Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- Hellef am PTGUI!! (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1033)


Geschrieben von spako am 03.06.2008 um 16:45:

traurig Hellef am PTGUI!!

Wei sou oft gin ech rem net eenz... ech hun den PT Gui an ech hun ee panorama gemaach, huet och ob den eischte Bleck gudd ausgesin aawer wann ee besser kuckt da gesait een dat am viergronnd d'Linne vun engem Gelaenner absolut net openeen passen.. uewen um Plafong ass daat och de fall aawer bei weitem net sou schlemm... waat muss ech maache fir daat ze behiewen? ech hun den PT Gui alles selwer maache gelooss, hun absolut keng erfahrung mam programm.. ech wier frouh iwwert all Hellef dei ech keint kreien ! :-)



Geschrieben von Shantideva am 03.06.2008 um 18:53:

  RE: Hellef am PTGUI!!

Bas du secher dass du den Autofokus net anhaas wous du d'Foto gemeet hues?



Geschrieben von gloda am 03.06.2008 um 19:11:

 

Et kann sin dass et net en Fehler vum PTGUI as mee vun der sougenannter Parallaxenverschiebung. Dat heescht dass däin Trépied net rondrëm den opteschen Zentrum vun dem Objektiv dréint. Dann passen Elementer am Vierdergrond net gudd openeen. D'Léisung as en Panorama Trépiedkapp.
Maach emol en Test mat engem normalen Trépied. Stell d'Kamera op, an setz zwee Legomännecher o.ä. hannerteneen an enger Linn, sou dass den éischten den zweeten verdeckt. Lo dréin d'Kamera no riets. Wanns de elo den zweeten Männchen och gesäis hues de eng Parallaxenverschiebung am Panorama.



Geschrieben von spako am 03.06.2008 um 19:40:

 

den Autofokus haat ech secher ausgeschallt dorunner kann et also net leien.. ech testen daat mat de verschiebung dann mol... wuel waert et dorunner leien ..schued well soss wier dei Foto net schlecht gin ...hei ass se mol just fir mol ze weise wou de Problem ass (ennen um Gelaenner gaaanz vill an uewen un de Staangen am Plafong och plaazeweiss...




Geschrieben von Shantideva am 03.06.2008 um 20:02:

 

wow! Schued dass daat net gelappt huet well se wier wirlech super gin. Ech denken daat kéint dann sou sin wéi den Gloda soot. Daat Problem hat ech zwar nach nie. Et ass och wichteg dass du den Horizont emmer riicht hues, also emmer op d'Setzwoo oppass wärdend dem ganzen Panorama. Wéivil Fotoen waren daat?



Geschrieben von spako am 03.06.2008 um 20:06:

 

daat haat ech natierlech net gemaach .. alt rem zevioll hasseleg ...wei emmer... naja dei naechste keier dann ;-) ech mengen et waren 12 Fotoen oder sou ...



Geschrieben von CK am 03.06.2008 um 20:21:

 

De Gloda huet recht, an waat den objet méi no ass, waat de problem méi markant ass. D'Léisung ass effektiv fiir iwert dem Zentrum vum Objektiv ze dréinen, an net einfach do wou een den Fotoapparat um Stativ montéiert ass, dofiir gët et dann speziell Käpp déi daat erliichteren.

Hei ass eng gudd Erklärung:
http://www.panohelp.com/panoramicpivotpoint.html



Geschrieben von Shantideva am 03.06.2008 um 21:21:

 

Sou wéi d'Fotoen hei uneneengesaat sin geseit et awer net wéi een Problem durch Parallaxenverschiebung aus. Et geseit eischter aus wéi wann den Fotoapparat net riicht gewiecht wier an verschidden Fotoen e bessi no riets kippen. Ech hun sou een Panoramakapp awer mat digitalen Fotoen mam PTGui hun ech deen nach nie gebraucht. D'Parallaxenverschiebung misst jo och haaptsächlech durch Problemer bei vertikalen Linen an denen Objeten virdrun an duerno entstoen. An daat kritt den PTGui am Prinzip an de Grëff.



Geschrieben von Nicon07 am 03.06.2008 um 21:58:

 

Ech hun de PTgui och kaaft, fir mam 8mm Fisheye 360° Panoramen ze stitchen. Op fototv.de hun ech een Tutorial gekuckt, wou se weise, wi dat soll goen. Abee, ech hun nach keen uerdentléch hikritt, obschn ech probéieren, de Punkt, wou de Sensor dréint su gudd wi méigléch op deem selwéchte Plang ze haalen. Och aaner Fotoe stitcht de PTgui net su gudd wi de Stitcher Express, deen awer och Schwiergekeeten huet, mat Linnen am Avant-plan (Drot, main-courante, Gelänner etc.) Mais dee stitcht keng fisheye -Biller. Dofir hun ech de Stitcher Unlimited an enger Testversioun, mais och dee get net 100%eg eenz. Ech mengen, egal wéi eng soft een hëllt, et muss een beim Fotogrféieren "alles richteg" maachen, dat heescht, ee Stativ, eng Setzwoo an dräi Richtungen säitléch, vischentzech a senkrecht, an dann de Plan Film (Sensor) am beschten op enger Achs loossen. Eng Anekdot nach kuurz. Ech wollt de Banneraum vu méngem Auto mam fisheye fotograféieren, awer mäi Stativ as natiirléch ze vill grouss. Dofir hun ech méch dann am Auto gediebelt, an ech hu fräihänneg !!! ;-) fotograféiert a méngem geschulte Bléck lol et iwwerloos, di "richteg" Positioun vum Fotoapparat ze verhaalen. De Rescht kënnt dir iech denken... lol

Also mäi Rotschlo: Wann een esou ee Pano wéi dat hei wëllt maachen, am beschte keen Avant-plan mat erabréngen. Da klappt et meeschtens. Wat de Sujet mi wäit ewech, wat d'Stitchfehlerquote mi kleng get.



Geschrieben von Charly am 03.06.2008 um 22:50:

 

Zitat:
Original von Nicon07
... obschn ech probéieren, de Punkt, wou de Sensor dréint su gudd wi méigléch op deem selwéchte Plang ze haalen. ...

Et geet net drems em d'Achs vum Sensor ze dréinen, mee em den sougenannten Nodalpunkt vum Objektiv.
Hues de probéiert am PTGui manuell nach weider Referenzpunkten ze setzen?



Geschrieben von Nicon07 am 03.06.2008 um 22:58:

 

Jo, dat hun ech och probéiert, mais daomadder gin ech guer net eenz, do kommen dann absolut abenteuerléch Resultater dobäi raus. Loosse mer sou soen: ech huele mir net genuch Zäit, fir dat mol eng Kéier richteg ze probéieren an ze léieren, dat as den Hoke bei der Saach. Wann ech dat eemol maachen, da geet et och villäicht...
;-)



Geschrieben von gloda am 04.06.2008 um 00:11:

 

Wéi den Shantideva seet, déi Fehler an dësem Bild vum Spako gesin fir mech net aus wéi d'Resultat vun Parallaxenverschiebung, normalerweis gesäit dat sech anescht un, an et dierft beim Glenner uewen, wat jo méi wäit ewech as, net esou staark opfaalen.



Geschrieben von spako am 04.06.2008 um 07:27:

 

Ech gin zou, ech haat den Horizont net an der Mett an d'Objektiv liicht no uewe geriicht fir den Tuerm ganz drop ze kreien... da wees ech dat daat also net sou schlau waar.. mee sou leiert een jo bekanntlech :-)

ech probeieren lo mol e puer einfach panoramaen fir mol bessi uebung ze kreien dat mer daat net mei sur place geschitt... hoffentlech geet et aawrr mat eppes am viergrnn.. fannen daat mei spannend als Foto :-)



Geschrieben von Nicon07 am 04.06.2008 um 07:39:

 

Oder probéier einfach d'Ausgangsfotoen héichkant ze maachen. Dat get meeschtens och besser Resultater.



Geschrieben von GrAl am 04.06.2008 um 09:15:

 

Wann ech d'Erklärung vum CK sengem Link duerchkucken, dann läit der, Nico an Charly, allen zwe falsch, weder den sensor nach den nodal punkt ass den richtegen pano pivot point.
Dat géif dann och erklären wisou datts de mat Fotoen ouni Virgrond keng Problemer hues, net well se net bestinn me well se net opfalen.

Fir en gudden Panorama muss demno vir all Kamera-Objektiv Kombinatioun en egenen pano-pivo punkt definéiert gin.

Et kennt en demno fir en gudden panorama net laanscht en Stativ mat Panoramakapp.



Geschrieben von Shantideva am 04.06.2008 um 10:46:

 

@GrAl: Du kenns ganz wuel ouni een Panokap aus wanns du mat enger digitaler Kamera d'Fotoen mess. Ech hun och geduecht ech misst sou een Panokap hun fir meng Panoramen ze machen awer et kennt een ganz gudd ouni deen Kapp aus wann een, wéi den Nico schon soot, oppasst wéi een d'Fotoen mecht. D'Software (bei mir den PTGui) regelt de rescht. Den Panokap ass onverzichtbar wann een Analog Panoramen well machen.
Bei villen vun mengen Panoramen hun ech och Linen ganz no gehat an ech hun keen Problem kritt well ech verschidden Regelen agehalen hun. Op den Panoramakap verzichten ech well ech daat sperregt Geschier net emmer iwerall matschleefen well, an et mir nach neischt bruecht huet. Ganz vum Stress oofgesin fir den Fotoapparat och nach dorop auszeriichten. Den Nico ass jo och een groussen Spezialist an dem Gebiet an ech denken net dass heen och emmer een Panokap dobei huet. Dobei sin déi Käpp och nach schwengseg Deier.



Geschrieben von GrAl am 04.06.2008 um 11:14:

 

Den Nico ass effektiv en fäihand-pano-spezialist, dorunner ass ken Zweifel. An ech waert mech hidden aer Erfarung unzezweifelen, just well ech 5 minutten eppes driwer gelies hun :-)
Bon, ech schreiwen elo näischt méi an dëser Rubrik soss wäiche mer zevill vum eigentlechen Thema of.



Geschrieben von Shantideva am 04.06.2008 um 11:23:

 

:-) Keen Thema! Ech wollt dir daat och net kengesfalls ennerstellen. ;-)



Geschrieben von spako am 04.06.2008 um 12:45:

 

@Nico: ech haat d'Fotoen all heichkant gemaach.. wuel eng vun deenen eenzege Saachen dei ech richteg hei gemaach haat ;-) fleissig üben heescht et lo

ech denken och net dat ech mer sou een Kapp kaafe waert.. dei kaschten ee Paack Geld hun ech gesin an en plus si se nawell schweier a kloobeg.. naischt fir mech ech droen net gaeren zevill mat deruerschter



Geschrieben von Charly am 04.06.2008 um 13:33:

 

Zitat:
Original von GrAl
Wann ech d'Erklärung vum CK sengem Link duerchkucken, dann läit der, Nico an Charly, allen zwe falsch, weder den sensor nach den nodal punkt ass den richtegen pano pivot point.

Deen Pano Pivot Point ass den Nodal Punkt: Nodal Point
Firwaat daat op deem aaneren site net beim Numm genannt gët wees wuel nëmmen den Auteur.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH