Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Biker
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (08.02.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.02.2015
  • Gekuckt:
    86235
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    43
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    349 KB
  • Originaldatum:
    2014:08:17 22:08:53
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    EF 24-70 L
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc
Extras:
merci un den klengen Bridderchen (=Fuerer)

Equippen + trickot= KEULS&FRIENDS

Fir anzesetzen: [pg_img=82054]
Kommentar vum Fotograf:
een Velosfuerer, am Studio.

(klengen Setup, Bletz lenks an riets, den lenksen Fouss steet op engem Holzblock - hien hat een tiptop Glaichgewiicht!)

den Setup
alternativ1
nach méi
Aiello 07.02.2015 - 18:32
aus velos geck, muss ech dei gut fannen smile
OK-Photography 07.02.2015 - 21:57
hehe mir hunn en bessi experimenteiert - ass am Kiischpelt geknipst, an mam Trickot vun eiser lokaler Equippe: Keuls&Friends closed_eye

Freet mech dass se der gefällt!
OK-Photography 08.02.2015 - 14:17
(hunn der nach puer am Kommentar derbaigesaat! closed_eye)
Aiello 08.02.2015 - 16:08
smile D`Alternativ 1 ass och ganz flott, an wou en an der Felge setzt, och eng gut idee...gut geschafft mat der Lucht..

Wat ass Keuls&Friends genau ?
OK-Photography 08.02.2015 - 16:13
(war just als Zousatz)

Keuls&Friends ass eis Equippe, Koleegen hei aus dem Eck, ennert dem Fändel fueren mir 24h-Velo-Wentger an aner Events mat (Triathlon, Randonnéen) - den Trickot ass eng Eegenproduktioun an huet Rem-erkennungswert... closed_eye
Vlaicht begéint een sech jo enka op der Streck...
Aiello 08.02.2015 - 16:59
Majo gesinn der alt ol hei lanscht meng Dir furen, wer frou pur Leit hei ze kennen, mat denen ech mol keint furen goen, also Strossenvelo
theom 07.02.2015 - 18:32
Immens flottausgelicht.
OK-Photography 07.02.2015 - 21:58
ass net 100% prezis ginn an et war Gekniwwels am Photoshop fir alles propper schwarz ze kreien (wat mer ennen bei der Felg net sou gudd gelongen ass...)
thanks!
FraSi 07.02.2015 - 19:03
Sehr spannende Fotoarbeit!
OK-Photography 07.02.2015 - 21:58
hehe spannend och do d'Glaichgewiicht ze haalen! smile

MERCI!
ornitho 07.02.2015 - 20:11
Schéin belicht , gefällt ma besonneg gud !
OK-Photography 07.02.2015 - 21:59
merci! smile
ornitho 09.02.2015 - 06:31
gratulatioun, ech wosst et smile
Zora 07.02.2015 - 21:29
immens!!!
OK-Photography 07.02.2015 - 21:59
thanks!!!
Conley 08.02.2015 - 00:37
Mir gefält d'Idee an't Bild mat där Beaarbechtung excellent! Géing et just gären een bëssen méi grouss gesinn! Et Pixelt zwar een bëssen awer hei Klicken ech gären zwee mol!!
OK-Photography 08.02.2015 - 00:56
jop hunn ech mer o well geduercht - ech ersetzen se!! smile

Merci Conley, freet mech dass se usprecht!
Conley 08.02.2015 - 01:27
Gefällt...huet mir Bild schonn Exzellent gutt, awer elo ass et nach wesentlech besser!!
OK-Photography 08.02.2015 - 14:16
(an ech hunn nach puer alternativen derbaigesaat...closed_eye)
jorsch 08.02.2015 - 13:46
Super Portrait!
Duerch d'Liicht emol eng ganz aner Vue vum Sportler.
Gefält mer exzellent.

( E klengen Detail-Gedanken: Eventuell de Kapp nach e bëssen erop, sou datt een de Mond och gesäit? )
OK-Photography 08.02.2015 - 14:16
d'Ziel war eng "tongueuristich" Foto vum Velosfuerer mam Velo ze fotografeiren...dofir den net-existenten Hannergrond an dei minimalistich Beliichtung... freet mech dass se gefällt! smile

stemmt, mam Kapp hätt ech nach bessi aner Wenkelen probeiren kenen - allerdings steiert mech hei méi (wann mer d'Detailer kucken) dass daat fiischt Rad net genau an der Linn ass....
allerdings eng wackeleg Geschicht wann een net mei um Suedel setzt an den eenzegen Kontaktpunkt en Holzblock ennert enger Pedal ass...

(hunn puer Setup-fotoen derbai gesaat, gugsdu alternativ1)
jorsch 08.02.2015 - 19:36
Merci fir deng weider Biller. Och d'Bild vum Set-up ass ganz interessant.

Bei der alternativ1 kréien ech d'Gesiicht vum Sportler ze gesinn. Déi haart Luucht markéiert d'Gesiichtmuskulatur an et gëtt den Androck vu Kraaft a Konzentratioun. D'Ae sinn hannert dem Brëll verstoppt, ech kréie kee Bléckkontakt an de Sportler wierkt doduerch wéi aus enger anerer Welt, bal ausserierdesch. Och dat fannen ech exzellent.

Den Orginal ass eventuell méi futuristesch, méi technesch.

Mir gefält d'alternativ1 besser, mä dat ass sécher hei adg.



OK-Photography 11.02.2015 - 11:46
hehe kp - stemmt, dei mam Gesiicht wierkt komplett anecht!
ausserierdeg ass dBeliichtung allemool, huet Spaass gemaach mol een Motiv wat een usech just "an Beweegung" kennt, sou an Scene ze setzen.

(dei kruut och bei mir 5stären, hunn mech awer hei fir een mei groussen Kadrage entscheed...)
Conley 09.02.2015 - 00:01
Du kucks jo nach, dan mol Gléckwonsch!!
JADE 09.02.2015 - 00:05
XLNT !

den "nach méi" gefällt mir och immens gutt smile
OK-Photography 11.02.2015 - 11:43
Merci JADE!! freet mech dass se dir gefällt!
et sinn nawell een ganzen Koup Fotoen derbai rauskom, ech kucken awer emmer dat Bescht/dat wat mir am beschten gefällt ze weisen...
gogo 09.02.2015 - 19:53
Aaaaaaaaaaaaaah super Oli!

Och di aaner Fotoen cool!

Wéini gëtt MTB Versioun gemeet,
brauchs de awer och bëssi Bulli dann!
OK-Photography 11.02.2015 - 11:41
mehehe thanks!
jopp, steet op der to-do-list, mee dann brauch ech een Fotograf! tongue
Fraiweleger? closed_eye
Sutebe 11.02.2015 - 17:33
Ob dem Heigen Niveau wous de hei huers haet ech fleit nach en bessen getrickst mat Photoshop: den Kapp metteg gesaht zum velo .. fleit an de serie vun Photoen gekuckt eng ze fannen wou daht fiecht raht genau metteg ze gesin ass.. an dann ersaht an deser.. mee daht sin ennerungen ob heigem Niveau .. dess Photo ass esou schon den TOP..

Enzeg plaatz wou et manner keint sin ass ob den Reppen do ass daht weisst liecht ze stuarck fannen ech.. mee ass secher eng sach vum geschmach..

D'alernativ gefaelt me ganz gut an dei mam am raad setzen ass et schuert dass dei eng Speech net genau metteg ass .. mee erem ob heigem nieveau en klengen unsporn et wierklech perfekt ze machen ..

ornitho 11.02.2015 - 17:43
Heigen Niveau = mat Photoshop mussen oder sollen ze tricksen ? Pas mal bigsmile.... Mengen op sou engem Niveau soll en grad esou man wei meigleg vermeiden recours op EBV ze heulen...
Sutebe 11.02.2015 - 18:30
@ ornitho : nee falsch verstannen mat heigen Niveau wuar d'photo gemengt an wann een dann alles perfekt well eben mat photoshop oder et nei photographeieren .. Sou gesin ass et jo ziel bei enger kontrolleierbarer situatioun den maximum direkt ze fotographeieren. An waht sprecht geint verschafen et geheiert haut zu de Photo dozou..
ornitho 11.02.2015 - 18:59
Jo hun dat schon verstan, mee elo eppes an enger foto optimeieren, Kontraster, Schärft etc.. sen Ech nach engerermossen d'acord, mee elo sachen ewei: den Kapp metteg gesaht zum velo... ass dann nemei ok , well do veränerste io wieklech De Sujet zu da Orginalopnahm.... grad esou sachen soll en dann Oppasen bei da Opnahm direkt... Sen e Fan vun Technologien, och vum Photoshop, mee an mengen Aen muss och nach eppes traditionelles an dem Metier, Hobby bestoen bleiwen..
Mee Respekteieren awa gären Deng Usicht, wann ma all gleicher Meenung wieren wieret io och langweilleg smile
Sutebe 12.02.2015 - 09:51
Jo ech verstinn jo och dei unsiecht vum Purist smile sin eben technikfreak ;) an zu de Photography geheiert manipulatioun jo awer schons baal emmer dozou. Z.B. Henri de Toulouse-Lautrec " Ween den Num net kennt seng Plakater kennt baal all mensch smile" wou ech einfach top fannen well heen schon virun 1900 als Graphiker an Photogkenschtler geschaft an manipuleiert huert smile Ass eben mei menges smile
OK-Photography 13.02.2015 - 14:54
hui - jopp, ech gesinn wats de mengs! ass weis du sees "wait sichen gaang" mee stemmt, wann ech se am 2x3meter giff printen, geiff ech sou Saachen secherlech korrigeiren (besonnech d'Rad, den Kapp an dei blöd Schieter vun den Bretellen ennendrenner um Trickot)

Hunn awer och sou schon meng Zait dermat am PS verbruecht: hunn den HG missen korrekt oofdaischteren, doduerch dass ech keen Pabeier haat huet een awer allerlee Krimskrams hannendrun gesinn (Softbox street WAIT) an eng propper Mask hierstellen war schon bessi Arbecht...dMotiv hunn ech awer waitesgehend sou geloss wei et war.

An: ech sinnn och der Meenung dass eng Foto schon verschafft sollt ginn, ouni Dunkelkammer geet et net - wéi wait een geet, henkt fir mech vum Zweck oof, wigesoot wann et een riesen Print ass, ass et eppes anecht wei just se an den Portfolio baisetzen...
(ALLES beim fotografeiren direkt riicht ze hunn.......ass schwirig...do kann een sech nach souvill Méih ginn, wann een se bis doheem eng halef Stonn laang gekuckt huet, fent een emmer nach eppes...)

thanks fir dei -advanced- Kritik, an interessant Diskussioun zwescht iech 2! closed_eye
Sutebe 13.02.2015 - 15:47
Emmer erem gaer smile awer wei gesoht wuar schon praktech keng Kritik. Daht wuert ass ze schlemm fier et bei desser arbecht nach ze gebrauchen closed_eye
Michelle 12.02.2015 - 16:23
Woah, ganz flott! déi Foto mam Rad ënnert "nach méi" gefält mer och immens gutt! insgesamt gelongen Beliichtung!
OK-Photography 13.02.2015 - 14:56
hehe hunn gekuckt den Maximum aus dem Sujet "Velo an Sportler" rauszehuelen....freet mech dass der dei zackeg Beliichtung gefällt!
OK-Photography 13.02.2015 - 14:56
ToPo 13.02.2015 - 14:00
Super Foto an top Belichtung! smile
OK-Photography 13.02.2015 - 14:56
ToP - merci! an dat direkt 2mol! ;D

(den Biker kent dann mat op den nächsten Workshop)
ToPo 24.02.2015 - 19:46
Daat ass eng gudd Iddi!

Gaer geschitt! smile
gtaddei1 04.04.2015 - 23:37
suoper flott
OK-Photography 07.04.2015 - 11:16
merci gennaro

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 273 Gäscht online