Villmools Merci,daat freet mech
Am Farwechen ass alles Greeng, an hun probéiert fir se s/w ze machen. Woar net esou einfach, mee ech perséinlech fannen dass Détailler besser erauskommen. An sie ass och der"saison" ugepasst D'Bild besteet aus 5 Ebenen.
Jacques, eng ganz flott Idee,
den Heesprénger am S/W !
Déi as ganz no méngem Goût
an ze meckeren gëtt et näischt,
super flotten Cadrage an Schäerft
op der richteger Platz!
Eng ganz réusséiert Opnaam, firwaat eigentlech net am s/w, daat ass eng eng flott ofwiesslungsräich Manéier fir dat Motiv hei ze presentéieren, an d'Strukturen vun der Graasbréck a vum Heesprenger kommen ganz gud eraus. Ganz flotten Cadrage mat enger diagonaler Linn vun lënks ënnen déi vum Bléck vum Heesprenger suggestiv a Richtung riets uewen verlängert get. I like
Villmools Merci Jorsch
Wéi echt d'Foto bearbescht hun an duerno déi farwech matt der s/w verglach hun, do ass mer opfefall dass effektiv d'Strukturen am s/w besser erauskommen.
Datt war mir elo direkt duerch den Kapp gaangen (Am Farwechen ass bestëmmt alles Greeng) an dofir en s/w.. Gutt Idee... ech hunn och eng ähnlech...konnt mir et awer net richteg virstellen well dann di gro Téin jo och ähnlech sinn. Hues de mat Masken an Ebenen geschafft ? Op allefall eng gelongen Opnahm an Beaarbechtung...Jacques.
En décken Merci Conley
Am farwechen ass d'Foto knallech Grasgreng. Ech wollt awer keen farwechen Makro an der Wanterzeit eroplueden, an dofit hun ech probéiert fir ze s/w ze machen. Wéis du jo och bestemmt wees, eng farwech Foto just an s/w ze konvertéieren daat geséit net gudd aus
Also hun ech probéiert verschiden Filteren anzesetzen. D'Foto besteet aus 5 Ebenen mat verschidenen Filteren, déi ech mool méi oder manner stark agesaat hun, an daat ass dun derbéi erauskomm