Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

le jour se lève

 
le jour se lève
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (28.10.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.10.2011
  • Gekuckt:
    26634
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    20 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    442 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2011
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ an eng ''Jackett bei -5Grad''

Fir anzesetzen: [pg_img=59842]
Kommentar vum Fotograf:
..een neien Daag am Val Verzasca éier d'Sonn opgeet.. 'Ticino'

********

...et voilà, op Grond vun Uregungen vun verschidden Memberen hun ech d'Bild e bessi aneschters kadréiert..
Merci fir aer Tips.. mbG Marc
_MiAmI_ 26.10.2011 - 19:21
Favorite kruut ouni Comment ?!
dann krisste alt een vun mir closed_eye

schein Langzeitbeliechtung, daat groot gefällt ma ganz gud, en Tick mei vum Verlaaf vum Waaser geing se nach verdroen smile
marker 26.10.2011 - 20:40
...du mengs secher d'Cam. e bessi méi no riets geschwenkt a mei Waasser mat op d'Bild..??
Hätt ee kéinte machen, mais dann wier ganz lenks de Fiels vill méi kleng oder evtl. guer net méi mat um Bild, an d'Draidimensionalitéit hätt secher och drënner gelidden.. hu leider keng Alternativ fir kënnen ze verglaichen..!!

Merci MiAmI fir dain Comment an Analyse, ët freet mech dat d'Bild dir esou trotzdeem gefällt.. closed_eye
_MiAmI_ 27.10.2011 - 10:39
jo as einfach gesoot: sou an sou, mee um spot selwer as et dann vleit net aneschter drans ... smile
mee wei gesoot, se gefaellt mir sou och ganz gud, an sou verschidden Grotein fannen ech emmer top. smile
marker 28.10.2011 - 10:30
..op Uroden vun aneren Memberen hun ech uewen méi enk kadréiert fir dat d'Bild besser harmoniséiert, an dodurch ass den Undeel vum Waasser am enneschten Deel och automatesch mei grouss gin.. et voilà, zwou Mecken mat engem Schlag.. closed_eye

Merci op ee neits closed_eye
_MiAmI_ 28.10.2011 - 11:27
bigsmile
Jeffrey 26.10.2011 - 19:50
ech hu se nach net kommentéiert, well ech net wees, wéi ech ausdrecke soll, wéi gudd se mer gefällt...
Wierklech enorm!
Bea ass perfekt, an d' Motiv kéint net besser sin...
Genau mein Gout! (:
marker 26.10.2011 - 20:45
Glaich 2x Merci Jeffrey, ganz besonneg fir de Fav. ..daat freet mech richteg... closed_eye
Vill hun ech net misse verschaffen, an dee kaalen Bildtoun kennt well d'Sonn nach net präsent war..
Maimonides 26.10.2011 - 21:34
http://www.youtube.com/watch?v=fbcjSH3Qp0g&feature=related
marker 26.10.2011 - 21:52
..am Fong gehol hues de Recht, den Daag brecht un, a steet net op.. closed_eye ...ech änneren elo mol direkt den Titel

Merci Maimonides fir dain Hinweis an de Link, ..iwregens eent vu mengen Lieblingslidder aus menger fréiher Jugend..!!
Miau 26.10.2011 - 20:13
Flott..e
marker 26.10.2011 - 20:47
Merci dir Miau, freet mech..!! closed_eye
jorsch 26.10.2011 - 21:19
Deng Steng gefale mer nach eng Kéier ganz gutt!
Déi gro-blo Faarwen passe gutt bei dat kaalt Waasser.
Och de Bléck an d'Déift faszinéiert.
marker 26.10.2011 - 21:59
..jo, kaal war et dee Moien

Merci gesoot fir de Comment, daat héiert een gären..!!
VeloBen 26.10.2011 - 21:58
Ganz staark ! Ech wees net waat ech do soll kritiséieren.
marker 26.10.2011 - 22:19
..ech liesen och léiwer e Luew ewéi eng Kritik.. closed_eye

Merci VeloBen, daat freet mech wann d'Bild gefällt..!!
VeloBen 29.10.2011 - 13:35
Ech hun souwuehl Kritik an Luew gaeren. Mee hei get beim beschten Wëllen naischt ze kritiséieren.
marker 29.10.2011 - 14:44
..closed_eye
Jeanny 27.10.2011 - 06:02
däi ass super, e bëssche mystesch an herrlech Faarwen
marker 28.10.2011 - 09:58
Mystesch ass déi richteg Impressioun.. Merci Jeanny closed_eye
Johny 27.10.2011 - 13:11
Ech häTt se vläicht en Tick méi enk geschnidden, mee am ganzen trotzdem ganz schéi Foto!
marker 28.10.2011 - 09:57
Merci Johny, ech wolt déi drai Fielsen wou sech an enger Linn uewen lenks am Bild befannen onbedingt mat op d'Bild, mais bon.. ..freet mech dat d'Bild trotzdeem gefällt..!!
..ech kucken emol waat sech machen léisst
mmphotos 28.10.2011 - 10:11
Jo se sin flott dei drei, mee ech fannen se gin enner, well se sin mier net sou obgefall eis de et soos. Probeier dann mol fleit ennen een Deel oofzeschneiden.

Ech denken mer dass een aus deser schon flotter Foto 2 ganz flotter hätt kennen maachen. Engkeier deen ieweschten Deel fort an ob D waasser Fokusseiert, an engkeier ennen bessen mei fort an den Fokus ob den Fielsen hun.
marker 28.10.2011 - 10:22
Merci dir nach eng Kéier fir d'Propose.

Ech hun d'Bild ersaat an bis op dee méi hellen Fiels ''dee fir mech elementar'' hei am Bild ass nei kadréiert, an ech muss soen dat dir drai Recht haat, alles an allem harmoniséiert besser..
m-otiv 27.10.2011 - 14:10
D'foto ass super... Den ieweschten Deel ass mir zevill onroueg, zevill detailler die oflenken an net matt ennen harmoneieren...
marker 28.10.2011 - 10:02
och hei e grousse Merci, daat freet mech m-otiv... bon, d'Affaire mam Kadrage, do hun ech dem Johny schons geaentwert
mmphotos 27.10.2011 - 15:01
Gefällt mier ganz gudd. Mee wei schon gesoot gouf keint een se fleit uewen bessen schneiden, also am groussen ganzen bessen mei enk schneiden. Well den ieweschten Deel as wirkelch onroueg.
marker 28.10.2011 - 10:06
Merci mmphotos freet mech...
...elo bas du schons deen drëtten wou proposéiert uewen méi enk ze kadréieren, da lossen ech mech gären beléieren a versichen daat emol
gi87 28.10.2011 - 11:31
Fannen Foto immens gud, zumols mat denen kaalen Farwtein am Bild. Gefällt !
marker 28.10.2011 - 18:38
Villmols Merci gi87, an daat glaich 2x
Besonnesch fir de Fav., daat freet mech ganz besonnesch..!!
mischii 28.10.2011 - 12:01
Lo haat ech di hei bal verpasst
Mat deem neie Cadrage ass et et nach besser gin
D'Bild entsprecht sou richteg mengem Goût , an di kaal Blotéin gefaale mer besonnesch gudd
Natiirlech gefaale mer och di vill Detailler an de Strukturen vun de Fielsen
marker 28.10.2011 - 18:56
..elo sin ech och selwer vum neien Ausschnëtt iwwerzeegt..

..Landschaftsfotographie gesait sech flaicht einfach un, mais fir speziel Liichtsituatiounen wou een selewer erlieft huet dem Betruechter optimal ze vermëttelen ass net esou evident, an dofir sin ech frou och dai Goût mat dësem Bild getraff ze hun
Merci villmols mischii
mischii 29.10.2011 - 13:12
daat stëmmt!!!!!!
a verschidden Aspekter kann een och guer net vermettelen, sou zB d'Auerzäit, et ass en aanere Feeling wann e mueres fréi oder owes spéit mudderséilen eleng do setzt ze schnadderen, wéi wann just niewendrun e Bus eng ganz Hord Touristen erausgespaut huet
.Dat bleift einfach subjektiv an eng schéin Erennerung un de Moment
Jean-Jos 30.10.2011 - 08:49
Däi Bild symboliséiert flott 'the flow of life' fannen ech.
Gefällt mer och immens gutt wéinst dene flotten a vill verschiddenen Faarwtonalitéiten vun de Steng; gutt esou kadréiert!
Déi géif ech gären am Groussen op Pabeier gesin.
marker 30.10.2011 - 10:13
'the flow of life', daat as ee gudde Verglach.., ..woubei de 'flow' sech an dësem Fall ganz rapid ofspillt..

2x e grousse Merci Jean-Jos, fir dai flotten Comment, a besonnesch fir de Fav, daat freet mech besonnesch


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 408 Gäscht online