Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Verzasca

 
Verzasca
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.09.2013
  • Gekuckt:
    36039
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    15/1 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    + 0,3 EV
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    442 KB
  • Originaldatum:
    Juli 2013
  • Fotoapparat:
    NIKON
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikkor
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
ND 0,6 & Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=74650]
Kommentar vum Fotograf:
..déi selwecht Plaatz ewéi dës hei..

le jour se lève


..zu enger anerer Joereszäit an anert Liicht...
gemu 03.09.2013 - 13:49
Fannen déi excellent, gefällt mer nach een Tick besser wéi di anner wéinst den waarmen Faarwen. D'Strukturen an den Steng sin immens flott erausgeschaft. Super Liicht. Fir mech top
marker 08.09.2013 - 13:24
Merci gemu,dat freet mech ze liesen.
Jean-Jos 03.09.2013 - 13:51
Ech wosst gläich, datt dat doten eng vun dir wäer smile
Herrlech! Du kanns mëttlerweil bestëmmt eng Austellung zu dem Sujet machen.
marker 08.09.2013 - 13:35
Do kéins du Recht hun Jean-Jos, ech hun e puer där Biller zesummen.
Freet mech natierlech wann d'Bild gefällt, an dir e grousse Merci fir däi Kommentar.
piuul 03.09.2013 - 14:59
Sauflott !! An interessant ze gesin wei verschidden eng Foto wirken kann je no der Zeit wei se opgeholl gouf. Zumools ech wees dass du net um Temperaturregler rapps bis se esou as wéi se iergendwéi gefällt, mee bis se sou as wéi et wirklech ausgesin huet ... closed_eye closed_eye
marker 08.09.2013 - 13:47
Stëmmt, awer esou ganz ouni PS geet et och net, an och ech machen minimal Upassungen, zumindest waat d'Tounwerter resp. Kontras betrëfft. ''d'PS Gespills iwwerloossen ech awer aneren, dat ass net Menges''
Merci fir däi Kommentar Paul, freet mech.
Miau 03.09.2013 - 21:29
ganz flott Marc
marker 08.09.2013 - 13:36
Merci beaucoup Miau, dat freet mech.
Conley 03.09.2013 - 23:22
Do weess ech och direkt...eng marker Opnahm! Luucht gefält mir hei och besser. Fannen awer dass een di zwou Opnahm net esou soll kucken, an direkt madenëen vergläichen soll. Luucht ass ëmmer anescht, an di zwou huen fir mech een gewëssen Charme!
marker 08.09.2013 - 13:52
E Bild mat engem ''Erëmerkennungwärt'' also..closed_eye ...esou huet den Jean-Jos et och gesinn. Dat freet mech natierlech ze héieren, an dofir och e grousse Merci un dech, Conley.
Conley 09.09.2013 - 20:58
Gléckwonsch marker!!
marker 09.09.2013 - 21:20
Merci fir d'Gléckwënsch Conley.
Jacques 05.09.2013 - 05:29
Sie hun allen zwou eppes spezielles durch d'Lucht, dess gfällt mer awer en Tick bessersmile
marker 08.09.2013 - 14:40
Merci beaucoup fir deng Meenung Jacques,
jo, bei dëser ass d'Liicht méi warm a wierkt doduerch méi ''frëndlech''.
Jacques 09.09.2013 - 10:41
Gratulatioun fir d'Wochenfoto markersmile
marker 09.09.2013 - 21:20
Merci fir d'Gléckwënsch Jacques.
Paul-H 08.09.2013 - 10:33
Vu dass ech där doer och en etlech hei rop gelueden hun, an nach vill méi gemaach hun, wees ech wéi schwéier et kann sin. Déi heiten ass TOP!
marker 08.09.2013 - 14:43
Dat stëmmt. Wann d'Liicht passt, esou wéi hei, dann bas de engem gudde Resultat awer schons e gutt Stëck méi no.
Och dir Merci gesot fir däi Kommentar Paul-H, dat freet mech.
jorsch 08.09.2013 - 12:03
Deng bal abstrakt Steng-Waasser-Biller gefale mir immens gutt.
De Verglach mat derselwechter Plaz zu enger anerer Dageszäit erënnert mech un dem Monet seng impressionistesch Serien. Kéint ee jo nach fotografesch ausbauen...
marker 08.09.2013 - 14:51
Deng Appreciatioun éiert mech, ..an d'Geschicht mat enger impressionistescher Serie as jiddefalls eng Iwwerleeung wärt.
Dir ebenfalls e grousse Merci gesot jorsch, dat freet mech.
jorsch 09.09.2013 - 08:42
Voilà! Gratuléieren!
marker 09.09.2013 - 21:21
Merci fir d'Gléckwënsch jorsch.
gi87 09.09.2013 - 00:03
Gratulatioun zu desser Weulverdengten Wochenfoto !
marker 09.09.2013 - 21:21
Merci fir d'Gléckwënsch gi87.
Paul-H 09.09.2013 - 00:27
Gratuléieren och zur WF. Freet mech besonnesch bei desm Motiv.

Kuck z.B. och déi heiten:
Syre (1)

marker 09.09.2013 - 21:24
Merci fir d'Gléckwënsch Paul-H.
Miau 09.09.2013 - 10:53
Felicitatioun Marc
marker 09.09.2013 - 21:22
Merci fir d'Felicitatioun Miau.
gemu 09.09.2013 - 14:37
Félicitatiounen fir d'Wochenfoto
marker 09.09.2013 - 21:25
Merci fir d'Gléckwënsch gemu.
suraki 09.09.2013 - 16:26
gratuléieren ... flott a verdéngt smile
marker 09.09.2013 - 21:26
Merci fir d'Gléckwënsch Ed.
marker 10.09.2013 - 10:39
E grousse MERCI un all déi, wou mäi Bild zur Foto vun der Woch gewiélt hun.
theom 15.09.2013 - 23:11
Felicitation Marc
marker 16.09.2013 - 15:01
Merci fir d'Felicitatioun Rob, daat freet mech.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 266 Gäscht online