Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1289)


Geschrieben von Tomz am 01.06.2009 um 00:43:

  Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60

Salut,

An der Lescht kennt et regelmäßeg fier dass ech bei den Fotoen eng oder dei aner hun dei ech net opkreien an um Fotoapparat steet dann do Datei enthällt keine bilddatei, et ass irgentwann komm an wees net duerch waat. Huet een eng Ahnung waat daat un menger Nikon D60 ausgeleist hun keint?

M.F.G. Tom



Geschrieben von Minaa am 01.06.2009 um 01:08:

  RE: Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60

Hallo,

ech hun dee selweschten Problem, wees och net waat een dogéint maache kann... Ech war alt der Meenung daat géing u menger Speicherkaart leien well ech dee Problem souwuel bei der D70s wi och lo bei der D90 haat, mee dann ass et awer méiglech dass et eppes mam Fotoapparat ze din huet wanns du dee Problem och bei denger Nikon hues.



Geschrieben von Baba am 01.06.2009 um 06:54:

 

Halo dier Zwee

Hutt dier dann schons mat enger aanerer Speicherkaart probéiert?
Wann nett géif ech dat awer mol nach machen an dann evtl. d'Resultat elei mat deelen Augenzwinkern



Geschrieben von Minaa am 01.06.2009 um 09:30:

 

Hallo,

majo ech hun an der D70s eng CompactFlash-Kaart an an der D90 eng SD, an ech hun dee Problem bei denen zwou Kaarten verwirrt



Geschrieben von Baba am 01.06.2009 um 11:30:

 

Ah Ok

Dat hat ech net esou verstaan aus dengem éischten Post.



Geschrieben von Tomz am 01.06.2009 um 11:46:

 

Hm schengt dann effektiv un der Nikon ze leien. Ass just blöd wann daat grad bei enger Foto geschitt dei grad gutt geroden ass. Ech hun an menger och eng SD mee am Ufang hat ech och Idde dass een Fehler mat der Kart d'speicheren verhennert



Geschrieben von Minaa am 01.06.2009 um 12:27:

 

Ech sin mer zwar lo net ganz secher, mee ech mengen déi Fotoen gin dee Moment just um Fotoapparat net ugewisen! Wann ee se duerno riwwer op de Computer setzt sin d'Fotoen dann awer mengen ech emmer all derbäi. Mee sin mer awer lo nemi secher



Geschrieben von Tomz am 01.06.2009 um 12:45:

 

Ne dei weu den Fotoapparat seu uweist sin henno um Computer och net liesbar. Mein Computer weist Bild och net an Miniatur un an wann ech opmaan kennt "No prewiev avaible" also bei mir mol Augenzwinkern



Geschrieben von Nicon07 am 01.06.2009 um 14:48:

 

Wéi läscht dir d'Fotoen op äre kaarten? Just einfach läschen, oder formatéiert dir d'Kaart och vun Zäit zu Zäit? Well et kéint eventuell och dorunner leien, datt d'Kaart mol misst formatéiert gin, well beim einfache làschen gin d'Fotoe jo net erofgeholl, mais et get just d'Méigléchkeet opgemaach fir z'iwwerschreiwen. An do kann et mol zu Problemer komme, wann een d'Kaart ni formatéiert. Mais op dat awer elo d'Ursaach vum Problem ass, dat kann ech elo sou och net soen. Ech hun eng D70, eng D80 an eng D700 an hun dee Problem nach ni erliewt, vläicht och, well ech méng Kaart regelméisseg formatéieren.

Oder kuck mol hei:
http://www.nikon-fotografie.de/vbulletin/showthread.php?t=95489



Geschrieben von Tomz am 01.06.2009 um 15:14:

 

Ass wuel schweier soen, mee weubei meng Kamera lo knapp 1 an halwe Meunt huet an Kart flait 2-3 Wochen Zunge raus . Mol probeire

MFG



Geschrieben von Minaa am 01.06.2009 um 15:35:

 

Dach daat mam Formatéieren klappt, mee eben och nemmen ob begrenzten Zäit an dann ass de Problem rem do. Dann muss d'Speicherkaart wuel méi regelméisseg formatéiert gin, Merci Augenzwinkern Dann läit de Problem awer vläit net um Fotoapparat mee un der Kaart



Geschrieben von GrAl am 03.06.2009 um 09:21:

  Keng Bilddateien

Direkt eppes bäidroen zu dengem Problem kann ech elo net well ech den Problem nach ni hat.
Hun eng D80 an Kaarten vun Sandisk. Läschen man ech d'Kaarten emmer mat Format an der Kamera selwer an bis elo wor den Problem nach ni.
Iergendwou hat ech ower mol an engem Test gelies, datt verschidden "belleg-kaarten-hiersteller" zimmlech noléisseg sin bei der Hierstellung vum Chip an do daks Kaartenausfäll sin.
Ob dat elo domadder ze din huet wes ech net me viirstellen kinnt ech mer, datt den Aparat d'Foto net oder just felerhaft oofspaicheren kann wann en Kontakt op der Kaart misère mecht.



Geschrieben von Minaa am 07.06.2009 um 13:02:

 

Hmm also meng Kaarten sin awer och vu Sandisk. Hun daat ganzt elo mol probéiert an ech kann déi Fotoen dann just net um Fotoapparat kucken, mee duerno um Pc kréien ech se awer op. Ass also net sou schlemm, et stéiert just heiansdo.



Geschrieben von GrAl am 12.06.2009 um 09:23:

 

Dat ass zwar gelungen... vläit misst en effektiv mol drun denken, datt deng D60 en Defekt huet?
Hues de déi Fro schons un den Nikon-support gestallt?



Geschrieben von Tomz am 12.06.2009 um 18:01:

 

Wees net also un den Support hun ech se nach net gestallt mee ass awa gelungen wann dann grad 2 Cameraen den porblem hun obwuel verschidden Modeller an ass mer lo opgefall dass wei ech den leschten Weekend an der Staat war an eng rei Fotoen vum tour de Luxembourg gema hun nemme 1 mat dem Feeler war kennt also wierklech onreegelmeisseg fier :/


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH