 22.03.2010 um 11:14:

 

Sou, hei sin ech rëm.

Also, fir de Fall dat et een interesséiert, ech hun d'Buch (XL, 52 Säiten) e Mëttwoch den Owend bestallt an de Moien (Méindig dono) ouni Problemer iwwer UPS kritt. Besser geet et nët. Ech hat méng Adress sou agin, dat ech hannert d'Uertschaft nach eng Kéier "LUXEMBOURG" geschriwwen hun, an als Land d'Belscht rausgesicht. D'Buch kënnt iwwrigens aus Tschechien.
Dat klappt also ouni Schwierigkeet.

D'Qualitéit ass OK, mee nët aussergewéinlich. Ech hun bis elo ëmmer d'Format "Lounge" vun Fotobuch.de geholl a sin vläicht bësse verwinnt. Op alle Fall ass d'Qualitéit vum Pabeier do vill besser.

Wat mech wonnert, dat ass, dat e puer Fotoen EXTREM verrauscht sin, wat um Ecran net siichtbar war. Déi eng oder aner Foto gouf méi hell gemeet, wouduerch bestëmmt och bësse Rauschen entstan ass. Mee um RAW am Aperture war awer näischt ze gesin. Ech huelen un, dat do am Export iirgendeppes schiif gaang ass...



Geschrieben von Dan-D80 am 22.03.2010 um 12:51:

 

Kuck mol am Aperture wéi déng Astellungen vun der Preview sinn, wann do d'Opléisung op "Niedrig" oder esou steet, misst daat och en Incidenz op den Export hunn. Wanns de eng Diashow mechs an d'Opléisung ass op 2 oder esou ass, kriss de Rauschen etc...

http://support.apple.com/kb/HT3781

daat do kéint d'Ursaach sinn fir d'Rauschen



Geschrieben von Geko am 24.03.2010 um 19:56:

 

Merci fir den Tip.

Ech denken awer, wann ech bei Apple e Fotobuch mat hirem eegene Programm bestellen, da misst deen d'Biller och optimal preparéieren, ier se ropgeluede gin.

Ech hun mir dat mat dem Rauschen nach eng Kéier ugekuckt: Et sin effektiv e puer Fotoen dobäi, wou ech iwwert Levels an Highlights/Shadows, déi däischter Beräicher opgehellt hun. Um Ecran war dat während dem Verschaffen kaum siichtbar. Nodeem ech d'Buch lo hun, hun ech mir déi Fotoen mol mat 100% ugekuckt... Hmm, jo, lo gesin ech dann och, wou et hiirkënnt unglücklich

Ech si verwonnrt, dat dat am Drock souvill méi staark rauskënnt, mee ech verhale mir dat dann alt mol fir d'Zukunft.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH