... ech kann ganz éierlech net vill mat dengem Bild ufänken ... bzw. verstinn den Sënn an Zweck an d'Ausso derhannert net ...
vum künstlerechen hier : lëschteg/witzeg/léif, an, ech wousst guer net dass et och schwaarz Nuddelen gin, ... mee dann erem : an wiesou een bloen Himmel mat liichten Wolleken als Hannergronn ?
Sorry DarkRoom. :confused:
Ech hat et net erklärt fiwat: "Reactionen sinn erwenscht!"
Ech wolt fir den Concour en Portrai vun engem Mann aus Nudeln machen, an hunn als Hanergrond e Kartron mat Woleken gehol fir dass ed mei natielech Ausgeseiheit.
Ech hun och main Kommentar zu menget Foto emgeänert.
Ja et get schwarz Nudelen, si ginn mat Tentefeschtent schwarz.
Ech hoffen ech könnt dir meng fro no Reactionen beänweren?
Ech muss soen, bei deem Thema "Food" hun ech emmer ganz aaner Biller virun Aan wei daat wat gréisstendeels beim Concours agereecht gin ass.
Food Photography ass fier mech eppes ganz ästhetesches, e Bild wou Iessen oder Gedrénks esou présentéiert get dass een schon beim hi'kucken Appetit drop kritt.
Deng Nuddelen sin zwar léif présentéiert mee:
réih, an op engem Hannergronn mat Wolleken ... hmmm ... also esou richteg lecker gesinn se net aus :confused:
Vläischt huet däin Bild op aanerer genau esou gewierkt wéi op mech, an vläischt ass daat mat een vun den Grënn fier deng Platzéierung
Merci DarkRoom fir dain Komentar;
Ech hat et vun enger anerer Seit gesinn, an hunn gedurt et wir mol eppes anegscht Eppes mat Food ze machen an net nemmen e Plat photographeieren.
Dat war well net den richtege Wee.