Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

eng nei guitar ...

 
eng nei guitar ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2012
  • Gekuckt:
    12598
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1 EV
  • Gréisst:
    600x800
  • Späicherplaz:
    246 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65809]
Kommentar vum Fotograf:
keng chance haat den gudden mann wei en vum auto ugestouss gouf ... elo brauch en eng nei guitar ... en haellt et awer matt humor :)
orlok 15.08.2012 - 20:25
E schéine Portrait. An irgendwéi tragikomésch, dat Ganzt. Haaptsaach, de Mann hëllt et mat Humor, an ech denke jo, dats Du him eppes ginn huës, nodeems De d'Foto gemat haass. closed_eye
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:31
jojo hun em eppes bei seng nei guitar beigesteiert closed_eye
Metalbambi 15.08.2012 - 22:57
Den Aarmen!
Ass mer en bëssen ze vill riicht drop, mengen eng aner Perspektiv hätt eng vill méi cool Foto kënnen ginn.
Cypress 15.08.2012 - 23:13
Ginn dem Metalbambi Recht.

Vun der Story hiër super.
Awer eng Hallefperspektiv, wou dee gudde Mann do seng futtis Guitar an säi Scheld an d'Kamera hält, hätt méi bruecht.
...Mä daat geet natiirlech nëmmen, wann de Messieu fir déi Foto och mattspillt closed_eye
Miisamm 17.08.2012 - 13:28
Da wier seng Story net mei Glaafhaft, fannen ech mol. Da geif et ausgesinn wei wann irgent een Model dem Typ seng Story geif Nospillen. Sou wi dat hei wierkt se réelle, ass eben just schued dass de m'siö seng Aaen zou huet. Mee e bessen verloscht ass jo emmer smile
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:30
jo naechst keier soen ech en soll sech an pose geheien bigsmile
Metalbambi 17.08.2012 - 02:00
Du muss dech an Pose geheien, Fotografie soll och den Fotograf midd maachen, net nëmmen den Modell! closed_eye
Gaga 16.08.2012 - 12:14
hmmm flotten Street, s/w evtl weinst deem Blueman deen mer dei ganzen Zeit an t'Gesiicht sprengt ? closed_eye
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:30
haat et am s/w probeiert huet emr awer net wierklech gefall, deen bloen keint een effektiv desatureieren ..
Jeanny 16.08.2012 - 19:58
smile upppsss dat geseet aus, dass hien Schold hat, soss heet e bestëmmt eng nei Gittare kaaft krittsmile
awer e ganz flotte Street
ZerberuZ 16.08.2012 - 23:29
hun vergiess op hien schold drun war oder net, en haat mer et zwar gesoot bigsmile
villmols merci joffer closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 619 Gäscht online