Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Plattkofel

 
Plattkofel
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (09.07.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.07.2012
  • Gekuckt:
    52297
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    453 KB
  • Originaldatum:
    23.06.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35mm f/2.8 II
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64871]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Foto aus menger Vakanz an SüdTirol, woar den eischten Dag Owes, ob der enger Säit woar Reen an Weltuntergangsstëmmung, ob der annerer Säit bloen Himmel.

Sinn während dem Iessen schnell ob d'Zëmmer gelaaf d'Knips sichen fir den Moment do mam Reebou festzehaalen.

3 Biller fräi Hand
Abacab 08.07.2012 - 18:04
Do ass jo eng super Stemmung an deem Bild. Et mengt een et wier e Vulkan. An dann nach dee Reebou dobäi, einfach super!
Schluck 08.07.2012 - 18:47
Merci Abacab, freet mech dass se gefällt, dei Stëmmung woar den Glanz
Zora 08.07.2012 - 18:18
Wei kann do eppes zevill sin, super Stemmung, an do fillt Zora sech natirlech doheemsmile
Schluck 08.07.2012 - 18:46
Merci gesoot, dat berouegt mech
suraki 08.07.2012 - 18:21
als Panorama gewisen an e gudden Deel vun der onroueger Wiss, déi de Bléck vun deeër fantastescher Stëmmung zitt, ënnen ewech. Jo et geet en Deel vum Reebou geschnidden, ... dat ass awer komplett egal closed_eye
... a schonns hues de eng Wochefoto smile
Schluck 08.07.2012 - 18:29
Jo, déi Wiss ... huet mech och zum verzweifelen bruecht ... wou géif's de dann s'Schéier unsetzen ... probéieren mol
Schluck 08.07.2012 - 18:46
Hun mol probéiert .. wees awer nach nët sou richteg
suraki 08.07.2012 - 19:14
fir mech schonns vill vill besser smile
... ech selwer hätt nach 2/3 vum Gréngs ewech gelooss, nëmmen en Hauch gréng, steiert am mannsten. Ass natierlech afdg closed_eye
Schluck 08.07.2012 - 19:26
Hat ech och probéiert mais gesäit kommech aus ... kannmech och nët mam Panoformat hei unfrenden ... hun awer mol den schied erausgehol vun der Wiss
suraki 08.07.2012 - 19:39
.... ewéi gesot afdg smile
Schluck 08.07.2012 - 19:42
Yep ... ech kann mech och nach nët richteg décidéieren, lossen dat lo kmol een Dag rouen
gloda 08.07.2012 - 19:49
E ganz staarkt Bild, ech géif d'Wiss an d'Wollek an der Mëtt liicht desaturéieren. Gutt dass de de Fotoapparat dobäi has smile
Schluck 08.07.2012 - 20:55
Merci Gloda, d'Knipps hat ech um Zëmmer leien an ët ass just duer gangen fir se sichen ze goen ... ee puer Seconnen drop woar d'Bild fort
Pixelman 08.07.2012 - 19:54
Wéi eng Explosion, einfach genial Schluck, déi agressiv Faarw vun der Wiss kriss de ewech andems de se freistellt, eng nei eidel Ebene driwwer mess mat Schnittmaske an dann Faarv vun den henneschten Wissen hels, klengt komplizéiert mä esou get et,

eng aaner Method ass d'Wiss nés freistellen an déls entsättegen.
Schluck 08.07.2012 - 20:56
Jo, déi Wiss fir, do kommen ech mat mengen PS Kentnisser un d'Limit ... probéieren emol, awer haut nët méi
jorsch 08.07.2012 - 20:46
De Bierg explodéiert vu Faarwen!
Wat eng Stëmmung! Aussergewéinlech!
Schluck 08.07.2012 - 20:57
Merci jorsch, woar wierklech och eng aussergewéinlech Stëmmung
gemu 08.07.2012 - 21:06
Fantastesch Schluck, du hues jo och nach grouss Talenter als Sprengmeeschter!
Schluck 08.07.2012 - 21:30
Hehe, dat woar ech awer lo nët, den huet schon virdrun een gesprengt closed_eye

Plattkofel
gi87 08.07.2012 - 21:24
Impressionant Bild, an e flott Naturschauspiel heuste hei Festgehaalen ! den Reebou ass hei cerise um gâteau, gief de Franzous soen smile Top HDR !
Schluck 08.07.2012 - 22:21
Merci Gianni, sinn mol gespannt ob deng naechsten Eisvullen
gi87 08.07.2012 - 22:33
Hehe, hun mol eng 300 Biller gemach, sin se am Deurchforsten mol closed_eye Woren haut wieklech Stiermesh Konditiounen, keen Dach vir Meechterwieker ze Scheissen closed_eye
Miau 08.07.2012 - 21:40
Flott Naturbild, gefällt Schluck
Schluck 08.07.2012 - 22:22
Merci gesoot Miau, freet mech
alex 08.07.2012 - 21:58
eng genial Foto, super gemaach Schluck
Schluck 08.07.2012 - 22:23
Merci Alex smile
bigmama19420205 08.07.2012 - 22:00
Ma do ass et flott, bessi mei nördlich an Tirol gi mir nächstens ,

do schëngt schein ze sinclosed_eye

Super Fotosmile
Schluck 08.07.2012 - 22:36
Merci bigmama, wou geet Rees dann hin ? Tirol ass ëmmer schéin
bigmama19420205 08.07.2012 - 22:38
Seefeldclosed_eye
Maimonides 08.07.2012 - 23:09
Do fehlt nach just de Moses, Schluck,
closed_eye
Top-Foto.
Schluck 09.07.2012 - 11:08
Hehe, den Moses fir den Bierg ze splitten ... Merci gesoot!
Jeanny 09.07.2012 - 07:26
wat fir eng dramatesch Stëmmung Schluck, super
Schluck 09.07.2012 - 11:09
Merci Jeanny, jo, sinn frou dass ech déi nach erwëscht haat
Fennec 09.07.2012 - 11:47
Herrlech Opnahm, super Liichtstemmung, dei op Fb hat mir schon gud gefall, des Versioun och. smile
Schluck 09.07.2012 - 11:53
Merci Fennec, Besser oder ?
Fennec 09.07.2012 - 11:54
Jo, dach, dat as eben esou an den Bierger, do sin mol grouss Wisen.
Schluck 09.07.2012 - 11:59
Hun se fir désatureiert ... hun mëttlerweil souvill Versiounen gemach closed_eye wees gläich selwer net méi
Fennec 09.07.2012 - 17:06
Du keins jo eng Serie Versioune hei weisen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 436 Gäscht online