Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nach eng Brëck

 
Nach eng Brëck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.01.2011
  • Gekuckt:
    30828
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    2 sec
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    124 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    Long Pose
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    190 KB
  • Originaldatum:
    Dez 2010
  • Fotoapparat:
    Canon 1D MK4
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    70-300 L USM IS 4-5.6
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52551]
Kommentar vum Fotograf:
Varanasi ... De Ganges ass vill Dreckeg mä dat haellt d'Insassen net zereck fir owes an an der Nuet doranner fëschen ze goen.
Et gesäit én dei Zuchbréck an der Ferne ...
Et ass ké Niwwel waat esou dreif mëscht mä den Damp vum Ghat wou déi Doudesch verbrannt ginn.

Maimonides 23.01.2011 - 21:15
La discrétion du gris.
Eng Top-Foto, fir mech, Gennaro.
gtaddei1 23.01.2011 - 21:17
Merci Charel , no villen Fuerwen mool just nemmen eng Beliichten groPlak
Zefill Fuerw... weiste sés ass hai an do guer net Diskret... hai an do esouguer détonguelaceiert an de mauvais goût.
suraki 23.01.2011 - 21:19
en beandrockend Bild Gennaro, ech mengen awer dat ech do och net vill Loscht hätt Fësch draus ze iessen
gtaddei1 23.01.2011 - 21:26
Merci, schued dass ech d breck net ganz dropp krut, me et war net den thema.
Ech geif et net maachen Ed. Et keint schiif goen
Maimonides 23.01.2011 - 22:37
Et ass vill besser dass d'Bréck net ganz drop ass, Gennaro.
De klenge Rescht, de fehlt,
gëtt largement
vun de Booter kompenséiert.
Déi stinn elliptesch,
parallel zum Ufer.
gtaddei1 24.01.2011 - 10:06
Merci Charel... sinn frou dass mir der selweschte^r Ménung sinn
suraki 24.01.2011 - 16:44
da si mer lo schon zu dräi déi Brëck net ganz brauchen smile
gtaddei1 24.01.2011 - 16:56
Merci ed. 3 ass besser ewei keen
sylvie 24.01.2011 - 18:47
zu 4 smile super Foto , naischt auszesetzen cool
gtaddei1 24.01.2011 - 22:16
Merci dir och Sylvie... ... 4 ass besser ewei kén also
sylvie 25.01.2011 - 18:43
richteg smile
gtaddei1 27.01.2011 - 13:34
smile
Zora 23.01.2011 - 21:21
Cool, dei Booter gesin aus wei Maquetten, ganz flottsmile
gtaddei1 23.01.2011 - 21:27
Merci zora, d booter haaten netzer, me et war ze deischter fir den detail ze knippsen
Zora 23.01.2011 - 21:52
Wei? Ass dei nuets obgeholl gin???
gtaddei1 23.01.2011 - 22:05
Baal ... 2 sec expo awer mat f9
Zora 23.01.2011 - 22:07
Woauuu, all Respektclosed_eye
Poly 23.01.2011 - 22:35
fannen de minimalistesche Opbau an der Foto gutt, an déi Vulleperspektiv super ...
gtaddei1 24.01.2011 - 10:06
Merci
Ech hunn absolut neischt Kontrasteiert fir och de Minimalismus an der Luucht ze loossen
Poly 24.01.2011 - 17:05
dat ass och gutt esou, immens wei déi Naachen opgereit sinn, passt genee an der form wei de Bord vum Land
gtaddei1 24.01.2011 - 22:16
Merci Poly
Jeanny 24.01.2011 - 07:01
ech mengen däi Leit si mäi ofgehäert wei mir.
ganz flott
gtaddei1 24.01.2011 - 10:07
Ho dei sinn wirklech haart... dei drenken daat Waasser do all Daag
Laurent76 24.01.2011 - 10:40
Irgendwei brengt Foto daat "knaschtegt" Waasser super
eriwwer.

Ass Ghat net eng Traap dei an een Floß feiert? Du schreiws eppes vun Doudeger verbrennen? ODer ech hun daat elo falsch verstaan
gtaddei1 24.01.2011 - 10:45
De Ghat ass effectivement eng Traap an do ginn doudescher verbrannt.
Dei ass op menger Lenker Sait gewiecht
Merci fir den Komment
Nagarjuna 24.01.2011 - 11:10
Gutt dass den Laurent "knaschteg" zwëschen Gänseféisercher gesat huet. Et ass schon mol een Skandal ginn wou een Minister dat fir d'Inder rengt an hellegt Waasser als "knaschtegt" Waasser bezeechent huet. Den Gange ass fir Hinduen d'Symbol fir den Shiva an ass laut der Mythologie aus enger Tréin vum Shiva entstanen. Alles wat do dran schwëmmt ass laut hirem Glawen gerengegt. Op dem Manikarnika Ghat ginn déi doudeg Leit verbrannt (kéint een och als Plage bezeechnen well d'Trap just een Deel dovun ass). Ech denken awer net dass den ganzen Niwwel do alleng just vun deenen zwee bis dräi Scheiterhaufen kennt. Do liewen ëmmerhin iwwert 3,4 Mio. Leit am Distrikt an iwwert 1,1 Mio. Leit alleng an der klenger Staat op enkstem Raum. smile Ech mengen déi maachen d'Loft méi knaschteg wéi den burning Ghat. unhappy
Ech perséinlech kann mech net sou richteg mat dem SW hei ufrënnen. ADG... wéi ëmmer.
gtaddei1 24.01.2011 - 11:45
Jo dass d'Waasser dreckesch kenn én schlecht widerspriechen , an daat ass jo och én Nationalen Problem ginn. Esouguer ganz no bei der Source faengt d'Pollutioun un. Me daat soll én net soen well et eben én Religiösen Symbol ass. Mir sollten daat einfach respekteiren et puis c'est tout.
Jo d'Atmosphaer... Den Damp vun 12 Stonnen Holz verbrennen determineiert , esou wei ech daat do beobacht hunn , schon eng Verdämpung vun der Loft. Dobai kennt nach d'Loft Pollutioun , de fait dass eng Plaine ass , an d'Fichteschkét vun wenger Geigend beim Floss.
daat alles zesummen get d'Atmosphaer. Do hues du wuel recht.
Am Farweschen wier dess Foto Moof well daat dei énzesch Fuerw war dei do ass. Beim Weissausgleich gets se SW.
Et ass net Perfekt , mé daat ass jo net emmer neidesch. Ech fannen fir mech dass dest awer daat zereckspigelt waat ech do gesinn hunn ... an engem Kontext vun der Bildduerstellung mat enger Subjektiver Visioun dei net ze eviteiren ass.
smile
Nagarjuna 24.01.2011 - 11:56
Jo, ech weess och dass eng Foto an déi Richtung guer net einfach ass. confused Et gëtt eng Dageszäit wou et méi oder wéineger gutt klappt. Et hänkt awer bestëmmt och vill vun der Saison of. Ech muss mol an mengen alen Fotoen kucken well ech déi Zäit méi Landschaft gemeet hunn zu Varanasi an déi do Vue hat ech e puer Mol probéiert bis ech eppes akzeptabeles am Faarwegen hin kritt hunn. Ech weess awer elo net méi wéini et am beschten geklappt hat. Ech mengen awer dass et matzen am Dag war.
gtaddei1 24.01.2011 - 12:25
MAtten am Daag ass et bestemmt besser. D'Nuet ... nix do ass net vill eraus ze zeihen ausser villeicht eng alt esou eng SW Foto
Poly 24.01.2011 - 17:10
jo also leescht Joer, hunn si eis erklärt, dat elo verbueden wier d'leichen am Ganges ze verbrennen,
an der zéit war do jo anscheinend och Krokodilen dran, déi Reschter vun de Läichen da "gefriess" hunn
gtaddei1 24.01.2011 - 22:15
Et waaren keng Leischen mei am Waasser an d'Krokodillen... bah keng heieren
Poly 24.01.2011 - 22:20
jo, déi d'zeiten sinn jo elo eriwwer smile
gtaddei1 24.01.2011 - 22:22
Soll ech soen gott sai Dank ... daat gét ais am Fong neischt unn ... mé et ass awer besser esou ... meng Ménung als europaer an gedélt vun verschidden Inder
Poly 24.01.2011 - 22:26
jo richteg, well ech denke mer do brécht och eng nei Ära eran, wei a ville Länner wou dat lues a lues verschwënnt
gtaddei1 24.01.2011 - 22:28
Ech mengen et ass am gangen ... awer do soen ech Leider ... Mir hunn nach e bessi chance d'Pluraliteit vun de Kulturen matt ze kreien ... ech mengen mein klengen waerd daat verpassen
Poly 24.01.2011 - 22:39
jo heescht profitéieren esou laang et nach geet
gtaddei1 24.01.2011 - 22:43
Profiteierne fir ze leieren an fir mei eng grouss Visioun ze hunn ... Ech entdecken nai Welten an daat ass am gangen mech esou ze passoneieren dass ech verstinn firwaat fill Lait komesch résen maachen ginn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 190 Gäscht online