Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Photogen-Erkennungszeechen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1000)


Geschrieben von MarcGerard am 25.04.2008 um 01:59:

  Photogen-Erkennungszeechen

mäer haten dat thema schon engkéier, mee ech géif et gäeren nachengkéier opwullen! emmerhin sin erem 1000000 aner leit hei XD

et geet em en erkennungszeechen:

hei méng kleng geschicht: de mettwoch woar ech an der stad an do hun ech en typ gesin deem ech nach ni begéint sin, mee ech wosst genee dass ech e kennen. ech si mer elo secher dass en hei vum site as, emplus hat en eng spiggelreflex emhänken! ech woar mer de moment selwer awer net secher, an hee schéngt mech och net erkannt ze hun!

wier et keng iddi sech en erkennungszeechen ze man? mäer kënne jo net iwwerall den T-Shirt undoen großes Grinsen
en erkennungszeechen um fotoapparat wier cool (z.b. eng blo ligne um fotoapparat (iddi)
oder iergende geste!

de klex an ech soen eis emmer "gudd liicht" als sproch wa mer vunenee gin! dat wier och eng, mee et misst eben e geste sin!


bon, loossen déi iddi mol sou am raum stoen, kuckt dass der eenz gidd XD

allez, nuecht XD



Geschrieben von Nicon07 am 25.04.2008 um 10:11:

  RE: Photogen-Erkennungszeechen

Wanns du elo gesot häss, en Dënschdeg, dann hätt ech et jo nach bal kënne sin. Do war ech nämléch an d'Oktavandacht, a virdrun hun ech nach Fotoe gemaach, ënner aanerem eng vun deenen, déi ech fir de Contest eropgelueden hun... lol.

Nee am Eescht elo: Da twier natiirlech eng gudd Iddi, wann een séch als photogenisto ze erkenne kéint gin, awer eng blo Sträif un der Kamera, as dat net e bessi diskret? An da wire mir beim Problem: wéi mécht een esou een Zeechen diskret opfällech mécht? Sou a scho muss ech erem op d'Klass, d'Paus as eriwwer. Bis mi spéid dann...



Geschrieben von MarcGerard am 25.04.2008 um 10:18:

 

nee, du woars et net. ech weess ween et woar, mee ech fanne säin numm net méi großes Grinsen

mäert hate schon engkéier driwwer geschwat a fonnt et kéint een z.b. einfach den apparat emmer de verkéierte wee emhänken. dat meet soss keen großes Grinsen

en aarmbänd'chen hun ech coh scho geduet, mee dat gesäit een rem net emmer!

also vir mech wier et flott wa mer eng méiglechkeet géife fannen de fotoapparat esou ze dekoréieren dass een op den éischte bléck gesäit dass een PGist as. eppes wat näischt kascht, mee opfällt!



Geschrieben von Johny am 25.04.2008 um 10:21:

 

Ech hun e photogen.lu Sticker op menger Sonneblend vum Tele. Den JohnJ war zu Amnéville am Zoo, huet mech do gesinn, mee kee Wuert vu PG gesot wubäi en de Sticker 100% gesinn huet.

Sou vill dozou -.-



Geschrieben von MarcGerard am 25.04.2008 um 10:41:

 

^^
da musse mer 2 zeeche man:

eent vir photogenuser déi de kontakt mat der aussewelt NET scheien! an een normalt XD



Geschrieben von Nicon07 am 25.04.2008 um 16:55:

 

Wéei wier et man dem photogen-header op dem Rimm, un deem eis Cams henken??



Geschrieben von Johny am 25.04.2008 um 16:56:

 

a wéi mëss de deen dodrop? (En plus ännert deen jo)



Geschrieben von Metalbambi am 25.04.2008 um 17:30:

 

Also ech haet do eng kleng an einfach idi: ob den meechten SLR steet d mark jo vierdrob an weissen bustaawen, wan een dei einfa geif blo emfierwen geif obfaalen well een jo sws wan een een mat enger SLR geseit emmer mol kuckt weieng et ass an et wier belleg an einfach ze maan. an vier dei wu nt wellen erkannt gin mussen et jo nt maachen oder se kennen seier fortlaafen wan se et gesin XD
Zur idi d kamera den verkeierten wee unzedoen, nja ass jo och nt vier neicht wu soss keen daat mecht... ass nt wiekelch ganz praktech!
keint een natielech och einfa ob den meetinger en klengen patch mat der PG-kamera (blo ob schwarz z.B.) verdeelen dei een sech dan un den gurt bitzen kann.



Geschrieben von MarcGerard am 25.04.2008 um 18:03:

 

dat mam patch as deier, dat mat der bloer faarw op der mark as cool a bëlleg! e bloe punkt iergendwou mecht et och, mee op der mark as et schon zmlech cool, vu dass dat zeeche meechtens op enger platz um fotoapparat as wou een et gudd gesäit!

ech fannen dat cool metalbambi!

lo musse mer nach eng efficace iddi hun wéi een dat am beschte mecht, ouni villl ze investéieren, sou dass jiddereen dat selwecht huet an +/- de selwechte faarwtoun!



Geschrieben von BlackPanther am 25.04.2008 um 18:39:

Daumen hoch!

hehehehehe großes Grinsen großes Grinsen
also speitz wu ech dem Johny sain verworf fun der -bloer Straif- gelies hun duescht ech OCH drun dann den Canon...also...MARKEN-Schreftzuch anzefierwen!
kascht niks an as garanteiert opfällesch (seidenn et verstreckt een sech den Apparat sou wi ech em dHandgelenk...manch awa nik emma...XD)

an fir na enka op den
Zitat:
da musse mer 2 zeeche man:
Eent vir photogenuser déi de kontakt mat der aussewelt NET scheien! an een normalt XD
zrekzekommen (LoooL großes Grinsen ) do kann een sech joh sou een Faarwkode dabai ausdenken...nom motto den A giel heescht ech sen gudd drop, komm mir schwetzn, den N roud heescht -patten wesch- an sou..... (gebrauchsanweisung fun den Faarwen derbai ze hun as dann awa ESSENTIEL..... großes Grinsen )iddi as top!ech sen derbai! Augenzwinkern



Geschrieben von toto am 25.04.2008 um 19:36:

 

jo mee die buschtawen sin ziemlech kleing.



Geschrieben von Nicon07 am 25.04.2008 um 20:41:

 

Ech weess zwar net, ob ech méng Apparater blo afierwen? unglücklich Wat as, wann een eng Kéier ee wëll verkaafen?



Geschrieben von Johny am 25.04.2008 um 20:53:

 

Genee, daat geif ech och net sou immens fannen :/



Geschrieben von toto am 25.04.2008 um 21:04:

 

wie wär et mat einger farweger schnurr un den camera rim streckelen.



Geschrieben von Metalbambi am 25.04.2008 um 21:14:

 

aslo zum punkt verkaafen: wan ech meng verkaafen dan iwwer PG an do ass et dan sws egal, an wan een eng kamera doweinst nt well haat en pech, an mat e bessen bensin geet z.B. waasserfesten steft och nees fort, an (laesten) wan mer et allenguer maachen get daat jo schon baal en kulzeechen hei an letzebuerg, sin jo nt graat weineg PG-members.

an zum punkt mat der faarf: mat faarftein kennen ma eis jo all aus, mee kan een och einfa en waasserfesten steft soen deen dei gewenschten faarf huet, mengen di meehct leit kaafen sech sws alt mol souen steft an wan dan eben desen. oder einfa bessen individualiteit mat dra gin dat et just blo muss sin, sulaang se als blo ze erkenen ass egal weieng Augenzwinkern

gudd idi iwwregens Marc



Geschrieben von JADE am 25.04.2008 um 21:28:

 

een klengen Satin's Bändchen (z.B.) do fest machen wou och den Rimm festgemach gëtt

oder och 2 Bännercher zesummen/beieneen ... an dann géingen mir se "blau und gelb" huelen ... als Widmung un den Marc deen d'Idee jo erëm lancéiert huet ... großes Grinsen

Edit
... daat kascht baal nix ... an kritt een erëm gutt eroof ...
oder ët waart een bis se vum selwen "faulen" an erooffaalen Zunge raus ... wéi d'Frëndschaftsbännercher ... Augenzwinkern



Geschrieben von Jean-Jos am 25.04.2008 um 22:03:

 

Jade , du bass nees immens!
déng Léisung ass einfach an iergendswéi genial och wann s'als Jux vläicht geduecht war Augenzwinkern )



Geschrieben von Polinger am 25.04.2008 um 22:23:

 

Hmmmm... ech sin net begeeschtert vun deem ganzen Fierwen etc.... ech well megn kamera zwar nach sou baal net verkaafen, mee wann, dann soll se an engem makellosen zoustand sin, sou wei lo, ob ech se un en photogenist verkaafen oder net... eppes mam rimm klengt gudd ... ech mengen, deen ass ersetzbar an jiddereen hengt seng kamera jo wuel em den hals, wann en fotoen mecht oder? xD boooon ...waat keiiint een dooo dann maachen... hmmm... gin et net sou badgen, dei een kritt, dei een opstrecken kann? mam logo, d.h. der kamera.... hmm..maachen lo mol eng vierlaag an dann setzen ech dei mol drop ^^ ... bis gläääich Augenzwinkern Zunge raus



Geschrieben von MarcGerard am 26.04.2008 um 00:49:

 

ähm, dat stemmt polinger, 't kamera verléiert jo amfong u wäert! net jidderee vergewaltegt séng kamera sou wéi ech, ech hun do net dru geduet XD

ech well mech net profiléieren, mee an dem JADE séng richtung kënne mer weiderfueren! bännecher kritt een emmer rem lass! wann déi do um rimm allerdéngs net nerven! (dat gebaumels do! emplus huet een emmer 't hänn do, wat as wann ee këddelech as?XD )

mee do kann ee jo weiderspillen, kommt nach mat iddi'en, mäer komme virun ;D



Geschrieben von annemie am 26.04.2008 um 02:12:

 

mmh...wei wier et mat iergendengem Button?
Dei keddelen net xD; sin flaach; kann een rem rofhuelen... bla. ;-)
An...jo...et gett se dach bestemt och mat giel an bloo :-) (bei deenen 1000en fuerwen-buttons as daat bestemt dobai.)

ehmmm...:soot ech schonn dass d'iddi mer gefällt? xD
(et misst nach en erkennungszeechen ginn wu dann den usernumm rifft LOL)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH