Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Down

 
Down
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (29.10.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.10.2012
  • Gekuckt:
    49089
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    6400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    601 KB
  • Originaldatum:
    27.10.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm f/2.8 II
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Events »» Concerten
Extras:
Photopass (3 Songs, No Flash)

Fir anzesetzen: [pg_img=67834]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Photo vum Kirk Windstein dem Guitarist vun "Down" déi ech ee Samsteg am Atelier geknippst hunn. Wéider Biller vum Concert:


Down @Atelier(Luxembourg) 27.10.2012
gemu 29.10.2012 - 12:01
Super Perspectiv a cadrage Schluck, einfach nëmmen genial. Ech gesin du hues och schons deen neien 24-70er, daat schéint e gudden choix ze sin oder?
Schluck 29.10.2012 - 12:04
Ausser dem zousätzlechen Lach am Porte-Monnaie bereien ech ët nët, hunn ën lo baal ee Mount an hunn schon eng yet Biller domat gemach an sinn ganz zefridden. Meng Aal Versioun woar zanter engem Joër futti an ët scheng wéi wann ech ee scharft Exemplar erwëscht hät. Hun Concertën, Lanschaften an Porträiten gemach an alles tiptop.

Aiello 29.10.2012 - 12:04
Hehe ..den geseid jo aus wei en Gartenzwerg cool wirklesch en markant Gesicht
Flott Perspectiv wei dem Gemu schon sot
Schluck 29.10.2012 - 12:20
Jo stëmmt, ass ëmmer cool wann's de Muséker hues déi sou Expressiounen drop hunn.
Maimonides 29.10.2012 - 22:30
Top cadréiert, Schluck.
Schluck 29.10.2012 - 22:32
Merci, hat se um Site am Heischformat an hunn dunn awer geduercht sie géif och gutt am Carré kommen
Schluck 01.11.2012 - 23:27
An punkto Kadrage, hunn ech vun dir héi um Site am mëschten Geléiert, vun dengen Biller an vun den Kommentaren
Gaga 29.10.2012 - 13:58
oc herem Top, mais bei dengen Concertsfotoen schreiwen ech naischt mei !

Hei :

"Saugut, propper, scharf, geil Farwen !"

Kopeir der daat an mach c-p ! bigsmile

Schluck 29.10.2012 - 14:05
Hehe, Ok .. machen dat ... Merci gesoot
Zora 29.10.2012 - 14:27
Exzellent mise en scène, an natierlech super Faarwen!
Schluck 29.10.2012 - 18:23
Merci Zora, freet mech .. d'Foarwen ass ëmmer ee bëssen Fine-Tuning mat de WB
BigVood 29.10.2012 - 18:12
Hei stemmt och rem einfach alles...super Bild, wéi all deng Concertsfotoen.
Bei dem Borscht an der Pose kennt een awer bal färten, fir deem sou no ze kommen.
Tip top.
Beneiden dech fir deng Concertsfotoen (awer net nemme fir déi) smile
Schluck 29.10.2012 - 18:24
Merci gesoot, also ze beneiden sinn ech définitiv nët, sinn awer doduerch och zimmelch viil Ënnerwee .. mais bon bekloen machen ech mechh just ee bëssen ... soulang d'Resultater stëmmen
BigVood 29.10.2012 - 18:26
An déi stemmen!
Scyv76 29.10.2012 - 18:59
Immens Mimik bei déer Foto. Do waars de aawer séier op Zack vir d'Schärft um Gesiicht ze hun an net um Fanger smile
Schluck 29.10.2012 - 19:05
Nee, dat mol nët, ech schaffen ëmmer mat Spot (manuell) an den lung Permanent ob den Aen, kuck um Site sinn der nach ee puer. Hat éichter Chance dass ën mer den Fanger baal an d'Objektiv gestach huet
Scyv76 30.10.2012 - 13:28
Daat haat ech mer geduecht dass de géings mam Spot schaffen, daat ass wéinstens prézis, allerdengs muss de jo aawer op Zack sin bei deenen ruckaartegen Bewegungen do...mee du bass jo en aalen Fuuss waat Concertsfotoen ubelaangt smile
Schluck 30.10.2012 - 13:50
Dat ass effektiv eng Saach vun Uebung .. mat der Zäit ginn verschidden Saaachen Routine an du leiers een Bléck dofir ze kreien wou gleich eppes geschitt. Och d'Belichtung ass oft ee Computer den Sequencen huet déi Regelmeisseg erem kommen
Fuuss 30.10.2012 - 00:27
Richteg béis déen do an richteg goud däin Foto. Krass!
Schluck 30.10.2012 - 13:48
Merci Fuuss, ass cool wann's de sou Bandën hues ...
VeloBen 30.10.2012 - 21:17
Sehr geil wéi emmer ! Eigenltelch stéiert mech just daat liicht rauschen opp der Fauscht? Mee bon bei deem ISO wuehl net ze verhennerern.

Verdengs de eigentlech Geld mat denger Konzertsfotografie ?
Schluck 30.10.2012 - 22:43
Merci Ben, nattirlech stéiert mech d'Rauchen och mais bei dem ISO dann awer normal .... Geld verdengen mat Konzertsfotografie ?? Nee, keen Sou an keen Frang
VeloBen 31.10.2012 - 19:25
Ohjeee.. Mee deng Biller sinn oft 100x besser waat esou Professionneller fier Zeitschreften fier Konzertsfotoen maachen. An du hues jo absolut Profimaterial an d'Gruppen sin mol net interesséiert dir d'Biller offzekaafen ? Besser Reklamm get et jo net.
Schluck 23.07.2013 - 23:18
Gäil !! PSA Gold an FIAP Praise fir déi héi um Concours Rock 2013 smile
gogo 23.07.2013 - 23:35
Gratulatioun dann! smile

Gefaellt mer mer och ganz gudd
Schluck 24.07.2013 - 09:56
Villmols Merci Gogo!
Conley 23.07.2013 - 23:54
Ma dann mol Gléckwonsch fir de Präis...an virun alem d' Unerkennung an de Luef!!
Frasigi 05.12.2013 - 23:14
Der kommt ja massiv auf einen zu! Klasse in der Farbversion! Ich würde insbesondere an der Hand vorne noch etwas Rauschen entfernen - Und dann als Poster ab an die Wand oder Lifaseule!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 389 Gäscht online