Vun deenen 6 ass dei mëttelst hei mein Favorit. Net well se weitleefeg un en Humpen erennert mä dei ennerschiddlech Linnen gefaalen mier. Dei vertikal hun och eppes, dei keint een zu drei kombineieren.
Waat mech allerdengs stéiert ass dei naas Zeitung um 1. Trepplek an dei verschloddert Traap allgemeng. Op där enger Séit interessant fier d'Foto op där aanerer Séit freet een sech fierwaat esou Bauten nët uerdentlech an der Reih gehaalen gin. Et kéint een där diddelenger GaLabau Firma, déi den Ennerhalt ronderem d'Coque mecht och do den Optrag gin 1 - 2x am Joer eng Héichdrockwaassersprëtzmaschin matzebrengen ...
Ech kann dir soen, ech war schockéiert, wéi déi Anlag do ausgesäit. Dofir hun ech di Zeitung jo extra an Szen gesat. An et ass jo nit nëmmen d'Zeitung op der Trap. Och am Labyrinth läit genuch Dreck. Du weess jo mëttlerweilen, datt ech ee Fan vu Gärt a Parke sin, an datt sou eppes, wéi di Anlag do um Kierchbierg, déi iwwregens an engen Buch veréiwegt gin ass, mir extrem gutt gefällt. An datt dat méch traureg mécht, wann dat nit respektéiert gëtt. Méng Serie hei sollt dofir nit onbedingt just deen ästheteschen Aspekt vu deem Park weise, mais och dat "Delabréiert", wann ee sou ka soen.