Dat war awer séier gaangen! Junge, junge. Du bass jo méi séier wéi d'Liichtgeschwindegkeet.
Natirléch gefällt déi mir! Do ass jo och een Zuch drop!
P.S. Ech versti just di CFL-Leit nit. déi dir Dreckskëscht do strategesch onphotogen plazéiert hun. Mais bon. D'Chance, datt d'Voyajören se do geroden ass méi grouss, wéi aanerwärts.
à propos P.S. ech muss mir deen mol uschafen an da flitt se an d'Poubelle di ällen Dréckskescht, et ass nach gut dat et keng faarweg Foto ass, esou hält de onphotogenen Offall sech nach a Grenzen
strategesch gesinn steet desen urbanen Mobilier (hun ech hei geleiert wei een esou eppes nennt ...) goldrichteg. Dem allgemengen Voyageur muss een esou eppes riit an d'Feiss stellen soss leeft een Gefohr dass iwerflessegen Balast seier um Bueden an an der Natur ennerbruecht get.
Tja ech wéilt du häss recht, leider wanns de drop klicks gesäiss du dat awer nach zwo Pet-Fläschen hanner der Dréckskëscht um Buedem stin, um Bild stéiert et awer lo net esou
Dat si bestëmmt professionnell Müll trenner, déi, well kee bloe Sak dofir do ass, mais just ee Restmüllbehälter, déi PET-Fläschen virschrëftsméisseg NIT do entsuergt hun.