Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

nach richteg ...

 
nach richteg ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.10.2010
  • Gekuckt:
    23063
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/30 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    6.1 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    750x950
  • Späicherplaz:
    417 KB
  • Originaldatum:
    2010:10:17 19:32:38
  • Fotoapparat:
    Canon PowerShot G11
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49882]
Kommentar vum Fotograf:
... Foussaarbecht ass bei dëser Handaarbecht hei geléecht ginn
Maimonides 17.10.2010 - 21:30
Schéine Kommentar, Ed.

Weder Fanger nach Zéiwen
gesäit een hei, an dach
huet dëst esou funktionéiert.
Och ouni Brëll.

Handwierk.
closed_eye
suraki 18.10.2010 - 16:25
merci Charel,
ech hu dachs Owes, meng Mamm gesinn drop schaffen,
an an der Stuff ass dann dat eent oder anert Stéck Holz
am Uewen virun sech hu gegloust ... smile smile
gtaddei1 17.10.2010 - 21:47
....An Fousswierk ... mé alles gesteiert vun Leier an Gedold ...
suraki 18.10.2010 - 16:28
ech hunn immens schéin Erënnerungen un déi Zäit do, kann de Kamäin nach richen, ... an héiere nach d' Gerabbels vun der Maschinne smile
gtaddei1 18.10.2010 - 17:07
Ech och, keen kamein me den uewen. Meng mamm huet mir emmer d boxen gekierztsmile
suraki 18.10.2010 - 17:54
pardon Gennaro, och bei mer en Uewen, ... an meng Boxen sinn ëmmer gefleckt ginnbigsmile
gtaddei1 18.10.2010 - 19:49
Ech hunn meng net dierfen futti machen.
suraki 18.10.2010 - 19:58
hätt ech net dierfen closed_eye
gtaddei1 18.10.2010 - 20:00
smile ann rofl
KeeBlitz 17.10.2010 - 21:50
ganz flott Dokumentatioun, Handaarbecht huet vill vun hirer Bedeitung an eiser Zäit verluer!
suraki 18.10.2010 - 16:29
du sees et, geschwënn kennt keen et méi smile
mischii 17.10.2010 - 23:20
dat do gefällt mer gudd Ed. an erënnert mech u meng Kandheet, op sou eppes huet mai Grousspapp geschafft, ech wollt och ëmmer probéiren, mee meng Beenen waren deemols ze kuerz!
suraki 18.10.2010 - 16:32
fir ze probéieren wär et flott, fir drop ze schaffen sad
Haut ass et méi einfach a bëlleg eppes neies ze kafen,
d'Handwierk geet verluer closed_eye merci Michèle
Jeanny 18.10.2010 - 06:42
ob esou eppes un ech och nach gebitzt, smile
gefält mir wonnerbar Edy
suraki 18.10.2010 - 16:32
oh Jeanny, .. du hues nach drop geschafft ? super smile
Maimonides 18.10.2010 - 20:29
Hei gesäis de, Ed, wat esou eng Foto kann ausléisen. Awer nëmmen wann den Nerv getraff gëtt.
"Den Nerv treffen" ass d'Konscht.
suraki 18.10.2010 - 22:27
ech sin elo selwer e bëssen erstaunt smile smile
Gogo1964 19.10.2010 - 22:03
E richtegt Konschtwierk. An deng Erzielungen dozou strahlen eng angenehm Rou aus. 't deet sou gemittlech gutt.
suraki 20.10.2010 - 16:31
merci Gogo, 2x smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 270 Gäscht online