Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

First Birthday

 
First Birthday
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.07.2011
  • Gekuckt:
    28936
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1364x1364
  • Späicherplaz:
    413 KB
  • Originaldatum:
    Mee 2011
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Nikon AF-S 70-200 1:2.8 VR I
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:
Neutralgroen Hannergrond, Lastolite Ezybox 60x60 45 grad vu riets

Fir anzesetzen: [pg_img=57551]
Kommentar vum Fotograf:
Meng kleng Duechter huet leschten Mount säin 1.Gebuertsdag gefeiert. Dofir haat ech en klengen Fotoshooting mat him gemeet fir eng Invitatioun raus ze schécken. Hei ass d'Foto ouni Text.
JADE 19.07.2011 - 16:10
wierklech ganz schéin gin, fannen ech
däin Model an d'Faarwen strahlen richteg Freed aus
ludiol 19.07.2011 - 19:04
Villmols Merci, mäin Meedchen ass och eng ganz gudd gelaunten Mood Net wi de Papp smile
jekyll 19.07.2011 - 16:31
Genial, d'Foarwen an den Sujet...total süss.
ludiol 19.07.2011 - 19:05
Villmols Merci, och fir den Fav
gunman 19.07.2011 - 18:42
Et ass eng schéin Photo, mais technesch gesinn wier se menger Meenung no besser (an se géif och besser wierken) wann den Sujet NET zentrtéiert gewiescht wier.
JADE 19.07.2011 - 18:49
oh wees de ... la technique et les couleurs ... bigsmile

closed_eye
ludiol 19.07.2011 - 19:03
An der Original ass se net zentréiert, me am lénksen Drettel, si ass och am 3/2 Format, um fräien Deel war den Text. Fir hei hun ech mer geduecht eng quadratesch Form wir besser, well den Rescht nemmen Hannergrond ouni reelen Intérêt ass
m-otiv 19.07.2011 - 19:26
ganz flott Oli...an e schéine Bebé
ludiol 19.07.2011 - 19:54
Merci, daat huet et vun der Mamm smile
Maimonides 19.07.2011 - 20:15
Wat huet et da vun dir ?
closed_eye
Schéin Foto, ludiol.
ludiol 19.07.2011 - 23:56
Näischnotzegkeet smile
ludiol 19.07.2011 - 23:56
Merci Vito, haat lo laang näischt méi gemeet, et get mol nees Zäit e bessen aktiv hei ze sin
Jeanny 19.07.2011 - 20:18
wat eng léif Maischen, ganz flott
ludiol 19.07.2011 - 23:58
Merci Jeanny
Zora 19.07.2011 - 20:27
Zockerséiss, schein Faarwen
ludiol 20.07.2011 - 00:01
Jo an deem Alter sin se nach onschelleg, mee et fängt un keng gudd an der Kopp ze hun
Zora 20.07.2011 - 06:48
So mär daat net, hun een Bouf vun 7 Joerclosed_eye
leena 19.07.2011 - 20:55
ganz flott smile de quadratege cadrage passt hei ganz gudd smile
ludiol 20.07.2011 - 00:00
Den Original war fir eng Invitatioun an do stoung Text op der rietser Säit. Deen ass awer irrelevant an dofir hun ech mer geduecht en quadrateschen cadrage wir ganz gudd.

Merci fir däin Kommentar
suraki 19.07.2011 - 21:23
en léift Meedchen a Modell dats de do hues smile
déi Faarwen machen d'Bild richteg frësch a flott.
ludiol 19.07.2011 - 23:59
Et ass zimmlech fotogen, nodeems d'Luucht agestallt war hun ech keng 10 Ausléisungen misse maachen bi sech di richteg haat. An daat ass bei der Miss baal emmer sou. Ech hoffen daat bleiwt sou.
gi87 19.07.2011 - 23:32
Bebe heureux smile dat seet alles smile
ludiol 19.07.2011 - 23:58
smile Merci fir den Fav
Miisamm 20.07.2011 - 18:57
GRATULATION. Wi süss smile
crici 25.07.2011 - 19:42
Wirklech genialen Portrait smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 433 Gäscht online