Wonnerbar! Déi huet alles wat eng gutt Laanzäitbeliichtung mat Waasser brauch. Deen Steen, als fixen Eyecatcher den sech aus der Beweegung vum Waasser eraushierwt ass fir mech den Tëpelchen um i an d'Strukturen vun de Stäng sinn immens flott. Hei stemmt fir mech alles.
..ech hun eng Firléiwt fir Détailer, mais hei wolt ech onbedingt dësen Fiels an sengen Proportiounen weisen an dofir dësen Ausschnëtt
d'Bild ass och zu enger Auerzait entstanen wou ech normalerweis keng Landschaftsbiller machen weinst deem langweilen Liicht, mais hei zu der spéider Johreszait war daat alles anerschters.. bon, an den Heliopan huet nat. fir de Rescht gesuergt
Wonnerbar ass e grousse Luew, an de Fav. eng Éier
dofir 2x e grousse MERCI Shantideva
Mir gefält di heite Waasser-Steng-Foto erëm ganz gutt.
Du hues lo eng flott Serie mat dem selwechte Sujet gesammelt. An trotzdem sinn se all anescht, an der Stëmmung, an de Faarwen, am Opbau.
..inspiréiert vum Andreas Weidner ''exzellenten daitschen Fotograf'' vun deem ech Biller aus der spezieller awer s...geféierlecher Schlucht bei Ponte Brolla gesinn haat hun ech am Fréijoer meng Vakanz hei gemach, an war elo am Hierscht nach eng Kéier dohinner fir Fotoen ze machen, a wéi's de jo schons zitéiert hues, just ee Sujet, Steng a Waasser
..faarweg weisen ech na flaicht eng oder die aner Serie an da war ët daat, soss gët et am Endeffekt awer ze monoton
..daat freet mech richteg wann ët dir gefällt Miau, a daat am faarwegen, obwuel's du eng Virléiwt fir SW hues..!!
Ech perséinlech och, mais daat hei wirkt besser an der Faarw..
..ech wolt zwar just de Contraire weisen, an zwar laang beliichten fir d'Dynamik vun der Bewegung vum Waasser ze verstärken, ..ech weess awer wéi's du ët gemengt hues,
..jo, de Fiels an der Mëtt.. , ..méi no riets, da wir deen ugeschniddene Steen ze vill dominant gewiescht, ..méi no lënks, do war mer ze vill Chaos am Bild, ..méi no drun, do war d'Waasser 2 Meter déif, an ech wolt unbedingt dësen 'déiwen' point de vue...; ...an awer, mat de Féiss plus d'Stativ am méi nidregen Waasser, mais waat mecht een net alles fir e Bild..