Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Fréijoer kënnt!

 
D'Fréijoer kënnt!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.03.2017
  • Gekuckt:
    31647
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    560 KB
  • Originaldatum:
    2017:03:14 18:11:56
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Blummen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87933]
Kommentar vum Fotograf:
Endlech!
Blumm: Pulsatilla vulgaris
Maimonides 18.03.2017 - 16:30
Gefällt mir gutt, jorsch,
wéinst dem Volume
an den Emotiounen:

Buuschten an der Luucht !
jorsch 18.03.2017 - 21:47
Merci Maimonides, et freet datt d'Bild dech beréiert!
tormi 18.03.2017 - 20:56
schein an Scene gesaat....

Gaart oder Naturstandort?
jorsch 18.03.2017 - 21:51
Merci tormi, fir däi Kommentar.
Et si wëller an et war mer wichteg d'Stëmmung vun der Plaz ( Wiss, Hecken, Bësch ) iergendwéi mat op d'Bild ze kréien.
NikonD80 19.03.2017 - 15:53
schéin Foto, flotten HG smile
jorsch 20.03.2017 - 07:59
Merci NikonD80!
ornitho 21.03.2017 - 18:26
Schéin Jorsch !
jorsch 21.03.2017 - 20:04
Merci ornitho.
Conley 21.03.2017 - 23:55
Schéin dass de eng Verniwwelung am Virfeld mat an´t Bild Fotograféiert hues. An net mam Pinsel geschaaft hues. Di fannen ech ganz realistesch! Am géigenliicht kommen Härecher vun der schaarfer Blumm ganz gutt och mat de Faarwen eriwwer. Eng gewëssenen Déift geet dem Bild di net schaarf Blumm.
Strukturen am Hannergrond sinn zwar hefteg.(Awer esou gefalen di mir ganz gutt) Ginn dem Bild awer eng gewëssen Bildlech Bewegung oder Rotatioun. Spannen ech elo, oder hues de och esou eng Impressioun?
jorsch 24.03.2017 - 07:36
Merci Conley fir däi laangen an detailléierte Kommentar!
Ech wollt hei d'Ëmfeld vun der Blumm mat an d'Bild abezéien, weise wou se steet. Dann ass et schwiereg e gudden Equiliber tëschent dem Sujet an dem Hannergrond ze fannen. Well den HG. awer zimlech bewegt an onroueg ass, hunn ech hei selektiv d'Faarftemperatur erofgesat an och e bëssen desaturéiert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 276 Gäscht online