Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Porte -

 
Porte -
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.08.2012
  • Gekuckt:
    16470
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    593x800
  • Späicherplaz:
    503 KB
  • Originaldatum:
    fin août 2012
  • Fotoapparat:
    Panasonic Lumix LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66256]
Kommentar vum Fotograf:
-clefs.

Wat d'Dier mi aal, wat d'Schësselen,
neierdengs, mi kleng.
orlok 31.08.2012 - 23:19
Di eng
liëwen an engem Schlass,
dat huët eng Diir,
an déi ass aal.

Aanerer
begnügen séch mat enger Diir,
déi huët e Schlass,
an dat ass nei.

Wéi och ëmmer,
ëmmer och
vergiëss
de Schlëssel nët.
Maimonides 31.08.2012 - 23:25
Wat de Schlëssel mi kleng ass,
wat e mi séier verluer geet.
Wat de Schlëssel mi grouss ass,
wat e mi séier Lächer
an d'Täsch
mecht.

Merci, orlok.
closed_eye
orlok 31.08.2012 - 23:29
E grousse Schlëssel:
nie
an d'Tesch domat:
Do kënns de wéi en Hamster.

Eng Schnouer drëm,
en décke Knuëd
an em den Hals.
Do brauchs de keng Kravatt.

smile
Maimonides 31.08.2012 - 23:33
Esou bass de selwer 1 Porte-clef.
Dann awer villäicht léiwer
an der Täsch,
...vum Paltong.
closed_eye
orlok 31.08.2012 - 23:36
An
déi huët oh !
e Lach, wat grouss
genuch

fir deen Zweck
zu deem
et selwer séch
gerappt.

bigsmile
Maimonides 01.09.2012 - 00:12
Am Besten dann een Digicode ?
closed_eye
orlok 01.09.2012 - 00:44
smile
micky-maus 31.08.2012 - 23:20
Ant Geheimniser mei grouss,
ann een manner daduerch gesait,
waat och mei schued.

Eng Super Detailfoto! Wonnerbär.... smile
Maimonides 31.08.2012 - 23:28
Dee visuelle Vuerwëtz, micky-maus,
hëllt of.
Haut gët gelauschtert !
closed_eye

Merci.
mischii 01.09.2012 - 00:33
Aal , raschteg, wonnerbar Strukturen a Faarwen,
an dann dat neit d'Schlass, do mecht een sech Gedanken,
..wou geet dat hinn? ech géif nawell gär duerch d'Schlësssellach kucken, vläicht setzt do dem Melusina seng Schwester bigsmile,
a wee weess wou daat da land!
spannend a flott
Maimonides 01.09.2012 - 14:55
Merci, Michèle,

et gif mich trotzdem
fatzig wonneren
wann dem Melusina
seng Schwëster
op der "Place des Vosges"
am Waasser gif piddelen.
closed_eye
mischii 09.09.2012 - 00:30
mmh, Enn August war ech och op där Plaatz smile !
jo ech hun do och keng Nix gesinn
Jeanny 01.09.2012 - 06:51
Jo, wat waren dat soss ëmmer grouss Badettien, do has de Täsch direkt vollsmile
en herrlecht Motiv a Faarwen, ganz schéin Foto
Maimonides 01.09.2012 - 15:00
Am ischte Schulljahr, Jeanny,
hat ech een Schullmeester
deen säin ganze Schlësselbond
an déi Bänke gehäit hott
di net brav waren.

An dat war Enn de 50er.

Merci.
Jeanny 01.09.2012 - 17:24
ei, ei, ei,sou laangs de et net an de Kapp krus, smile jo däi Zäit kruten se eis roueg an der Schoul, kennt och e Liddche dervunner sangenunhappy
Maimonides 01.09.2012 - 22:07
Zimlich rau
war dat deemols, Jeanny.

An awer huet dat
äis Näischt geschuet,

mengen ech mol.
jorsch 01.09.2012 - 21:18
Porte rénovée, clés en main!

Flott!
Maimonides 01.09.2012 - 22:18
Merci, jorsch.
closed_eye
chrYstal 01.09.2012 - 22:14
Eng ganz flott Detailfoto. Gefällt mer.
Maimonides 01.09.2012 - 22:19
Merci, chrYstal.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 286 Gäscht online