Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Ech war am neie Saturn (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1134)


Geschrieben von patrickr am 25.10.2008 um 11:47:

  Ech war am neie Saturn

De Moien sin ech emol op Belval gaangen fier ze kucken, ob de neie Saturn dat versprecht, wat gesot get.

Et as grouss, et as vill do, mee iergendwéi sin ech net iwwerzeegt. Wat d'Photossaache betrefft do fannen ech, dass et genuch etabléiert Butecker hei am Land get, an och Internetversandheiser, wou een definitiv nach besser Präisser kritt. De Choix as a méngen Aen och net bombastesch, dacks sin et identesch Artikelen déi nieweneen hänken an doduech suggeréieren dass vill do as. E Choix huet een net. An et si Fehler do. Fier en Nikon 50/1.8 wellen se 230 Euro ...

Bei vereenzelten Top-Angeboter schéngt et, dass se veralt Artikelen ubidden, virun allem am Computerberäich. Normal dass déi dan extra-belleg sin, an dass ee se net bei der Konkurrenz fennt, well déi verkafen dat schons laang net méi.

Mech nervt och, dass alles op Franséisch opbaut. Et ka sin dass ech mech verkuckt hun, mee ech hun z.B keng Nintend DS Spiller op Däitsch fonnt. Se haten awer z.B Schwäitz-Franséisch Computertastaturen.

An dann de Parking ..., natierlech war deen um 11 Auer voll an d'Leit hu missten emdréinen. Gudd dass ech um ale Belvaler Parking op der anerer Säit vun den Zucheschinne stoung an iwwert d'Bréck komm sin.

Fazit: secher Kuckenswert, mee et as secher net dat Paradis wat se eis versprach hun. Ech bleiwe bei mengen "Akafsquellen", do kommen ech besser eweg, well och ech haassen deier. Hun nemmen 11,98 Euro do gelooss.

Patrick



Geschrieben von Mochel am 25.10.2008 um 12:28:

  RE: Ech war am neie Saturn

wor daat dei nei AC/DC CD ???? :-)

Ech haat erreicht welles an engem oder zwee Meint dohinner ze goen wann alles mei roueg do ofleeft.



Geschrieben von patrickr am 25.10.2008 um 12:33:

  RE: Ech war am neie Saturn

Nee, eng Maus an en USB-Kabel Augenzwinkern



Geschrieben von ChLo am 25.10.2008 um 13:28:

  RE: Ech war am neie Saturn

Nikon 50mm 1.8 hun ech z.B. op der Escherstroos fir 129 Euro gesin.
Daat as awer e riesen Ënnerscheed...



Geschrieben von Shantideva am 25.10.2008 um 17:09:

  RE: Ech war am neie Saturn

Jo, virun allem deen MacBook deen se sou bëlleg ubieden ass jo eigentlech deen vierleschten Modell. Fir 200 Euro méi kritt een jo awer den aktuellen Modell.
Ech war den Mëtteg och do an wou ech gesin hun dass sou een Konsumtempel méi Leit unzitt wéi een gudden Concert war ech e bessi enttäuscht an sin och erem emgedréint ouni eran ze goen. Daat gudd dobei war dass ech bei mengem extrem kurzen Openthalt keen Parking misst bezuelen. Deen kritt een net verrechnet wann een direkt erem geht. :-)



Geschrieben von patrickr am 25.10.2008 um 17:31:

 

Ween e besse liese well:

http://www.golem.de/0601/42606.html

Do schéngt eppes drun ze sin.



Geschrieben von TomS am 25.10.2008 um 19:06:

 

Naja ech wuar och den eischten Daag do, an sou oft wärd een mech do net gesin...

Als Letzebueger fillt een sech schon quasi diskrimineiert...

Alles as op den Franseischen Marché zougeschnidden...

DVD'en, CD'en, Software, Filmer, Spiller sin alleguerten op Franseisch! ech hun vlait 2 DVD'en op Daitsch fonnt...

Laptop an PC Tastaturen zu 98% AZERTY!!! (Bekannterweis as an Letzebuerg Franco-Suisse Standard!)

Diskrimineierung puer... Meng Meenung

Tom



Geschrieben von Johny am 25.10.2008 um 23:34:

  RE: Ech war am neie Saturn

Zitat:
Original von ShantidevaJo, virun allem deen MacBook deen se sou bëlleg ubieden ass jo eigentlech deen vierleschten Modell. Fir 200 Euro méi kritt een jo awer den aktuellen Modell.

Apple selwer huet dee klenge Modell vun denen alen nach an hierer Linn gehal, fir en kënnen belleg unzebidden...



Geschrieben von Shantideva am 26.10.2008 um 08:11:

  RE: Ech war am neie Saturn

Zitat:
Original von Johny
Apple selwer huet dee klenge Modell vun denen alen nach an hierer Linn gehal, fir en kënnen belleg unzebidden...


Jo daat stemmt, awer net mat deser Konfiguratioun. Hues du dir d'Konfiguratioun dovun richteg ugekuckt? Daat ass definitiv een aalen Model.



Geschrieben von Poly am 26.10.2008 um 12:57:

 

ech wuar och den éischten dag do well ech iwer de belval gefuer sinn an eng parkplatz fir iwer bréck fund hunn, ech wuar wirklech och enteuscht, uarbechtskollegen hetten gaeren de memorystick gehat vun 2gb der wuaren awer keng méi do mueres um 10 auer, fir en asatz fir eng senseo kaffismaschinen krutt ech d'entwert ech soll um "internet" nukucken well si keng hetten, super,de rescht as esou zimlich dat wat iwerall foend toentepatrounen sin de selwechte préis wéi am cactus an 1 € méi deier wéi am cora, ech wannen de saturn zu tréer, méi "sympatesch" am service an der berodung as,fir de rescht ginn ech wirklech léiwer a meng "aler" geschefter, hunn hei op jidderfall ké vertrauen eng gréiser saach ze kaafen, adieu mes amis, gehe nach trier:-)



Geschrieben von Johny am 26.10.2008 um 13:34:

  RE: Ech war am neie Saturn

Zitat:
Original von ShantidevaJo daat stemmt, awer net mat deser Konfiguratioun. Hues du dir d'Konfiguratioun dovun richteg ugekuckt? Daat ass definitiv een aalen Model.


Nee ech war nach guer net do großes Grinsen



Geschrieben von Kwitchibo am 26.10.2008 um 14:14:

 

as deen haut op??

den Saturn?



Geschrieben von Johny am 26.10.2008 um 14:21:

 

Jop bis 6



Geschrieben von Kwitchibo am 26.10.2008 um 21:42:

 

1500000trillionen leit an bannen dran stress 300o leit sin vereckt...



Geschrieben von n0brein am 26.10.2008 um 23:14:

  RE: Ech war am neie Saturn

Zitat:
Original von Mochel
wor daat dei nei AC/DC CD ???? :-)

Ech haat erreicht welles an engem oder zwee Meint dohinner ze goen wann alles mei roueg do ofleeft.


wanns de di aal ac/dc cden zesummenmashs dann hueste di nei



Geschrieben von GrAl am 27.10.2008 um 09:30:

 

Do gesäit en jo nes, datt en gudden Marketing fonktionnéiert.
Iergenden Buttik jäizt "mir sin déi bescht an déi bellegst" an schons gleewt jidferen dat an rennt dohinner. Sid dir all sou naiv ?
Och en Saturn kacht nemmen mat Waasser, grad ewéi Cora, Auchan, Darty, Cactus oder wéi och emmer. All Buttik get op mat e puer Lancementsofferen an dann huet henno och en Saturn emmer zwe, drai Artikelen déi méi bëlleg sin ewéi bei all denen Aneren an den Rescht ass gene sou deier. Dat ass gene denselwechten marketing ewéi all déi aner Geschäfter och maachen, Saturn ass keng Ausnam och wann se "wir hassen teuer" blären an domadder suggeréieren si wiren déi bëllegst. Wien dorobber erafällt ass selwer schold.
Fir en gudden Paris ze kréien gelt et d'Praisser ze vergläichen !!

An fir déijeneg déi sech opregen datt se franséisch ausgeriicht sin: Si hun en Geschäft zu Esch, am Grenzgebit zu Frankräich. Hier Clientel ass franséisch. Si wiren jo blöd wanns e dann géifen däitsch Filmer an Computer verkafen!



Geschrieben von Johny am 27.10.2008 um 10:00:

 

Dass se OCH franséisch Saachen ubidden ass normal, mee net NEMMEN. D'Geschäft ass zu Letzebuerg an déi meescht Leit kafe sech Filmer emmer nach léiwer op Däitsch wéi op Franséisch.

Obs de Recht hues domat, dass et sou ass well et do sou no um Frankräich ass, gesi mer jo dann wann hier aner zwee Geschäfter, am Zentrum, opmaachen smile



Geschrieben von GrAl am 27.10.2008 um 10:48:

 

O! Ech woust mol net, datt se och Geschäfter am Zentrum opmaachen. Gudd ze wëssen.



Geschrieben von deendo am 27.10.2008 um 11:43:

 

Jop, een soll jo mol op Angelduerf kommen. Mol kucken ob do eppes drun ass.

Saturn schafft einfach mat der Mëschkalkulatioun, d.h. dass verschidden Artikelen effektiv méi bëlleg sin wéi bei der Konkurrenz. Allerdéngs sin ähnlech Artikelen an dem Segment dofir méi deier, a finanzéieren esou d'"Remise" vum bëllegen Artikel glaich mat.

Wat d'USB Sticker ugeet: Ech war a menger Mëttespaus bis dohinner, an ech hat mech gewonnert dass se der um 13h schon keng méi haaten. Ech haat dun eng Vendeuse am Rayon gefroot ob se keng méi hätten. Hier äntwert (op franséisch Augen rollen ): Dach mir hun der nach am Stock, awer mir haaten nach keng Zait fir se opzefëllen. Aha... an haut wärten se fir 8 € am Rayon leien? Ech hun mer dun en aaneren 2GB Stick fir 6.99€ kaaft wat a mengen Aen nach ëmmer bëlleg ass.

Thema DVD: anscheinend (!) sollen déi daitsch DVD'en ufank November eran kommen wéi mer eng aaner (franséisch Augen rollen ) Madame erklärt huet. Da warden mer mol of. Wann nët: zu Tréier gëtt ët jo och nach emmer en Saturn. An ob Saturn Luxembourg SA oder den daitschen Saturn meng Suen kritt ass mir am fong geholl egal. An et ass nach emmer méi flott fir een Nometteg op Tréier bummelen ze goen wéi op Esch/Belval.

Deendo



Geschrieben von deendo am 27.10.2008 um 11:52:

 

Hei nach e puer interessant Links zu Artikelen iwwert d'Praisser bei Saturn an Media-Markt:

Focus

Spiegel Online

ComputerBase.de

Media-Bloed.de

Tagesschau.de

Werbeblogger.de

Gidd dach einfach emol "Satrun + teuer" bei Google an ;-)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH