Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hochzäit

 
Hochzäit
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.08.2013
  • Gekuckt:
    29705
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    41
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    2500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    900x1349
  • Späicherplaz:
    549 KB
  • Originaldatum:
    2013:08:20 20:11:44
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Sigma 150mm f/2.8
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=74367]
Kommentar vum Fotograf:
Virum Schlofen.

Drop klicken w.e.g.
BlackLizzard 21.08.2013 - 20:34
Perfekt. Dat gesäit aus wéi eng Spigelung.
Conley 21.08.2013 - 20:42
Freet mech BlackLizzard dass se der gefält. smile Ech hätt mir hei just manner Iso an méi eng kuerz Beliichtung's Zäit gewënscht.
BlackLizzard 21.08.2013 - 20:48
Déi heich ISO-Zuel gesäit en der Foto awer guer net un.

Et ass schon impressionant waat Nikon aus dem 36MPix-Sensor bei deenen ISOen eraus hëllt.

Ech méngen eng D800(E) muss ech mer fir de Kléeschen bestellen.
Conley 21.08.2013 - 21:12
Bis 1600 Iso ass nach an der Rei. Wat driwwer geet, do ginn dann awer vill Detailer verluer. Foto ass och net geschnidden oder gedeit. Dofir hunn ech se nach eenegermoosse hin kritt. Rauschen war och genuch dran. Mat der D800 sinn ech zwar ganz zefridden mäi meng D7000 hätt dat bis Iso 800 genau esou hin kritt. D800E wollt ech net well ech oft gelies hunn dass de den ënnerscheed just am Labor gesäis.
BlackLizzard 21.08.2013 - 21:16
Merci fir d' Infoen. Mat ménger D3 sich ech waat heich ISOen ugeet jo ganz ze fridden, mä wann ech déi Opléisung vun enger D800 gesinn ginn ech dach awer schon neidesch smile
Conley 21.08.2013 - 21:42
Ech sinn Technesch jo nach net esou wäit. An kann mir virstellen dass een och nach méi aus dem Fotoapparat kann erauszéien. An och nach eng besser Bea kéint hin kréien. Sinn awer der Meenung
dass dat wichtegt's de Fotograf ass an net den Apparat. An do muss ech nach vill leieren!
BlackLizzard 21.08.2013 - 21:46
Et léiert enn nie aus.

Ech sin keen Fan vun Photoshop a Co. ech hun am léiwsten d' Fotoen sou wéi se aus dem Apparat kommen. Virun allem ouni HDR, mä dat ass Affaire de Gout.
gtaddei1 21.08.2013 - 21:48
Des ass esou douce ewei en Hochzeitdaag... um Enn vun der Feier wann jidderen sech op de Wee gemeet huet for Hém.
An de Schléck ass de Glanz
Conley 21.08.2013 - 22:12
De Schleck ass mir awer eréischt um Ecran opgefall. An 20 Joer no enger Hochzäit ass op allefall vill méi Kontrast dran. closed_eye Merci fir den schéinen Komentar gtaddei1 smile
gtaddei1 21.08.2013 - 22:16
Jo an haarden ... mé daat ass d'Liewen... ach di fraleit
Conley 21.08.2013 - 22:20
Dat stemmt awer si soen dat selwecht iwwert eis bigsmile Männer unhappy
gtaddei1 23.08.2013 - 18:49
Dann loossen mir hinnen daat soen waat sie wellen , an mir waat mir wëllen... An wien am beschten wellt wennt smile smile
Conley 23.08.2013 - 21:39
An mir harmonéieren dann och ganz gutt mat hinnen. Well mir se jo wannen loossen fir eis Rou ze hunn. closed_eye
gtaddei1 24.08.2013 - 00:41
Genau... an wien daat net an sengem Liewen leiert , ma dén haat dann Pech
rullj 21.08.2013 - 23:07
Super Foto
Conley 21.08.2013 - 23:34
Villmools Merci rullj smile
mischii 21.08.2013 - 23:16
an de Schleek als Invitée ass den i-Tëtonguepelchen,
en Erliefnnes, sou e Moment z'erwëschen
excellent Naturphotographie
Conley 22.08.2013 - 00:05
Villmools Merci mischii! smile Ech Dëlpes hätt se bei enger besser Luucht kennen Fotograféieren sinn awer laanscht gelaf well ech mol eppes neies wollt fannen. An sinn zeréck gaangen fir nach dat bescht draus ze maachen!
mischii 22.08.2013 - 00:15
nujee, sou geet et ëmmer wann een um Tour ass, mir sinn och meeschtens wibbleg an da verpasst een daat Bescht, an duerno kéint een sech mam Fouss enzwousch hirennen!!!!
bon, mir geet et mol esou, ech mengen di Gedold muss ee léieren
Jeanny 22.08.2013 - 07:13
an eng herrlech Hochzaitsfoto gemeet, jo, et freet en sech emmer wann en se sou erwescht.
Conley 22.08.2013 - 19:33
Richteg Jeanny! An ouni Hochzäiten sinn jo och nächst Joer keng méi do closed_eye Merci gesot smile
obskur 22.08.2013 - 07:41
Super Foto Conley.smile
Conley 22.08.2013 - 19:39
Villmools Merci odskur dat freet mech smile smile
MR 22.08.2013 - 07:45
Richteg flott deen Duosmile
mat enger gutt gelongener Bildkompositioun
an engem wonnerbaren Hannergrond!
Conley 22.08.2013 - 19:44
Villmools Merci Martine dat freet wann et dir esou gutt gefält smile smile
Scyv76 22.08.2013 - 07:54
Super déen Makro. Hei gefällt mir alles un der Foto vum Cadrage bis op d'Schärtft. Wien ass dann lo Männleinan wien Weiblein smile ? Flott och nach den Schléek uewen um Bildrand.
Conley 22.08.2013 - 19:54
Ech mengen deen uewen ass Männchen. Villmools Merci huet mech gefreet ze liesen Scyv76. smile smile
Kuck och mol hei
PN
TC 22.08.2013 - 08:49
Flotten Opbau an den doucen Hannergrond gefalen mer gut.
Conley 22.08.2013 - 20:04
Merci gesot TC. smile
BigVood 22.08.2013 - 21:10
Gesinn, du hues den 150er richteg gutt am Grëff, vill flott Biller sinn dobäi erauskomm.
Sinn déi hei gemeet oder op enger Reess?
Ech fanne ni sou schéin Exemplaren, a wann ech op d'Sich ginn, fannen ech eppes Anescht, wat da méi Opmierksameet bënnt. smile

Conley 22.08.2013 - 21:52
Just des Eintagsfliege
Ass an Éisterräich gemaach ginn. An do muss ech mech och nach dofir schummen. unhappy Op der Terrass vun mengen Appartement. Soss sinn se op der Haart Gienzebierg an een pur an der Blooklaap ronderëmmer Diddeleng gemaach ginn. War läscht Woch och mol op Remerschen an hunn net eng Foto gemaach nix fonnt. Huel just de Makro mat dann kenns de net op aner Ideeën. Wann's de just moies un 6:00 an Owes wann Sonn schonn bal fort ass gees ass et schonn méi schwéier eppes ze fannen well nach näischt oder net méi wibbelt awer wann's de eppes fënns hues de Narenfreiheit closed_eye. Bläulingen setzen awer oft héich am Gras an sinn ganz gutt ze fannen. Merci awer fir de Komentar Laurent
Jacques 23.08.2013 - 09:08
Wonnerbar!
Nach nie esou gesin!
Conley 23.08.2013 - 21:13
Villmools Merci Jacques smile Ech wollt se eigentlech guer net eropgelueden well Qualitéit mat iso2500 an enger 1/40 sek net méi di bescht ass. Freet mech dass se der trotzdem gut gefält. smile
Jacques 24.08.2013 - 10:59
Déi kanns du ouni irgendwelch Bedenken weisen!!!!!
Conley 24.08.2013 - 11:02
Dann sinn ech elo zefridden closed_eye
jorsch 23.08.2013 - 20:53
Ech hat bal gemengt, si wier an der Mëtt gespijelt, sou verblüffend ass d'Symmetrie vun deenen zwee Bläulingen!
An dat Ganz op deem schéine rouegen HG.
Gefält mir ganz gutt!
Conley 23.08.2013 - 21:30
Dat freet mech ze liesen smile den Hannergrond ass ëmmer besser ginn wat ech méi no erun gaangen sinn. Ass jo normal. Awer dat richtegt Verhältnis tëschent der Distanz an der Blend fir dass Déifteschäerft stemmt muss ech nach léieren . Merci gesot jorsch. smile
gemu 25.08.2013 - 10:59
Grandios!
Conley 25.08.2013 - 20:30
Merci gesot gemu, freet mech smile
marker 25.08.2013 - 11:30
..exzellent däi Bild, Conley..!!
Conley 25.08.2013 - 20:33
Villmools Merci marker smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 253 Gäscht online