Flott, awer ech hätt d'Joffer e bessen méi riets an d'Bild placéiert, do häss de zwou Mecken matt engem Schlaf getraff. D'Foto wir méi stemmeg an deen wäissen ausgebrannten Flèck wir fort. Mee déi farwlech Stemmung vum Bild ass super ! Daat bloot Kleed harmonéiert immens gudd mam Hannergrond.
Merci fir deng ausféierlech Kritik! : ) hat leider just 30 Minutten Zäit gehat an et misst alles schnell goen ... mä ech fannen dat et hei grad d'Foto schéin ënnerdeelt. : )
Sorry wann ech bei esou enger Foto een Komentar schreiwen! Wou ech net onbedéngt eppes dovunner kënnen. Awer de Bléck wou de Model hin kuckt, soll de Model dann awer éischter an den lénken Eck gesat ginn? Fir een bëssen méi Fräiraum an Bléckrichtung ze schafen. An dësem Fall awer dann just een kleng bëssen aus der Mëtt! Soss wier et schonn erëm iwwerdriwwen.
Keen Problem, ech freeën mech op all Komentar, also ech sinn och keen Profi wéi du gesäis : ) Mä ginn der do Rescht, dat et säitlech besser gewiescht wier, mä dat war déi bescht Foto wou den Schnéi an d'Mimik richteg mat gespillt hunn, dofir hunn ech déi geholl.
Paul-H fir Recht ze hunn, dorëms ass et mir nach ni gaangen! Just een kleng bëssi weider ze ginn, an och een bëssen, iergendwann eng kéier zeréck ze kréien! Iwwer Konstruktiv Kritiken bei mengen Bille!
Panorama ass éischter eppes fir Landschaften. Porträen wéi hei sollen wann méiglech am Héichformat gemaach gin soss geet d'Wirkung vum Bléck vun dengem Model ganz verluer !
Ech sinn zwar net ganz denger Meenung, mä trotzdem Merci fir deng éierlech Kritik : ) (Ech fannen dat wat ronderëm passéiert immens t'Atmosphäre ausmécht an dat häss du duerch een Portrait am heege Wee leider verluer ... datoen ass éischter als Filmlook ze gesinn)